Search

You may also like

Wann ee mat Sue kee Geld méi verdénge kann, muss um Personal gespuert ginn
Neiegkeeten

Wann ee mat Sue kee Geld méi verdénge kann, muss um Personal gespuert ginn

De Verband vun de Banken a Banquieren (ABBL) déi um

dislike
Editorial: Wann et ufänkt „onanstänneg“ ze ginn – 222 Millioune fir ee Mënsch
Neiegkeeten

Editorial: Wann et ufänkt „onanstänneg“ ze ginn – 222 Millioune fir ee Mënsch

De Paräisser Fussballclub PSG (Paris St.Germain) bezilt fir den Transfert

Superjhemp Retörns: A Kanada am Kino, bei eis op DVD!
Neiegkeeten

Superjhemp Retörns: A Kanada am Kino, bei eis op DVD!

Samsa Film ass houfreg matzedeelen, datt de Film „Superjhemp Retörns“

Am Fleegeheem zu Beetebuerg gëtt säit 6 Auer gestreikt

Am Fleegeheem zu Beetebuerg gëtt säit 6 Auer gestreikt

Um Dënschdeg huet den OGBL bekannt ginn, datt et zu kenger Eenegung mat de Patrone vun de Fleegeheimer (Sodexo / Parcs du 3ème âge / Zitha Senior) komm ass. Och de Conciliateur hätt sech der Argumentatioun vum Patronat net kënnen uschléissen, an erkannt, datt dës Verhandlunge gescheitert sinn.

No der „Ofstëmmung“, déi bis zu 99% Zoustëmmung fir de Streik erhalen huet, gëtt dann elo fir unzefänken am Fleegeheim zu Beetebuerg (Sodexo) gestreikt. Scho muer Donneschdeg gëtt dann och zu Bartreng (Parc du 3ème âge) d‘Aarbecht néiergeluecht, an den Haiser vu Konsdref, Lëtzebuerg a Péiteng (Zitha Senior) kéint de Streik nach virum Weekend effektiv ginn.

Et ass dat eng (historesch) Première zu Lëtzebuerg, a säitens dem OGBL gëtt betount, datt net aus Topegkeet zu dëser drastescher Mesure gegraff gëtt. D‘Gewerkschaft weist dann och drop hin, datt net dat gesamte Personal vum Streik betraff ass. Et wieren d‘Salariéeën déi nach ënnert de Kollektivvertrag „FHL“ falen, déi hei fir hiert verbréifte Recht missten antrieden.

Net Streiken dierfen – och wa si sech mat hire Kollege solidaresch bekennen – d‘Salariéeën, déi ënnert de Kollektivvertrag „SAS“ falen. D‘Nora Back, Vertriederin vun der Sektioun „Santé“ erkläert dann nach eng Kéier, datt sech den OGBL an d‘Salariéeën, géint eng Vertragsännerung vun deene Leit gewiert haten, déi virun 2010 ënnert dem FHL-Kollektivvertrag agestallt gi sinn.

„Si wëllen sech hirer entleedegen“

Bei de méintelaange Verhandlungen, an no der Interventioun vum Sozialminister, haten d‘Patronen aus dem Secteur, dann och de Statut vun deene ronn 350 Salariéeën déi ënnert den FHL-Kollektivvertrag falen unerkannt. Dat widderwëlleg, an och eréischt nodeems et am Februar 2017 zu Beetebuerg „bal“ zum Streik komm wier.

De Minister Romain Schneider (LSAP) hat agegraff, an d‘Direktioun hat de Statut finalement unerkannt. Si hunn et dann awer net an d‘Praxis ëmgesat. Schlëmmer nach et geet riets vu Menacen an Aschüchterungen, déi esou solle gaange sinn, datt Affekoten d‘Salariéeën op der Aarbecht bedrängt hunn. Domatter war d‘Mooss voll, déi rout Linn endgülteg iwwerschratt ginn.

