Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Studente nei a besser Opportunitéite bidden
https://moien.lu/definition-of-teenage-dating/

De Studente nei a besser Opportunitéite bidden

Zwee nei „Bachelor professionell“ (BTS) ginn op der UNI-Lëtzebuerg agefouert.

https://moien.lu/how-matchmaking-works/
https://moien.lu/definition-of-teenage-dating/

NASA: Dem Jupiter säi grousse roude Fleck

Um Mëttwoch huet d’NASA eng fantastesch Serie Biller vum grousse

Benelux – méi wéi just eng europäesch Entscheedung vun 1958
https://moien.lu/definition-of-teenage-dating/

Benelux – méi wéi just eng europäesch Entscheedung vun 1958

D’Unioun vun der Belsch, Holland a Lëtzebuerg, och Benelux genannt,

Flex Carsharing: mat neier Tarifstruktur zu méi Benotzerfrëndlechkeet

Ab elo mat einfachem Stonnen- an interessantem Nuetstarif

Flex Carsharing: mat neier Tarifstruktur zu méi Benotzerfrëndlechkeet

Lëtzebuerg, den 22. Mee 2019. “Flex – Carsharing by CFL (Flex)” erhéicht mat enger neier Tarifstruktur seng Benotzerfrëndlechkeet. Ab elo gëlle fir all Abonnementer dagsiwwer, respektiv nuets tëschent 22:00 a 06:00 Auer eenheetlech Stonnentariffer, onofhängeg vun der Notzungsdauer. Ausserdeem entfält och beim Kilometerpräis déi bis elo Staffelung no Streckelängt. Onverännert bleiwen déi méintlech Grondkäschte fir Abonnementer fir Privatpersounen – Flex Basic, Flex Gold, Flex Gold+ – souwéi fir de Flex-Bizz-Package.

Clientswonsch no transparentem Präismodell

Mam neien Tariffmodell reagéiert Flex op eng entspriechend Demande vu sengen Notzer, sou de Gerant Jürgen Berg: “Mir hu virun iwwer engem Joer ugefaangen an hu mat, respektiv vun eise mëttlerweil ronn 1.300 Cliente geléiert.” Deenen hire Wonsch no engem méi einfachen an transparente Präismodell ass an de leschte Méint ëmmer nees un eis erugedroe ginn. Mat den neien Tariffer entsprieche mir elo dësem Wonsch, a Carsharer kënnen ab elo nach méi suergefräi eis Autoe benotzen.”

De Grondcharakter vum jeeweilegen Abonnement bleift weiderhi bestoen. Wien éischter nëmme sporadesch “flext”, ass mat Flex Basic am beschte bedéngt, dat – grad sou wéi Flex Business – ouni Grondkäschten auskënnt. Bei heefeger Notzung sinn dogéint Flex Gold a Flex Gold+ déi recommandéiert Mëttel. Béid Abonnementer beinhalte Grondkäschten, bidden awer am Verglach zu Flex Basic e méi niddrege Kilometer- bezéiungsweis Stonnepräis an ab elo e Stonnepräis fir d’Nuecht vun 0,- €/h.

Mat der Flex-Kaart léisst sech den Auto op- an zouspären. © Flex Carsharing/CFL

Flexibel Mobilitéit fir all Notzer attraktiv maachen

Déi iwwerschafften Tarifstruktur ass schonn déi zweet Neierung säit Ufank vum Joer. Am Mäerz gouf duerch d’Ariichtung vun zwou Flex-Statiounen zu Dummeldeng op der Gare an am Zentrum vu Bouneweg d’Accessibilitéit vum Carsharing-Déngscht an der Haaptstad weider signifikativ erhéicht. Zäitgläich kruten d’Flex-Statiounen zu Hesper testweis e weideren Auto.

Den Op- bezéiungsweis Ausbau vu Flex-Statioune steet laut Jürgen Berg grad sou wéi déi nei Tariffer fir déi nei Philosophie vu Flex: “Eist Zil ass et, flexibel Mobilitéit salonfäeg ze maachen, andeem mir eng benotzerfrëndlech Offer schafen. Domat wëlle mir Bus- an Zuchfuerer weider bannen, awer och déijéineg iwwerzeegen, déi bis elo voll op den eegenen Auto vertrauen. Fir de Bedierfnesser vun dëse Clientsgruppe gerecht ze ginn, setze mir nieft Einfachheet an Transparenz op d’Facteuren Zouverlässegkeet a Spaass.”

Dräi verschidde Modeller, 80 Autoen, méi wéi 30 Flex-Statiounen.

Bei de Modeller handelt et sech ëm déi folgend: De Seat Leon an de BMW 118 bidde souwuel am Quartier wéi och op der Landstrooss e besonnesch héije Komfort mat “traditionellem” Driff. A mam BMW i3 sinn zouverlässeg attraktiv Elektroautoen disponibel, déi op de Flex-Statioune kënnen opgeluede ginn. Insgesamt hunn Notzer Zougrëff op méi wéi 80 Flex-Autoen op iwwer 30 Flex-Statiounen. Fir ze flexen, mussen nei Cliente sech nëmme fir en Abonnement entscheeden, op flex.lu umellen an eemol hir Flex-Kaart siche goen. Käschte fale jeeweils nëmme bei Benotzen un; Bensin, Versécherung, Entretien souwéi de Flex-Service si jeeweils am Pauschalpräis mat dran.

Matgedeelt vun der CFL, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Melvin Hatto.

Opmaacherfoto: © Flex Carsharing/CFL

Ähnlech Sujeten Carhsharing, CFL, FLEX, FLEX-Carsharing, Jürgen Berg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel