Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Klimawandel: an Australien kraazt de Thermometer un de 50°C
Auto Neiegkeeten

Klimawandel: an Australien kraazt de Thermometer un de 50°C

Am Land vun de Koalabieren an de Kängurue leeft de

What the Fakt – Den Europadag 2019 a wisou mir elo fräi hunn!
Auto Neiegkeeten

What the Fakt – Den Europadag 2019 a wisou mir elo fräi hunn!

De Grand-Duché krut een neie Feierdag bäi, an zwar um

Streeta(rt)nimation: Dat grousst Stroossekonschtfest fir déi ganz Famill
Auto Neiegkeeten

Streeta(rt)nimation: Dat grousst Stroossekonschtfest fir déi ganz Famill

Op eleng, zou zweet, als Famill oder Grupp vu Frënn,

Flex Carsharing – Zougang zur flexibeler Mobilitéit fir PwC-Mataarbechter

Flex Carsharing – Zougang zur flexibeler Mobilitéit fir PwC-Mataarbechter

Flex Carsharing by CFL ënnerstëtzt PwC bei der nohalteger a flexibeler Mobilitéit. Ab elo hunn d’Mataarbechter nämlech Zougrëff op déi landeswäit Offer vu Flex. Zudeem stinn hinnen exklusiv 15 Gefierer a sougenannten zouene Statiounen zur Verfügung.

Méi Mobilitéit bei PwC – Manner Gefierer

Virgesi waren eigentlech 17 Exklusiv-Gefierer fir PwC. Zesumme mat Flex ass d’Unzuel ëm 2 Gefierer reduzéiert ginn, a soumat och d’Käschten. Virum PwC-Gebai op der Cloche d’Or sinn ëffentlech Flex-Statiounen nei ageriicht ginn an d’Mataarbechter vun der Firma kréien zu all Zäit onageschränkten Zougang zur landeswäit disponibeler Flex-Flotte.

Den John Parkhouse, CEO vu PwC Lëtzebuerg, huet via Twitter bei CFL Mobility an den eegene Mataarbechter fir d’Initiativ ee grousse Merci ausgedréckt. Mat der Kooperatioun soll och zur Léisung vun den zentrale soziale Léisunge bäigedroe ginn. Den Domonique Laurent, Managing Direkter vu PwC Lëtzebuerg ënnersträicht: „Lëtzebuerg zitt weiderhinn nei Employéen un. Dat ass eng gutt Noriicht, féiert awer och zu de bekannte Verkéiersproblemer. Bei PwC hu mir verschidden Initiativen an d’Liewe geruff, fir dës Situatioun ze entspanen an eise Pendler d’Liewe méi einfach ze maachen. Nieft Home-Office zielt dozou besonnesch d’Zesummenaarbecht mat Flex.“

PwC

© CFL Mobility

De Wee op d’Aarbecht an Déngschtfaarte flexibel gestalten

Mat Flex kënne PwC-Mataarbechter hiren Aarbechtswee oder och Déngschtfaarte verantwortungsbewosst no hiren individuelle Bedierfnisser zeréck leeën. Esou kann zum Beispill d’Streck op d’Aarbecht mam Zuch oder Bus ugefaange ginn, an uschléissend mat engem Flex-Gefier weidergefouert ginn. Knapp ee Joer nom Start existéieren am Grand-Duché iwwer 35 Statioune, wouduerch de reiwungslose Virgank méiglech ass.

De Flex-Gerant Jürgen Berg seet dozou: „ Mat hirer Flex-Kaart hu PwC-Mataarbechter Zougrëff op méi wéi 100 Gefierer. Dat weist, datt mir ënnerhalb kierzester Zäit eng héich Disponibilitéit fir eis Notzer erziilt hunn a soumat een Haaptkritär vun der flexibeler Mobilitéitsléisung erfëllen. Fir eis iwwer 1.500 Cliente stellt Flex eng interessant Alternativ zum eegenen Auto duer, a mir freeën eis, datt sech mat PwC elo eng éischt Kéier och eng ganz grouss Entreprise fir déi komplett Bandbreet vun der Flex-Offer entscheet huet.“

PwC

© CFL Mobility

Weider Entreprisen unzéien

Fir Flex ass d’Kooperatioun mat PwC ee weidere wichtege Schrëtt an hirer Entwécklung. Esou ass am Mee eng vereinfacht Tarifstruktur agefouert ginn, déi nach besser deem Wonsch vum Client no Simplicitéit an Transparenz gerecht gëtt. Zudeem si säit dem Fréijoer zuelräich nei Statiounen ageriicht ginn. Mat dëser Gesamtoffer wëll Flex fir weider Entreprisë mat ënnerschiddleche Gréissten attraktiv ginn an hinnen eng entspriechend Offer mat individuelle Modullen ubidden.

Esou gëtt de Jürgen Berg weider un, datt een och bei anere Firmeclienten eng individuell Komponent an d’Kooperatioun integréiere an exklusiv Gefierer zur Verfügung stelle kann. Et riicht ee sech do ganz no de Bedierfnisser vun der jeeweileger Entreprise, woubäi ee vun Ufank bis Enn berode gëtt. Fir August gëtt iwregens eng weider interessant Flex-Statioun geplangt.

Opmaacherfoto: © CFL Mobility

Ähnlech Sujeten Auto, CFL, FLEX-Carsharing, Mobilitéit, PWC
Nächsten Artikel Virrechten Artikel