Fashion & Design Akademie – eng Schoul fir all Mënsch mat Moudaffinitéit
De 15. Oktober begréisst déi éischt an eenzeg Fashion &
De 15. Oktober begréisst déi éischt an eenzeg Fashion &
Mat 57 Stëmmen dofir an zwou Enthalungen ass dat neit
Nodeems de Regierungsrot de leschte Freideg de Verbesserungen un der Reforme vun der Fleegeversécherung zougestëmmt huet, sinn dës „Upassungen“ elo och vun de Sozialpartner validéiert ginn. Et sollen dann och 19 Milliounen Euro agesat ginn, fir d‘Feeler ze behiewen.
An et ass och héich Zäit ginn datt sech an dësem Beräich eppes gedoen huet. Ëmmerhi war et de Minister Romain Schneider (LSAP) selwer, deen iwwert déi lescht Méint betount huet, datt et d‘Zil vun dëser Versécherung muss sinn, de betraffenen déi beschte Fleeg zouzegestoen déi méiglech ass. Mee d‘Reform, déi am Januar a Kraaft getrueden ass, huet hir Verspriechen net gehalen.
Et huet am Text emol ze vill „duerchenaner“ ginn, wat zu ënnerschiddlechen Interpretatioune gefouert huet, déi dann nees um „Terrain“ bei de Leit vir Onmutt gesuergt huet. Gutt datt de Minister d‘Wäitsiicht hat, a sech och schonn am Virfeld bereet erkläert hat, datt no enger Evaluatioun vum Text, hie bereet wier déi entspriechend Upassunge virzehuelen.
Op héchstem Niveau huet sech eng Aarbechtsgrupp den Doleancen an dem Text ugeholl. Hir Aarbecht ass da wéi gesot vum Regierungsrot e Freideg validéiert ginn. Um Mëttwoch huet de Minister, zesumme mam President vun der COPAS, Marc Fischbach, an dem Vertrieder vum OGBL, Carlos Pereira, den Inhalt vun der iwwerschaffter Reform virgestallt.
Ee vun den am stäerkste kontestéierte Punkten an der Fleegeversécherung huet sech op déi begleete Sortie bezunn. Hei geet et drëms, datt d‘Beneficiaire vun dëser Mesure, en Usproch hu perséinlech begleet ze ginn, op fir anzekafen, an d‘Apdikt oder bei den Dokter ze goen. Mat der Reform waren dës begleete Sortien net méi kloer am Text enthalen, och wann se laut Minister méiglech waren.
Dee Problem ass aus der Welt. Déi begleete Sortie stinn nees fest am Text verankert, an déi Leit déi e Recht op en Encadrement hunn, dierfen dann elo och nees bei hire Sortie begleet ginn. Dës Sortie ginn dann awer op véier Stonne pro Woch begrenzt. Et gëtt sech och eng gréisser Flexibilitéit vun der Reform erwaart. D‘Fleegeheemer an d‘Foyeren erhoffen sech méi Sécherheet bei der Planung.
Virgesinn ass dann och, datt déi vulnerabelst Persounen (mat schwéierem Handicap oder Demenz) hir Zäit vum Encadrement an der Grupp, vu 40 op 56 Stonnen eropgesat kréien. An dësem Sënn soll och den Zäit-Forfait fir d‘Aktivitéiten déi an engem Fleegeheem vu 4 op 10 Stonnen erhéicht kënne ginn, wann et fir déi ofhängeg Persoun noutwenneg sollt ginn.
Dat ganzt gëtt mat zousätzleche Käschten an héicht vun 19 Milliounen Euro beziffert. Dovunner entfalen 7,6 Milliounen op de Staatshaushalt. De Sozialminister Romain Schneider betount dann awer, datt de finanzielle Fortbestand vun der Fleegeversécherung garantéiert bleift.