Search

You may also like

Weltëmweltdag: Mir musse géint d‘Insektestierwe virgoen!
Neiegkeeten Sport

Weltëmweltdag: Mir musse géint d‘Insektestierwe virgoen!

En Dënschdeg war Weltëmweltdag, an d‘Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet dësen

FBI verhënnert Kapitalverbriechen a Kalifornien
Neiegkeeten Sport

FBI verhënnert Kapitalverbriechen a Kalifornien

Scho leschte Freideg huet den FBI de fréieren Zaldot Mark

D’Beaufort Knights presentéieren hiren neien Trainer!
Neiegkeeten Sport

D’Beaufort Knights presentéieren hiren neien Trainer!

Enn Juni gouf ugekënnegt, datt de Coach John Bierchen d’Äishockey-Ekipp

FLF beschléisst Spillpaus

Eng Decisioun déi um Fait berout, datt d‘Veräiner sech weigere virun der Opnam vum Spillbetrib hir Spiller testen ze loossen

FLF beschléisst Spillpaus

Radikal wier d‘Entscheedung, déi ee Freideg bannent der Lëtzebuerger Fussballfederatioun geholl ginn ass. Allerdéngs ass d‘Argument vun der FLF, mat där si de Spillstopp op dësem Weekend ze erkläre versichen eppes bosseg.

Spillpaus

Mir hunn eng zolidd sanitär Kris, déi eigentlech och de Veräiner net dierft friem sinn. Datt et do och „Variante“ gëtt, déi zousätzlech fir Kappzerbrieches bei den Experten aus dem Gesondheetswiesen ausgeléist hunn, vereinfacht dee ganze Mëssel jo awer och net. All d‘Bierger sinn opgeruff sech testen ze loossen, a wann sech elo Veräiner queesch leeën, muss ee sech Froe stellen.

Dat hunn se zu Déifferdeng op der Gemeng gemaach an och eng probat Äntwert fonnt. Weigeren sech d‘Veräiner déi opgestallte Konditiounen a Moossnamen ze respektéieren, da gëtt net gespillt. Zumindest net op den Terraine vun der Gemeng Déifferdeng, déi hir Infrastrukturen en Freideg zougespaart hunn. Dës kommunal Decisioun huet d‘FLF opgegraff fir de Spilldag ze annuléieren.

Eng batter Pëll fir all déi Fussballpassionéiert am Land, déi sech zanter Méint op d‘Reprise vun de Championnater an Nationaldivisioun vun den Hären an de Frae gefreet hunn. D‘Partie mussen elo op ee spéideren Zäitpunkt verluecht ginn, an ob et dann nächste Weekend ee Spilldag gëtt, dat bleift ze klären. Kann d‘FLF bannent enger Woch eng Entente mat de Veräiner an dem Minister fannen?

Wou dréckt de (Fussball)Schong?

Natierlech wier et eng einfach Ugeleeënheet mam Fanger eenzeg an eleng op d‘Veräiner ze weisen, mee dat géif d‘Problematik a sengem ganzen Ëmfang net berécksiichtegen. Et brauch emol fir deem ganze gerecht ze ginn eng Äntwert op d‘Fro, firwat d‘Veräiner vun der Nationaldivisioun sech géint d‘Tester opleenen? An natierlech ass déi net manner bosseg, wéi d‘Argumentatioun vun der FLF.

D‘Veräiner wëllen déi 60.000 Gratis Tester déi hinnen zur Verfügung gestallt ginn net notzen, well déi net verflichtend wieren. A wann se net verflichtend sinn, géif et kee Sënn maachen dës dann elo och ze maachen, well et jo keng Garantie géif ginn, datt de Géigner vum Dag, seng Spiller och dem Test ënnerzunn hunn. Datt deem esou ass, domadder huet de Sportminister awer näischt ze dinn.

Spillpausan Däitschland wëssen se wou d‘Prioritéite leien…

Hei läit d‘Verantwortung integral bei der FLF, déi – aus wéi engem Grond och ëmmer – keng Flicht agefouert huet. Si wieren hei awer ganz gutt berode gewiescht bei der Handballfederatioun ze knäipen, déi eng Testflicht agefouert huet. Hei huet och keng Veräiner déi sech queesch stellen. An am Handball huet et kee Problem, fir dësen Test-Ofstréch eng forméiert Persoun ze bezuelen.

Wann engem bekannt ass, datt eis Handballveräiner net déi räichste sinn – zumindest am Verglach mat de Fussballveräiner – an sech da geweigert gëtt d‘Käschte vun dëser „Fachkraaft“ ze droen (emol ofgesinn dovunner datt de Steierzueler fir d‘Testkitter opkënnt, och wann ee léiwer Handball kuckt) ass dat gewot. Et gëtt aner Sportaarten déi frou wieren, dëse Privileg genéissen ze dierfen.

Illustratioun: Dëse Krappert géif sech all Dag zweemol teste loossen, wann hien dofir nees dierft senger Passioun nogoen. Seng Virbiller awer maachen een op „Mimimi“ a sinn en eenzegt schlecht Beispill. Dat ass schued a gëtt den Efforten, déi de Sportminister Dan Kersch gemaach huet, einfach net gerecht. Et kann een de Lastik och iwwerspanen. © Baylee Gramling / unsplash

Related topics FLF, Fussball, Fussballfederatioun, Nationaldivisioun, Test-Verweigerung, Testflicht, Veräiner
Next post Previous post