Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

BD-Festival Contern: „E schéine Jubiläum!“
Neiegkeeten

BD-Festival Contern: „E schéine Jubiläum!“

Längst eng Traditioun an net méi aus dem Kulturkalenner ze

effects of dating websites
https://moien.lu/best-dating-blogs-2017/
Neiegkeeten

Tierkei: Putschiste viru Geriicht

Haut gëtt zu Ankara de gréisste Geriichtsprozess géint presuméiert Putschisten

money
OGB-L: Wat een net fuerdert kann ee net kréien
Neiegkeeten

OGB-L: Wat een net fuerdert kann ee net kréien

No enger Analys vum Staatsbudget 2018 fuerdert den OGB-L vun

Flex Carsharing: Dräi nei Statiounen zu Dikrech

D’Gemeng Dikrech huet elo véier Flex-Autoen op insgesamt dräi Statiounen

Flex Carsharing: Dräi nei Statiounen zu Dikrech

E Mëttwoch, den 12. Juni sinn zu Dikrech dräi nei Carsharing-Statioune vu Flex ageweit ginn. Den Dikrecher Buergermeeschter Claude Haagen souwéi de Generaldirekter vun CFL Mobility, de Jürgen Berg, hunn an engems véier Flex-Autoen ageweit.

Zanter der Grënnung vun CFL Mobility an der Aféierung vu Flex huet sech sou munches an der Mobilitéits-Landschaft gedoen, ma nach stécht ee beim Carsharing an de Kannerschong. Déi steigend Nofro géif awer drop hiweisen, datt d’Zäit fir eng flexibel Mobilitéitsalternativ komm wier an deemno géif een d’Entwécklung weider undreiwen.

Mëttlerweil ginn et am ganze scho 35 sou Statiounen, op deenen een en Auto léine kann. D’Gemeng Dikrech weist sech houfreg, och elo endlech dräi Flex-Statiounen ze hunn. Zwee Autoe sti bei der Dikrecher Gare a jeeweils ee bei der Gemeng souwéi um Parking Kluuster zur Verfügung.

Flex Carsharing

Zu Dikrech weist ee sech iwwer déi dräi nei Carsharing-Statiounen erfreet, virun allem de Jürgen Berg vun CFL Mobility (2. vu lénks) an den Dikrecher Buergermeeschter Claude Haagen (an der Mëtt). © Gemeng Dikrech

Fir op dës Carsharing-Offer zréckzegräifen, brauch ee sech nëmmen op flex.lu unzemellen. Seng Clientskaart kann een da beispillsweis zu Dikrech op der Gare oder a soss engem CFL-Schalter ofhuele goen.

Zesumme mat de Gemengen a Firme wéilt ee bei Flex all Beräicher am Land mat dëser Offer erschléissen. Viru kuerzer Zäit huet Flex seng Tarifstruktur fir méi Benotzerfrëndlechkeet ugepasst.

Opmaacherfoto: Den Dikrecher Buergermeeschter Claude Haagen wëll da gläich mol ee vun de momentan dräi Modeller – hei de BMW i3 – testen. © Gemeng Dikrech

Ähnlech Sujeten Claude Haagen, Dikrech, FLEX, FLEX-Carsharing, Jürgen Berg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel