Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi Gréng: Méi Transparenz a staark Kontrolle bei Pestiziden
dating painting canvas

Déi Gréng: Méi Transparenz a staark Kontrolle bei Pestiziden

Déi Gréng informéieren an engem Communiqué iwwert EU-Geneemegungsprozedure fir Pestiziden,

example of a well written dating profile
dating painting canvas

Wat wëllen déi Konservativ?

Um Dënschdeg Owend hat déi kierzlech vum Joe Thein gegrënnte

Weltëmweltdag: Mir musse géint d‘Insektestierwe virgoen!
dating painting canvas

Weltëmweltdag: Mir musse géint d‘Insektestierwe virgoen!

En Dënschdeg war Weltëmweltdag, an d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet dësen

Fleeg a Gesondheet: Lëtzebuerg kann net ouni auslännescht Personal

Fleeg a Gesondheet: Lëtzebuerg kann net ouni auslännescht Personal

Duerch de Bevëlkerungswuesstem muss an den nächste Joren och de Gesondheetssystem ugepasst ginn, sou datt een op déi verschidde Besoine vun de Bierger a Saache Fleeg a Gesondheet adequat reagéiere kann. Dobäi mussen natierlech déi wëssenschaftlech a qualitativ Fortschrëtter mat berécksiichtegt ginn.

Aus dësem Grond huet de Gesondheetsministère am Dezember 2018 eng Etüd lancéiert, fir méi zu de medezineschen a gesondheetleche Bedierfnisser am professionelle Beräich gewuer ze ginn. Ganzer 647 Professioneller an 129 Organismen hunn aktiv deelgeholl.

De Gesondheetsminister Étienne Schneider huet erkläert: „Eise Gesondheetssystem muss sech un déi aktuell Realitéit, de medezinesche Fortschrëtt an déi digital Weiderentwécklung upassen, an dobäi déi wuessend Besoine berécksiichtegen, déi mat der steigender Zuel u Residenten an dem Alter vun der Populatioun verbonne sinn.“ Ee gudde Fonctionnement vum Gesondheetssystem wier zudeem verbonne mat de Kapassitéiten un humane Ressourcen an der professioneller Qualitéit um Aarbechtsmarché, déi ee Land ze bidden huet.

D’Etüd beweist, datt den Zoustand vum Gesondheetssystem zu Lëtzebuerg gutt ass an et nach ni néideg war, déi verschidde Fleegeofferen aus Personalmangel ze reduzéieren. Am Zäitraum 2007 bis 2017 wier d’Zuel u Personal souguer geklommen. Momentan schaffe 17.595 Persounen am Fleegesecteur, dovunner 2.331 Dokteren (CNS, 2017).

Gesondheet

(v.l.n.r.) Marie-Lisa Lair, Auteur vun der Etüd; Étienne Schneider, Vize-Premier a Gesondheetsminister © MSAN

Soulaang een nach op d’Ausland zeréckgräife kann…

Trotzdeem muss een zouginn, datt mir och op Personal aus dem Ausland zeréckgräife mussen, fir de gudde Fonctionnement ze garantéieren. Mat senger eegener Populatioun ass d’Land net autonom genuch wat d’Fleeg an d’Gesondheet ugeet. Mat 62% auslännesche Fleegekräft hänken eng Rei politesch an ekonomesch Decisiounen an dësem Beräich vun eisen Nopeschlänner of.

Och bei den Doktere gesäit et net anescht aus: Momentan schaffen 51% Doktere mat Lëtzebuerger Nationalitéit am Grand-Duché. D’Zuel un auslänneschen Doktere klëmmt vu Joer zu Joer. Déi aktuell Dréchent u Personal beschäftegt d’Acteuren aus dem Gesondheetsberäich schonn zënter Joren. D’Zuel un diploméiertem Personal geet nämlech net mat de Pensiounen iwwereneen. Duerch Schwieregkeete beim Rekrutement geet ee soumat och an d’Ausland no gëeegentem Personal sichen.

Divers aner Facteure beaflossen de Rekrutement: d’Käschte vum Logement, d’Feelen vun enger Uniklinik, d’Absence vu komplette medezinesche Fakultéiten sou wéi engem Integratiounsplang fir jonk Medeziner. Soubal eis Nopeschlänner de Salaire vum Fleegepersonal an d’Luucht setze wäert et zu Lëtzebuerg zu enger schwéierer Kris am Gesondheetssecteur kommen.

Éischt Schlussfolgerungen an Denkustéiss

D’Etüd huet et erméiglecht verschidden Impakter op d’Populatioun kloer ze stellen: Réckgang vun den Doktervisitten doheem, Verweigerung fir nei Patienten opzehuelen, verlängert Zäiten bis zum nächste Rendez-Vous bei engem Spezialist, grouss Schwieregkeete fir Generalisten anzestellen an esou de Suivi vun de Patienten ze garantéieren.

Fir de Minister Schneider mussen dofir konsequent Moossnamen ergraff ginn:

  • Ee strukturéierte System u professionelle Gesondheetsressourcen beim Gesondheetsministère, an enker Kollaboratioun mat den Acteuren um Terrain
  • Definitioun vun enger gemeinsamer Visioun bei der Organisatioun an den nächste 15 Joer
  • De medezinesche Beruff nees méi attraktiv gestalten (jonk Dokteren an der éischter Zäit begleeden, d’Konditiounen am Beruff verbesseren, Investitiounen an déi primär Fleeg)
  • D’Zuel u Medezin-Studente verstäerken
  • D’Formatiounen a Funktioune vum Fleeger iwwerdenken
  • D’Kompetenzberäicher un d’Realitéit um Terrain an un d’Besoinen vum Patient upassen
  • Nei Kapassitéiten am Gesondheetssecteur besser notzen

Et wier ee bereet d’Erausfuerderung unzegoen an een un d’Populatioun ugepasste Gesondheetssystem duerchzesetzen. Heivir muss een enk mat de concernéierten Acteuren zesumme schaffen, fir déi richteg Schlussfolgerungen ze zéien.

Ähnlech Sujeten Ausland, Dokter, Etienne Schneider, Etüd, Fleegekräft, Gesondheetsministère, Gesondheetssystem, Marie-Lise Lair, Soin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel