Eestëmmegkeet bei Steierfroen an der EU: Gëtt Lëtzebuerg no?
Am Abléck ginn op EU-Niveau Diskussioune gefouert, fir d’Eestëmmegkeet bei
Am Abléck ginn op EU-Niveau Diskussioune gefouert, fir d’Eestëmmegkeet bei
D‘Fuerderunge vun den USA, China soll gefällegst Nordkorea dozou bréngen
Vergaangene Méindeg huet de Minister fir Aarbecht, Beschäftegung a fir
Mat dem Projet ginn intensiv genotzte Gréngflächen, souwéi Wisen vun der Agrarlandschaft, déi heefeg geméit a gedüngt ginn, an aarteräich ursprénglech Glatthaferwisen ëmgewandelt. Esoz soll neie Liewensraum fir Insekten geschschafe ginn. De Projet am Bundesprogramm Biologische Vielfalt wäert bis Mäerz 2026 mat 2,53 Milliounen Euro vum Bundesministerium fir Ëmwelt, Naturschutz an nuklear Sécherheet gefërdert ginn.
Bundesëmweltministerin Svenja Schulze: ,,D’Verschwanne vu bléiende Wisen ass eng wichteg Ursaach fir d’Insektestierwen. Hei wëlle mir dogéint steieren, net nëmmen um Land, mä och an an der Stad. Mam Oochener Projet wëlle mir weisen, ewéi och Gréngflächen an der Stad zum Insekteschutz bäidroe kënnen.”
BfN-Präsidentin Beate Jessel: „Am Ënnerscheed zu vergläichbare Projeten ass d’Zil vun de Verbondpartner an der Stad- an Agrarlandschaft ëm Oochen standuertgerechter Grénglänner, sougenannte Glatthaferwisen, ze entwéckelen an dës net nëmme fir d’Virkomme vun etlechen Insekte wäertvoller Liewensraim ze vernetzen.
Glatthaferwisen ensprieche mat hirer bonter Vilfalt dem Idealtyp vun enger Blummewiss. Hiren Aarteräichtum ass dorop zeréck ze féieren, datt se nëmmen e bis zweemol méisseg gedéngt ginn.”
D’Verbondpartner wëllen am Raum Oochen eng fir den Naturraum typesch a standuertgerecht Wisevegetatioun mat heemeschen Aarten erëm hierstellen an erhalen. Ausserdeem soll „FLIP“ d’Biergerinnen a Bierger, mä och Stad a Regionalverwaltungen, landwirtschaftlech Betriber fir déi héich Bedeitung vun Insekte fir d’Stadnatur sensibiliséieren.
Dozou sinn ëmfaassend Bildungs an Ëffentlechkeetsmoossname geplangt, déi laangfristeg zu enger nohalteger Bewosstsinnsbildung fir d’Erhale vun der biologescher Diversitéit féiere sollen.
Déi am Projet virgesi Bildungsaarbecht fir Schoulen, souwéi Ëmweltbildung an Ëffentlechkeetsaarbecht zum Thema „Vielfalt in der Wiese” enthält och dezentral Angeboter an ausserschoulesche Léierplazen, Medienentwécklung, eng Wanderausstellung an Opklärungsaarbecht mat relevante Multiplicateuren. Dat am Projet entwéckelt Konzept soll dono iwwerall a Stad-Ëmland-Situatioune mëttelgrousser Stied iwwerdrobar sinn.