Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Traditioun trëfft Modernismus: Amsterdam Klezmer Band
Neiegkeeten

Traditioun trëfft Modernismus: Amsterdam Klezmer Band

Traditionelle Klezmer mat Punk a Balkan „Beats“ vermëschen – datt

Wetten, dass du dës 30 Lëtzebuergesch-Froen net all richteg beäntwert kriss?!
Neiegkeeten

Wetten, dass du dës 30 Lëtzebuergesch-Froen net all richteg beäntwert kriss?!

Och dës Woch hu mer erëm e Lëtzebuergesch-Test ausgeschafft. Mir

CGDIS: Mat dësem Fuersimulator soll méi Sécherheet garantéiert ginn
Neiegkeeten

CGDIS: Mat dësem Fuersimulator soll méi Sécherheet garantéiert ginn

Um 9. Mee huet de CGDIS ee Fuersimulator fir de

E Spezialfong soll flexibilitéit an de Logement bréngen

E Spezialfong soll flexibilitéit an de Logement bréngen

D‘Kris am Logement hëlt keen Enn an d‘Spekulanten hunn och weiderhin näischt ze fäerten, well déi Moossnamen déi et längst gëtt, fir eidele Logement oder d‘zréckbehale vu Bauland mat enger extra Steier ze belaaschte setzt keen ëm. Och un de Steieravantagen duerch déi Spezialfonge fir den Immobilier, wëll kee fréckele goen. Nee et setzt een nach en neie „Spezialfong“ drop…

Laut dem Henri Kox (déi gréng), Logementsminister mat vill Engagement awer wéineg Wäitsiicht, ass ee pluriannuelle Spezialfong déi gëeegent Iddi, fir Geld an de Logement ze investéieren. 137 Milliounen Euro sinn en „Ufank“ an dëst Steiergeld Geld soll genotzt gi fir Bauland/Terrainen ze kafen, mee net nëmmen. 137 Millioune sinn, ugesiichts der Präisentwécklung, awer eppes wéineg.

Egal, et ass en Ufank an de Fonds soll den 1. Abrëll aktivéiert ginn. Et ass dann och net rieds mat dësem Geld de soziale Wunnengsbau ze fërderen, mee Logementer zu engem „moderaten“ Tarif iwwert de Wee vun de finanzielle Participatioun unzebidden. Kléngt komplizéiert, ass och Sënn an Zweck vun engem Gesetz bei deem de Steierzueler onbemierkt iwwert de Leescht gezu soll ginn.

Geet et eppes méi prezis?

Fir d‘Presidentin vun der parlamentarescher Kommissioun déi sech mat dësem Gesetz ausenaner ze setzen huet, muss beduecht ginn, datt dëse Fonds et wäert erméiglechen, ganz Projeten ze finanzéieren, wat derzou féiere sollt, Wunnengen zu moderate Präisser unzebidden. Mee de Fonds soll och genotzt ginn, fir bestoend Logementer qualitativ opzewäerten, industriell Standuerter ze revaloriséieren an eng „Reserve“ u Bauland/Terrainen ze schafen. Kléngt gutt, gëtt awer deier.

A wëll och d‘Kommissiounspresidentin Semiray Ahmedova (déi gréng) dat weess, erkläert si dat „besonnescht“ un dësem Fonds. Dësem gëtt e pluriannuelle Budget zougestanen. Dat begrenzt d‘Ofhängegkeet vu finanzielle Contrainten déi mat engem Joresbudget anhier ginn. Dat klengt net nëmme logesch, an och ee vun de gudden Aspekter, déi een dësem Fonds ofgewanne kann. Zudeem brécht ee sech net direkt d‘Been, wann et bei de Projeten zu „Imprevue“ kënnt.

Besser wäert et awer net ginn

Fir d‘Euphorie vun der Presidentin eppes ze relativiséieren a sécherlech och fir d‘Erwaardunge vum Vollek eppes an der Gitt ze behalen, huet de Vizepresident vun der Kommissioun, Max Hahn (DP) awer insistéiert drop hinzeweisen, datt dës spezielle Fonds nëmmen e Stéck vum Puzzel ka sinn, an net d‘Léisung vun engem besonnesch komplexe Problem ass. Woubäi et ee wichtegt d‘Stéck ass.

Ee Stéck vun der Léisung sécherlech, well et erméigleche kann, méi liicht a méi flexibel u Bauland ze kommen. Ee vu Joer zu Joer nei ze bestëmmende Budget huet, esou de Max Hahn, net déi bei esou Projeten noutwenneg Dynamik zougelooss. Mam pluriannuelle Budget ass zumindest dës Fro gekläert, an déi „Flexibilitéit“ déi hei annoncéiert gëtt, baséiert grad a justement op dësem Fakt.

Dat heescht datt de pluriannuelle Budget net limitéiert ass – wat elo och nees net heesche wëll, datt ee sech Batti stelle kann – an den Henri Kox, wann nees Goss gebraucht gëtt, säi Kolleg de Pierre Gramegna (DP) am Finanzministère uruffe kann, fir sech eng „Rallonge“ ze froen, wann dat sollt noutwenneg sinn. Wann dann och endlech d‘Spekulatioun besteiert géif, wier dat Geld verfügbar…

Illustratioun: Hans Braxmeier / Pixabay

Ähnlech Sujeten Henri Kox, Logement, Max Hahn, Semiray Ahmedova, Spezialfonds
Nächsten Artikel Virrechten Artikel