Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chamberwahlen: d‘CGFP huet de Parteien op den Zant gefillt
san antonio free dating sites

Chamberwahlen: d‘CGFP huet de Parteien op den Zant gefillt

Nom OGBL, deen um Dënschdeg seng Analys vun de Wahlprogrammer

dating a free spirit reddit
san antonio free dating sites

hook up outdoor wood boiler

Se sinn iwwert eng Milliard an der Welt déi et

money
Déi nei Seidestrooss fänkt zu Beetebuerg un
san antonio free dating sites

Déi nei Seidestrooss fänkt zu Beetebuerg un

Et ass eng Première an d‘Freed huet een dem Direkter

D‘Dignitéit an d‘Autonomie schwiewen mat dëser Reform vun der Fleegeversécherung a Gefor, esou d’adr

D‘Dignitéit an d‘Autonomie schwiewen mat dëser Reform vun der Fleegeversécherung a Gefor, esou d’adr

Fir d’adr steet fest: De Minister Romain Schneider hätt d’Leit mat der Reform vum der Fleegeversécherung hannert d‘Liicht gefouert. Déi ass zanter dem 1. Januar a Kraaft an den zoustännege Minister hat Enn Januar verséchert, datt alles zum allerbeschte géif stoen.

Den duerch dës Reform ausgeléiste Chaos a Méikäschten géing net nëmmen d‘Gewerkschaften op d’Palm bréngen. Och d‘Oppositioun gräift an. Hei réagéiert d‘adr an hunn de Méinden eng Gesetzespropositioun an der Chamber deponéiert.

Dat neit Fleegeversécherungsgesetz géing eng Rei „Aspuerunge“ mat sech bréngen, déi de Betraffenen hir Liewensqualitéit a Fro stellt. Wat dann awer dem Politik-Duo Kartheiser-Gibéryen den Hutt héich goen deet, datt ass d‘Ofschafung vun de „Courses-sorties“.

Wat sech op den éischte Bléck niewesächlech kann unhéieren, ass awer eng vun de Wichtegsten. Besonnesch fir d‘Erhale vun engem sozialen Ëmfeld Komponenten an der Fleeg. Hei geet et ëm net manner wéi d‘Begleedung vu Persounen, sief et fir Kommissiounen oder administrativ Demarchen ze ënnerhuelen.

Géint déi sozial Ausgrenzung

„Fir vill vun de Betraffene war nämlech d‘Akafen a frëndlecher Begleedung e Liichtbléck vun hirer Woch. Et ass an den Ae vun der adr eng Fro vun der Dignitéit, datt Persounen, déi op d‘Fleegeversécherung ugewise sinn, méiglechst laang um gesellschaftleche Liewen deelhuele kënnen, an soumat eng gréisstméiglech Autonomie behalen“, esou d‘adr.

Grad well e sozialistesche Minister ass, wier et bosseg. Mat senger Reform hätt en eng Mesure agefouert, déi fir déi Betraffe Persoune ganz kloer déi sozial Isolatioun bedeite géif. Méi brauch et dann och net fir d‘Oppositioun op d‘Barrikaden ze dreiwen.

Fir d‘adr „ass et inakzeptabel, datt d‘Aspuerunge grad zum Nodeel vun de méi Schwaachen an eiser Gesellschaft virgeholl ginn“. A well engem jo net ëmmer direkt de Kolli muss platzen, geet een et eppes méi pragmatesch un. Dowéinst gouf een eng Gesetzespropositioun deponéiert, mat där déi Onsécherheeten aus der rezenter Gesetzesännerung eliminéiert ginn.

Fir de Fernand Kartheiser geet et och ëm d‘Rechtssécherheet. Dem Minister Romain Schneider seng Erklärungsversich wieren esou gutt wéi seng Reform. Mat aner Wieder: Et ass heiansdo besser, e Feeler anzegesinn, wéi wëlle gleewen ze doen, datt een alles am Grëff huet.

Ähnlech Sujeten Fernand Kartheiser, Fleegeversécherung, Gast Gibéryen, Gesondheet, Romain Schneider
Nächsten Artikel Virrechten Artikel