Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Berlin a Paräis no drun um Accord fir d‘Reform vun der Eurozon
Neiegkeeten

Berlin a Paräis no drun um Accord fir d‘Reform vun der Eurozon

No méintelaangen Ausenanersetzungen, si Berlin a Paräis mëttlerweil ganz no

Turbulent Manifestatiounen zu Paräis
Neiegkeeten

Turbulent Manifestatiounen zu Paräis

Bei der Demonstratioun fir de Klima, där sech gewaltbereet Anarchisten

déi jonk gréng: Energiewend a Bekämpfung vun Aarmut
Neiegkeeten

déi jonk gréng: Energiewend a Bekämpfung vun Aarmut

Vergaangene Freideg hunn déi jonk gréng hir jäerlech Generalversammlung gehalen

Fleegeversécherung: Den ADR wéist gäre wéi eescht et dem Minister ass?

Fleegeversécherung: Den ADR wéist gäre wéi eescht et dem Minister ass?

Bei der Fleegeversécherung läit nach ëmmer d‘Krom an der Heck, an esouwuel d‘Oppositiounsparteie wéi d‘Gewerkschaften dinn sech schwéier mat der Entwécklung an dësem Dossier. Dobäi hat de Minister am Februar ageraumt, datt et Verbesserunge bei verschidde Punkte misst ginn, hien sech awer op „Erkenntnisser“ wëll stëtzen.

Elo si gutt dräi vergaangen, an d‘Onzefriddenheet bei de Betraffen am Bezuch op d‘Fleegeversécherungsgesetz ass weiderhi grouss. An dësem Kontext hat dann och den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser den 20. Februar eng Gesetzpropositioun an der Chamber agereecht, mat där de begleeten Ausgank nees onageschränkt soll erméiglecht, an och a kloren juristeschen Terme misst festgehale ginn.

Den 28. Mee, esou den ADR, huet de Minister Romain Schneider an der zoustänneger Chamberkommissioun annoncéiert, datt hien iwwert eng „Ännerung nogeduecht hätt. Eng Ausso déi u sech ze begréisse wier, wann dann och elo endlech „Neel mat Käpp“ géife gemaach ginn. Fir den ADR läit en am Interessi vun de Betraffenen, déi scho vill ze laang waarden, elo net a parteipolitesche Kompartimenter ze denken.

Ëmmerhin hätt de Minister fir Sozialversécherung mat der virgeluechte Gesetzpropositioun e stéchhaltegen a kompletten Text an der Hand, deen hien elo séier an onkomplizéiert op den Instanzewee kéint bréngen. Op de Romain Schneider am Interessi vun de Betraffenen dësen Text dann elo och berécksiichtegt, ass awer net wierklech ze erwaarden.

An do stellt sech beim ADR dann och d‘Fro, wéi eescht et dem Minister mat enger den Interesse vun de Betraffene gerechter Léisung an dësem däregen Dossier ass? Et stellt hei och keen a Fro, datt et e schwieregen Dossier ass, mee hei misst zwéngend – an zwar nach virun der Summervakanz – gehandelt ginn, zemools wou een de Problem richteg erkannt hätt.

Ähnlech Sujeten adr, Fleegeversécherung, Gewerkschaften, Romain Schneider, Sozialminister
Nächsten Artikel Virrechten Artikel