Et gëtt dann och vum Nora Back däitlech drop higewisen, datt entgéint den Aussoe vun den Direktiounen, d‘Leit déi elo a leschter Instanz fir hiert Recht streike mussen, eng enk Relatioun zu hire Patienten hunn a fleegen. Déi géifen dann och net, wéi behaapt gëtt, als „Geisel“ geholl. D‘Patienten an hir Famillje wieren entspriechend informéiert ginn, a hätte Versteesdemech.

„Et war ni eise Wëllen ze streiken“

Laut der Gewerkschaft waren et dann och d‘Patronen, déi sech de Gespréicher widdersat hunn. Schlëmmer nach, si hätten eng ganz Arméi un Affekoten erbäigezunn, fir eng Conciliatioun ze verhënneren, dat mam Argument, et géif kee „Litige collectif“ bestoen. An, esou d‘Nora Back, wann et dem Wëlle vun den Direktioune géif nogoen, hätt e sech scho vun dëse Leit „getrennt“.

Beim Conciliateur wier et zudeem bosseg hiergaangen. Esou wieren Aussoe wéi „Mir loossen eis net vun e puer Leit déi mat Fändele schwenke beandrocken“, an „Si kënnen sech jo anerwäerts eng Schaff sichen“ gefall. Ass deem esou, muss een unerkennen, datt et wéineg Sënn mécht ze diskutéieren, an déi benannte Patronatsvertrieder dëse Streik provozéiert hunn.

Dobäi ass et dann och wichteg drop hinzeweisen, datt d‘Salairen, déi hei bezuelt ginn, vum Staat am Kader vun der Konventionéierung mat den Haiser gedroe ginn. D‘Fleegeheimer, och wann se „privatiséiert“ goufen, finanzéiere sech mat ëffentlechem Geld, also de Sue vun de Steierzueler. Et si keng „Produktiounsbetriber“ déi e Profit erwirtschafte mussen a sollen.

Keng Asiicht

Vum Nora Back ass dann och nach drop higewise ginn, datt déi betraffen Direktiounen uginn, datt d‘Salariéeë mat engem FHL-Kollektivvertrag „ze deier“ wieren. Bei insgesamt ronn 350 Leit déi do a Fro kommen, an engem Secteur wou gutt 20.000 Leit beschäftegt sinn, dierf een esou eng Ausso schonn emol a Fro stellen, zemools wou et zolidd un Transparenz bei den Ausgabe feelt.

Richteg wier et villméi, datt déi duerch eng net novollzéibar Gestioun erziilten Defiziter op Käschte vum Personal solle reduzéiert ginn. Dorausser léisst sech schlussfolgeren, datt et net d‘Personal ass, datt d‘Patienten als Geisel hëlt, mee et d‘Direktioune sinn, déi mat falschen Tatsaachen a béiswëllegen Aussoen, den Patienten e Recht op eng qualitativ héichwäerteg Betreiung verwieren.

Wéi dat ganzt sech elo entwéckelt muss een ofwaarden. D‘Betreiung an den Haiser ass awer séchergestallt, dat net zu gudder Lescht, well déi Salariéeën déi ënnert den SAS-Kollektivvertrag falen, net streiken dierfen. D‘Patrone sinn dann och der Meenung dat si um längeren Hiewel setzen, woubäi si hei, duerch e klore Vertragsbroch, méi Schued uriichte wéi Guddes maachen.

Foto: D‘Nora Back (2. Persoun vu riets) stellt kloer, datt net aus Dommheet gestreikt gëtt, an et och keng „nei“ Fuerderunge gëtt. Hei geet et eenzeg an eleng dorëms, datt de Kollektivvertrag dee vum Secteur ugeholl ginn ass, respektéiert an ëmgesat muss ginn. Vu Menacen an Aschüchterunge war riets. Elo gëtt op onbestëmmten Zäit gestreikt, an et schéngt wéi wann och d‘Patienten, dofir vill Versteesdemech géifen opbréngen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics FHL-Kollektivvertrag, OGBL, SAS-Kollektivvertrag, Streik
Next post Previous post