Search

You may also like

Rapport 2019: De CGDIS kuckt op 60.979 Asätz zeréck
International Neiegkeeten

Rapport 2019: De CGDIS kuckt op 60.979 Asätz zeréck

Gëschter huet de CGDIS seng Aktivitéiten, Interventiounen, Zuelen a Fakte

Vu Krich a Fridden: Graffiti Workshop an Ausstellung
International Neiegkeeten

Vu Krich a Fridden: Graffiti Workshop an Ausstellung

Vum 7. bis den 11. September gëtt e Konschtworkshop mat

Hefteg Virwërf géint dem Maradona säin Dokter
International Neiegkeeten

Hefteg Virwërf géint dem Maradona säin Dokter

Géint den Dokter vum argentinesche Fussball- an Nationalheld Diego Maradona

Fligerofstuerz an Indonesien

Beim Ofstuerz vum Vol SJ82 Jakarta – Pontianak sinn all déi 56 Leit u Bord verstuerwen

Fligerofstuerz an Indonesien

Laut den indoneseschen Autoritéiten, ass eng Maschinn vun der Fluchgesellschaft „Sriwijaya Air“ nodeem si ofgehuewen hat, vum Radar verschwonnen. Beim Fliger huet et sech ëm eng Boeing vum Typ 737-500 gehandelt, mam Zil Pontianak, op der Insel Borneo. U Bord vun dësem Vol ware 56 Passagéier, dorënner siwe Kanner an sechs Crew-Memberen. De Vol hat d’Nummer SJ182.

Indonesien

D‘Rettungsekippen hunn an der tëscht d‘Ofstuerzgebitt lokaliséiert, a konnte schon Wrackdeeler, perséinlech Géigestänn vun de Passagéier, wéi och eng Rei Läiche biergen. D‘Autoritéiten hunn erkläert datt hinnen zwee Säck mat Besëtztemer vun de Leit, esou wou och ee Sack mat eben de Läichendeeler zougestallt gouf, an elo mat der Identifizéierung vun den Affer ugefaange ka ginn.

Indonesien

Unhand en Date vun der schwedescher Internetplattform „Flightradar24“ ass erkennbar, datt dës B737-500 ronn véier Minutten nom Ofhiewen, bannent enger Minutt ëm déi 3.300 Meter Héicht verluer huet. D‘Spur vum Fliger huet sech uschléissend am Mier, nërdlech vun der indonesescher Haaptinsel Java, verluer. Zu den Ursaachen déi zum Accident gefouert, ass aktuell näischt gewosst.

mat indymedia/jak

Foto: (Archivbild Juli 2016) © Sriwijaya Air, Indonesia

Related topics B737-500, Fligeraccident, Fligerofstuerz, Indonesien, Sriwijaya Air
Next post Previous post