Search

You may also like

Elo wëll och Australien seng Ambassade op Jerusalem verleeën
International Neiegkeeten

Elo wëll och Australien seng Ambassade op Jerusalem verleeën

Et ass de Premierminister Scott Morrison, deen um Dënschdeg annoncéiert

D‘EU mécht 4,7 Milliounen Euro labber fir de Vëlo-Cargo zu Bréissel ze fërderen
International Neiegkeeten

D‘EU mécht 4,7 Milliounen Euro labber fir de Vëlo-Cargo zu Bréissel ze fërderen

E Mëttwoch huet d‘EU-Kommissioun déi eelef Laureaten vun engem Projet-Appell

Okult N°1: Eng „Bio Blanche“ mat Häerz a Verstand
International Neiegkeeten

Okult N°1: Eng „Bio Blanche“ mat Häerz a Verstand

Haut ass et e Béier, op dee mir eis besonnesch

15 Doudeger bei Fligerofstuerz am Kasachstan

15 Doudeger bei Fligerofstuerz am Kasachstan

Onmëttelbar nom Start vum Fluchhafen zu Almaty, ass d‘Fokker 100 vu „Bek Air“ mat der Fluchnummer Z92100 ofgestierzt. Den Accident huet sech de Moien ëm 7.22 Auer (Lokalzäit) zougedroen. Un Bord vum Fliger ware 95 Passagéier a 5 Crew-Memberen.

Éischten Erkenntnisser no si 15 Persoune beim Crash gestuerwen, mindestens 50 Passagéier sinn – deels ganz schwéier – verwonnt ginn. Beim Vol Z92100 vu Bek Air handelt et sech ëm en Inlandfluch. De Fliger sollt d‘Verbindung tëscht Almaty an der Haaptstad Nursultan sécheren.

Direkt nom start, esou den offizielle Wuertlaut, hätt d‘Fokker 100 un Héicht verluer. Bei deem wat als versichten Noutlandung beschriwwe gëtt, hätt de Fliger eng Mauer duerchbrach iert e vun engem Haus „gestoppt“ gouf. D‘Rettungsequippe ware séier op der Plaz.

De President vum Kasachstan, Kassym-Jomart Tokayev huet de Famillje vun den Affer säi Bäistand verséchert a schonn emol prophylaktesch ugekënnegt, datt wien och ëmmer fir dëst Accident verantwortlech ass, mat der ganzer Häert vun der Justiz ze rechnen huet.

Hien huet dann och eng Kommissioun aberuff, déi sech mat den Ëmstänn an Ursaache vun dësem Fligerofstuerz beschäftege soll. Et gëtt zur Stonn awer weder Hiweiser op eng kriminell Handlung, nach op mënschlecht wéi technescht versoen. Och de President muss elo Gedold hunn.

mat indymedia/mow

Foto: D‘Rettungsdéngschter hunn op der Plaz ëm all Liewe gekämpft. Déi lescht Informatioun déi vum medezinesche Corps virläit, verweist op 66 Persounen déi hu missen am Spidol behandelt ginn. 50 dovunner wieren hospitaliséiert ginn, 12 Persoune wieren an engem bedreelechen Zoustand. © R.Rambar (via Twitter)

Related topics Almaty, Flierofstuerz, Fligeraccident, Fokker 100, Kasachstan
Next post Previous post