Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Dylan verpasst de Podium nëmme knapp
dating northern beaches sydney

Den Dylan verpasst de Podium nëmme knapp

Nodeems den Dylan Pereira e Samschdeg zu Mexiko regelrecht „ofgeschoss“

telus internet hookup phone number
dating northern beaches sydney

dating aries man forum

En Donneschdeg huet et an den USA nees e politescht

Glow-Up – Wéi al Behälter zum Liichte bruecht ginn!
dating northern beaches sydney

Glow-Up – Wéi al Behälter zum Liichte bruecht ginn!

Eng weider kreativ Iddi kënnt aus dem Lycée Michel Lucius!

Den FLB op der Sich nom Dialog

De Fräie Lëtzebuerger Bauereverband fuerdert vun der Regierung eng konkret Politik fir sech den Erausfuerderunge vum Klimawandel ze stellen

Den FLB op der Sich nom Dialog

Beim Fräie Lëtzebuerger Bauereverband (FLB) ass ee vun der Koalitiounsregierung enttäuscht. Hei gëtt bedauert, datt et keng kloer Linn am Bezuch op de Klimawandel gëtt. Dofir riicht den FLB en Appell un déi zoustänneg Autoritéiten sech dach mat hinnen un en Dësch ze setze fir zesummen no ëmsetzbare Léisungen ze sichen.

An bei der Pressekonferenz gëschter huet den FLB-President Aloyse Marx dann och den Nol op de Kapp getraff: „Déi Erausfuerderungen deenen sech déi Lëtzebuerger Landwirtschaft ze stellen huet, si wäit dovunner ewech vun der Regierung erfaasst ze ginn, firwat et ubruecht wier endlech Positioun ze bezéien. (…) Mir sinn als Landwirt drop ugewisen, datt d‘Ziler vun enger nohalteger Entwécklung kloer definéiert ginn a befannen eis aktuell an enger Situatioun déi sech doduerch auszeechent, datt et keng Konzepter gëtt, déi eisem Secteur géintiwwer dem Klimanoutstand sollte begleedent Moossnamen ubidden, fir dësem Ëmstand ze begéinen“.

FLB

© FLB

Ganz generell heescht et, datt et tëscht der politescher Kommunikatioun an konkrete Léisungen eng grouss Diskrepanz gëtt. Esou beispillsweis beim Verbuet vum Glyphosat: „Schonn am Fréijoer hate mir der Regierung e Froebou zoukomme gelooss, dee sech op de Verbuet vum Glyphosat bezunn huet. Esou wollte mir beispillsweis vun der Regierung wëssen op si gewëllt ass de Landwirt dozou Alternativen unzebidden. Bis haut waarde mir op eng Äntwert“.

Biologesch soll se sinn

Den FLB huet nieft dem Asaz vu Glyphosat och „Kommunikatiounsschwieregkeeten“ am Beräich vun der biologescher Landwirtschaft. Och hei gëtt ganz däitlech ervirgehuewen datt et e Mangel un Dialog gett. Dobäi ass et d‘Regierung, déi sech zum Zil gesat huet, 20% vun de landwirtschaftlech genotzte Flächen der biologescher Landwirtschaft ze widmen, an dat nach bis 2025. En Decisioun déi sécherlech lueflech ass, woubäi et duerchaus sënnvoll gewiescht wier, sech an dësem Kontext mat deene Betraffenen auszetauschen, an dat sinn nu emol d‘Baueren.

FLB

Fir de Louis Boonen gëtt et ëmmer méi schwiereg Versteesdemech ze hunn. Och zu dësem prezise Sujet hat den FLB dem Landwirtschaftsminister Romain Schneider (LSAP) am Februar e Froebou geschéckt. Firwat et nach ëmmer keng Äntwert gëtt? Do kann een eigentlech nëmme spekuléieren, well eigentlech hat sech d‘Regierung an dësem Kontext jo zolidd eppes virgeholl. Verständlech datt och de Louis Boonen op d‘Reprise vum Dialog drängt. Et wier schliisslech ubruecht datt ee sech mat de concernéierte Leit ausenanersetzt iert ee wäitreechend Entscheedungen hëlt.

E Monitoring fir d‘Emissiounen

Nach ëmmer am Kontext vum Klimanoutstand, setzt sech de Fräie Lëtzebuerger Bauereverband an fir d‘Aféierung vun engem Nohaltegkeetskontrollsystem, dee fir all landwirtschaftlech Betriber ugewannt muss ginn. Nëmmen esou wier et méiglech genau Informatiounen zur aktueller Lag ze erhalen, an unhand dëse spezifeschen Informatiounen, kéint een da Verbesserungsvirschléi an/oder Moossnamen ausschaffen déi dann och tatsächlech Ziilféierend sinn.

FLB

© FLB

Bei der FLB ass een zudeem och iwwerzeegt dovunner, dat d‘Froen am Zesummenhang mam Klimawandel, esouwuel eng Erausfuerderung wéi eng Opportunitéit fir déi lokal Landwirtschaft kann duerstellen. Wann d‘Baueren dank gudder Grondlag selwer hir Marschrichtung am Kontext vun der betriblecher Entwécklung kënne bestëmmen, sollt dat jidderengem entgéint kommen. Dofir wier et dann awer nees gutt wann et eng standardiséiert Bemiessungsmethod géif ginn. De Louis Boonen huet och proposéiert eng Zertifikatioun anzeféieren. Elo brauch et nach just een dee gewëllt ass mam Fräie Lëtzebuerger Bauereverband ze schwätzen…

Illustratioun: Pixabay

Ähnlech Sujeten Biologesch Landwirtschaft, Dialog, FLB, Fräie Lëtzebuerger Bauereverband, Glyphosat, Romain Schneider
Nächsten Artikel Virrechten Artikel