Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Wahlcampagne näipt sech dem Enn zou
International Neiegkeeten Stories

D‘Wahlcampagne näipt sech dem Enn zou

Op de leschte „Meter“ virun de Chamberwahlen, mécht d‘Jugendsektioun vun

D-Day Zeremonie an der Normandie
International Neiegkeeten Stories

D-Day Zeremonie an der Normandie

De franséische President Emmanuel Macron, huet gëschter bei der grousser

Den OGBL an den Aarbechtsminister hu sech a Saache „Reklassement“ verstännegt
International Neiegkeeten Stories

Den OGBL an den Aarbechtsminister hu sech a Saache „Reklassement“ verstännegt

Um Mëttwoch hat et eng Entrevue tëscht enger Delegatioun vum

Fléiend Belugaen – D’Cargolux transportéiert elo Walen

Fléiend Belugaen – D’Cargolux transportéiert elo Walen

Déi féierend Airline Cargolux deelt mat, datt si zesumme mat Sea Life an „Whale an d’ Dolphin Conservation“ (WDC) hëllefe wäerten, zwee Wale vu China an Island ze transportéieren. Am Fréijoer 2019 start fir de „kleng Groen“an de „klenge Wäissen“ d’Rees vu 6.000 Meilen.

Cargolux ass bekannt dofir, wäertvoll Gidder mat grousser Suergfalt vun A no B ze bréngen. Aus dësem Grond goufen si ausgewielt, fir mat enger spezieller Boeing 747 déi zwee sensibel Déieren, déi jo och eng gewësse Gréisst hunn, an dobäi och nach am Waasser musse sinn, an Island ze bréngen.

Ziel ass et, déi zwee Wale vum „Changfeng Ocean World“ zu Shanghai iwwer Land, Loft a Waasser bis an dat grousst Schutzgebitt zu Heimaey, un der Südküst vun Island, ze bréngen, an dat, ouni datt déi zwee Mieresbewunner zu Schued kommen. Dës komplex Rees dréit zum Opbau vum globalen a soziale Mieresprojet bäi. D’Bucht, wou déi zwee Walen hikommen, mësst bal 3.000 Quadratmeter an ass een immense Liewensraum fir wëll Déieren.

Den Andy Bool, Chef vu Sea Life Trust seet. „ Et ass ee komplexen, mee inspiréierende Projet wou mir dru schaffen a mir sinn extrem dankbar fir d’Generositéit vu Cargolux, datt si eisen offizielle Partner beim Transport ginn an hëllefen de klenge Wäissen an de klenge Groen an hiert neit, méi natierlecht Doheem ze bréngen. Cargolux huet Joren un Erfarung bei logistesche Projeten an hir Equippe wäert, zesumme mat eisem Team fir d’Wuelergoe vun den Déieren, bestoen aus Veterinären a Mieresexperten dofir suergen, datt de klenge Groen an de klenge Wäissen eng gutt Rees wäerten hunn.“

© Cargolux

© Cargolux

Donieft preziséiert hien, datt d’Déiere säit Méint op dësen Transport virbereet ginn. Ëmmer erëm ënnersträichen si, datt si alles fir d’Wuelergoe vun de Wale maache wäerten a si op alle Fall sécher un d’Destinatioun brénge wäerten.

De Richard Forson, President vu Cargolux, weist sech immens stolz, datt Cargolux fir dëse Projet ausgewielt ginn ass. Et ass een innovative Projet wourunner si deelhuelen dierfen, wat jo och mat immensem Vertraue verbonnen ass. Och hien observéiert d’Preparatioune fir den Transport ganz genau.

Generell soll heimadder op d’Wichtegkeet vun esou Schutzgebidder, den Erhalt vun eiser Ëmwelt an der Natur, sou wéi och den leider oft illegalen Transport vun Déieren opmierksam gemaach ginn.

Wéi gesäit d’Rees aus?

Dëse komplexe Challenge muss am Virfeld ganz am Detail ausgeschafft sinn. D’Rees wäert ongeféier 24 Stonnen daueren. Mat enger spezieller Dro ginn d’Walen eenzel opgehuewen, fir dann an extra Transportboxen gesat ze ginn. Fir op d’Strooss ze komme ginn d’Déiere mat enger Kran nees an d’Luucht gehuewen an duerno an zwee Camione placéiert, natierlech alles ënnert Beobachtung vun Experten.

Nom Fluch vu Shanghai op Keflavik wäerten déi zwee Wale mam Camion zwou Stonne bis un den Hafe fueren an da per Fär bis bei de Fluchhafen Heimaey bruecht ginn, wat ongeféier 30 Minutten dauere wäert. Soubal d’Fär undockt, gi fueren déi zwee Camionen déi kuerz Distanz bis op Vestmannaeyjar, wou sech dat neit Doheem vun de Belugae befënnt.

Och Sea Shepherd Lëtzebuerg, déi sech extrem fir de Schutz an d’Wuelergoe vun alle Mieresbewunner asetzen, halen dat Ganzt am Aen. Op Facebook deele si mat, datt si sech freeën, datt déi zwee Walen an d’Schutzgebitt komme wäerten. Si hoffen, datt och aner, sougenannt Delfinarien dëse Schrëtt an Zukunft goe wäerten.

Ähnlech Sujeten Cargolux, Déiereschutz, Island, Sea Shepherd Lëtzebuerg asbl
Nächsten Artikel Virrechten Artikel