Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Knock it out: Hei ginn et der an d‘Schnëss, awer fir de gudden Zweck
dating in poland

Knock it out: Hei ginn et der an d‘Schnëss, awer fir de gudden Zweck

Wann sech der zwee zerklappen da freet sech den Drëtten…

dating among employees
dating in poland

Looss dech vun dëser Youtuberin zoutexten

An de Bicherbuttek ze goe, kann ee richteg erschloen. Honnerte

money
Ginn zu Lëtzebuerg déi kleng a mëttelgrouss Betriber vergiess?
dating in poland

Ginn zu Lëtzebuerg déi kleng a mëttelgrouss Betriber vergiess?

Nieft den Oppositiounsparteien huet och d‘Handwierkerkummer wéinst dem Wuesstem esou

Chaos an Onkloerheet herrsche bei der Fleegeversécherung, esou d’Oppositioun

déi lénk an d'Pirate melle sech zu Wuert

Chaos an Onkloerheet herrsche bei der Fleegeversécherung, esou d’Oppositioun

D’Reform vun der Fleegeversécherung beschäftegt d’Politik weider. Nodeem d’adr an d’CSV sech schonn zu Wuert gemellt hunn, sinn elo di mi kleng drun. An dësem Fall sinn et déi lénk an d’Piraten, déi hier Iddien an d’Spill bréngen.

Vir déi lénk ass kloer, datt d’courses-sorties mussen Deel vun der Versécherung sinn

Vun déi lénk gëtt d’Spuerlogik als alleréischt kritiséiert. Déi géing nämlech dat ganzt Konzept prägen an et géif een bedenklech Entwécklunge feststellen. D’Aschränkung vun de courses-sorties géing sech dobäi op eng “finanziell motivéiert Reduzéierung vun den individuellen Betreiungsstonnen zugonschte vu Gruppenaktivitéiten” zeréck féiere loossen. Dës Feelentwécklung ass laut déi lénk un dräi konkrete Punkte fest ze maachen.

  • Et géing den Déngschtleeschter un genuch qualifiéiertem Personal feelen.
  • Am Gesetz wier net definéiert, ënnert wéi enge Konditiounen individuell Fleeg offréiert kéinte ginn, a wien dës Entscheedungen treffen dierft.
  • Ausserdeem géing d’Duercherneen duerch eng desastréis Kommunikatiounspolitik säitens der CNS verstäerkt ginn.

Fir déi lénk ass eppes kloer: d’Akeef fir den Alldag mussen ënnert Begleedung Deel vun der Fleegeversécherung sinn. Esou gëtt am Communiqué gefuerdert, d’Reegelung fir d’individuell Betreiung ze änneren.

D’Pirate wëlle Kloerheet a fuerdere méi Solidaritéit mat de Senioren

Fir d’Piratepartei ass kloer, datt den aktuelle Mëssstand nëmmen ee Beispill vun engem gréissere Malaise sinn. An hirem Communiqué stellen d’Pirate fest, datt d’Solidaritéit vun den etabléierte Parteie mat de Seniore géing ofhuelen. Si fuerderen, datt net Privatentreprisen, mee de Staat fir d’Wuel vun der Bevëlkerung soll suergen.

De Staat sollt, esou d’Piratepartei, d’Personal wat keng Aarbecht méi huet, well d’Couse-Sortie gestrach sinn, astellen. Dëst, fir d’Course-Sortie selwer kënnen ze leeschten. D’Pirate fuerderen d’Regierung op, bis zum 15. Mäerz fir Kloerheet ze suergen.

Ähnlech Sujeten déi lénk, Fleegeversécherung, Lëtzebuerg, Piratepartei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel