Search

You may also like

Ugespaante Situatioun zu Ostritz wéinst dem Neonazi Festival „Schëld a Schwäert“
Neiegkeeten

Ugespaante Situatioun zu Ostritz wéinst dem Neonazi Festival „Schëld a Schwäert“

Honnerten Neonazie ginn e Freideg an engem klenge Stiedchen an

200 Joer Karl Marx: Amplaz ze feieren, gëtt sech gestridden
Neiegkeeten

200 Joer Karl Marx: Amplaz ze feieren, gëtt sech gestridden

Däitschland gesäit sech als Land vun de Dichter an Denker,

Nee zum Krich iwwerall op der Welt, Nee zu alle Rüstungsustrengungen!
Neiegkeeten

Nee zum Krich iwwerall op der Welt, Nee zu alle Rüstungsustrengungen!

Kricher ginn et der aktuell vill ze vill, an awer

Ouni d‘Frontalieren hätte mir kee Gesondheetssystem

Dat Lëtzebuerg jeemools eng Kéier kann Autark an der Fleeg oder dem sozioedukative Beräich ginn, dierf ee kloer ausschléissen. Et sollt ee sech also un déi linguistesch Problemer gewinnen…

Ouni d‘Frontalieren hätte mir kee Gesondheetssystem

Nodeems schonn déi lescht am Cercle d‘Chamber ee gréisseren Debat iwwert de Fleegesecteur gefouert hat – et war do ëm d‘Primme fir besonnesch Leeschtunge wärend dem Etat de Kris gaangen – ass der Politik alt nees opgefall, datt eist Land vun de Fleegkräften an der Groussregioun ofhängeg ass. Deem ass schonn zanter den 90er esou a wierklech Léisungen huet keen Opweises.

Fir de Marc Spautz (CSV) gëtt et awer nees héich Zäit, datt een sech dësem Thema unhëlt, well et ka sech kee virstellen, wat et fir d‘Land bedeit hätt, wa bei der Fermeture vun de Grenzen, dëst jo awer systemrelevant Personal net op hir Aarbechtsplaze komm wieren. Laut der Gesondheetsministesch si gutt Zweedrëttel vun den allen Aktiven am Fleegesecteur, Grenzgänger.

Dat heescht am Kloertext, datt mir selwer net genuch Ausbilden, mee och datt de Beruff laang net esou attraktiv ass, wéi ëmmer gären duergestallt gëtt. Et bréngt awer och aner Problemer mat sech, well et ass just de Loun deen de Lëtzebuerger Fleegesecteur fir d‘Leit an der Groussregioun esou interessant mécht. Wann déi et géife ronn kréien anstänneg Léin ze bezuelen, geséich et anescht aus.

Net ze vergiessen, datt Lëtzebuerg a villen Hisiichte vu sengen Nopere profitéiert. D‘Leit gi gutt forméiert an dat ouni datt et eis en Cent kascht, firwat een et och a Kaf huele sollt, datt een op franséisch oder däitsch gefleegt gëtt. D‘Landessprooch ass an dësem Secteur, egal op Spidol oder Fleeg doheem, éischter „Ofwiesend“, wat elo och net déi allerbeschte Viraussetzung ass.

Esou verwonnert et net, datt d‘Intervenanten sech am grousse Ganzen eens waren, datt een hei eppes sollt ënnerhuelen. Nëmmen een Drëttel vun den Infirmièren an Aide-soignante ginn zu Lëtzebuerg ausgebilt, stellt d‘Francine Closener (LSAP) fest. Datt de Gesondheetsministère scho méi laang vun de Sozialiste geréiert gëtt, an ee längst hätt missen eppes ënnerhuelen, sot si net.

Fir de Sven Clement (Piraten) ass et net novollzéibar, datt esou ee räicht Land, sech net d‘Mëttel gëtt e gréissen Akzent op d‘Formatioun am Fleegesecteur ze leeën. Woubäi et net eleng un de „Mëttel“ läit. D‘Formatioune sinn éischter esou „lala“ a virun allem net méi de reelle Besoinen entspriechend ausgewisen. Och ass d‘Carrière u sech net méi den Ufuerderunge gewuess.

Op en Diplom als Bachelor ee méigleche Wee ass? Den Educatiounsminister ass net esou sécher, datt dat de Problem behiewe kann. Et wier wuel eng weider Pist déi et ze verfollege gëllt, mee et sollt een de BTS (Bac Technique) net ënnerschätzen, a vläicht béides matenaner verknäppen. Hien ass och net dergéint, datt een de Leit am Secteur sollt besser Offere fir Sproochecoursen ubidden.

D‘Paulette Lenert hirersäits huet awer der Chamber ze verstoe ginn, datt een ëmmer wäert op d‘Noperen ugewise sinn, an et sënnvoll wier méi a besser mat hinnen zesummenzeschaffen. Et gëtt kee Projet fir e grenziwwerschreidende Lycée, an deen neien zu Lëtzebuerg muss jo och emol gebaut ginn. Am Hiecht soll dann iwwer d‘Revalorisatioun vum de Fleegeberuffer debattéiert ginn.

Illustratioun: © Daniele d‘Andreti / unsplash

Related topics Chamber, Claude Meisch, Educatiounsminister, Fleegesecteur, Formatioun, Gesondheetsministesch, Paulette Lenert
Next post Previous post