Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nordsyrien: Flucht an d‘Ongewëssheet
Neiegkeeten WTF

Nordsyrien: Flucht an d‘Ongewëssheet

Säit Ankara seng offensiv géint d‘Kurden an Nordsyrien ageleet huet,

Net emol bei der Kënnegung geet et equitabel zou
Neiegkeeten WTF

Net emol bei der Kënnegung geet et equitabel zou

Wa sech d‘Aarbechtsamt (ADEM) am Fall vun enger onberechtegter Kënnegung

Februar ass en ausbalancéierte Mount bei Netflix
Neiegkeeten WTF

Februar ass en ausbalancéierte Mount bei Netflix

De Februar réckelt mi no. Dat heescht och, datt mer

surprise

Fleegeversécherung: De Minister ruddert zréck

Fleegeversécherung: De Minister ruddert zréck

Bei enger Entrevue tëscht dem Sozialminister Romain Schneider an dem OGBL-President André Roeltgen um Donneschdeg, hätt ee sech beim leidegen Thema Fleegeversécherung op wiesentlech Punkte kënne verstännegen.

Déi nächst Entrevue gëtt et dann awer schonn zu Ouschteren. Da gëtt sech den Zuelen, déi de Minister am Secteur wëll zesummegedroen hunn, ugeholl an e neie Punkt gemaach. Fir den OGBL sécherlech e gudde Schratt an déi richteg Richtung, woubäi de Problem politesch net dierft geléist sinn.

An eigentlech hat den OGBL de Minister jo schonn am Virfeld vun der Reform oft genuch, mat Avisen an Interventiounen, op d‘Problemer opmierksam gemaach. Esou d‘Meenung net nëmme vum OGBL, mee och den Oppositiounsparteien, CSV, adr, Piraten an déi lénk.

E Feeler einfach esou zouginn, dat geet an der Politik nëmme bedéngt. A beim Romain Schneider huet een et mat engem zéie Kandidat ze dinn. Esou huet hien dem OGBL zougesot, datt déi zoustänneg Autoritéiten, elo emol d‘Zuele wéi sech presentéieren, wäerte sammelen a virleeën.

Wann et sech dann unhand dësen Erkenntnesser sollt erginn, datt ee Verbesserunge muss virhuelen, op um Niveau vun der Reglementatioun oder op Säite vun der Finanz, dann, awer och nëmmen dann, wëll de Minister un der Reform déi néideg Verännerunge virhuelen.

D‘Aarbecht ass sécher…

E weidere Punkt, deen de Gewerkschaften, vill Kappzerbrieches bereet, ass d‘Sécherheet, och muer nach eng Aarbecht ze hunn. Jiddereen, ausser de Minister an d‘Vertrieder vum Patronat, verlaangen e Verbuet, Leit aus wirtschaftlechem Grond ze entloossen.

Hei ass dann allerdéngs wichteg drop hinzeweisen, datt duerch d‘Reform, méi qualifizéiert Personal benéidegt gëtt. Wouhinner dann awer mat den onqualifizéierten, an wéi ass et mat der Erfarung déi d‘Mataarbechter iwwer Jore gesammelt hunn?

Ma de Minister schéngt iwwerzeegt, datt een d‘Leit anzwousch anescht ënner Dach ka bréngen, a et kéint ee jo och eng Formatioun maachen. Hie géif emol fir eng Transitiounsphas vun dräi Joer déi bestoend Aarbechtsplaze garantéieren. Bis dohinner misst d‘Situatioun sech stabiliséiert hunn.

Kléngt gutt, mee de Patronatssyndikat „Copas“, mécht net den Androck, de Minister op dësem Wee wëllen ze begleeden. Deene geet et ëm de maximale Profit, woumatter se Drock op de Romain Schneider maachen, deen dann och behaapt déi Budgetär Moyenen ze hunn.

Déi vollstänneg Liberaliséierung vum soziale Secteur, géif entgéint dem generellen Interessi stoen. Esou zumindest d‘Meenung vum André Roeltgen. Mee wann d‘Politik dem „Patronat“ net verdäitlecht, datt si vu Steiergelder geniert ginn, wäert och weiderhin an der Keess rabbelen.

Ähnlech Sujeten André Roeltgen, Copas, Fleegeversécherung, OGBL, Romain Schneider
Nächsten Artikel Virrechten Artikel