Search

You may also like

Sri Lanka: No den Uschléi, de Noutstand
International Kultur Neiegkeeten Stories

Sri Lanka: No den Uschléi, de Noutstand

No den Terroruschléi déi ganz Sri Lanka an Angscht versat

Fairtrade International am Lëtzebuerger Palais
International Kultur Neiegkeeten Stories

Fairtrade International am Lëtzebuerger Palais

Vergaangenen Dënchdeg huet seng Altesse Royale de Grand-Duc am groussherzogleche

Fage: Enn vun enger onméiglecher Geschicht
International Kultur Neiegkeeten Stories

Fage: Enn vun enger onméiglecher Geschicht

Den onsënnege Projet vun enger Jughurtsfabrick zu Beetebuerg ass definitiv

Flogging Molly am Atelier – eng riseg Party am iresche Stil!

Den Atelier am gréngen - een Soupçon Irland zu Lëtzebuerg!

Gëschter Owend huet déi iresch Folk- a Punk-Rock Band Flogging Molly ee fantastesche Concert am Atelier gespillt. Zesumme mat der Virband Buster Shuffle hunn si een super Team ofginn an hunn déi ausverkaaften Hal zu Hollerech komplett vum Hocker gerappt!

Schonn am viraus ass gesot ginn, datt ee sech hei net nëmmen op ee Concert, mee op eng phenomenal Party astelle sollt, bei der jiddwereen um danzen, sprangen a matsange wäert. Wien dat net gegleeft huet ass schonn am Virfeld mat der véier-käppeger Ska-Band aus London vum Géigendeel iwwerzeegt ginn. D’Band Buster Shuffle, déi scho säit 2007 besteet, hat mat véier Alben räichlech Programm ze bidden an huet wärend enger gudder hallwer Stonn eege Lidder an nei-interpretéiert Covere performt. Bei deene wibbelege Kärelen aus England gouf dann och de Publique direkt zum danzen animéiert. Zesumme gefaasst ware si déi ideal Virband fir eng Grupp, wéi Flogging Molly!

D’Show ass op d’Minutt genau mam Haaptakt viru gaangen. Pünktlech um 21:00 Auer sinn d’Luuchten ausgaangen an d’Party konnt lassgoen. Ab der éischter Sekonn huet Flogging Molly seng Fans an Extas versat an zum matsangen an danze motivéiert. Mat Lidder wéi „Drunken Lullaby“, mam dreiwende Beat an dem lëschtegen Text, wou ee sech wéi an enger Bar an Irland, mat engem guddem Guinness am Grapp, fillt, ass dat awer och kee Wonner.

D’Membere vu Flogging Molly – eng Band, déi iwwregens scho säit 1997 besteet – hunn immense Charisma ausgestrahlt. Trotz hirer laanger Karriär sinn déi 7 Bandmemberen a kenger Weis ofgehuewen, a sou huet een hinnen ofgesinn, datt si hiren Optrëtt a vollen Zich genoss hunn. Majo esou eppes stécht natierlech un! Bei alen an neie Lidder hunn d’Fans zu all Moment hir Idoler gesanglech ënnerstëtzt, jo souguer no de Lidder hunn si nach haart weider gegröhlt.

Et war awer och een immens emotionalen Optrëtt. Déi meescht Lidder ware bestëmmte Persoune gewidmet, déi verstuerwe sinn. Dobäi ass dann allerdéngs keng traureg Melodie erklonge, mee éischter positiv a matrappend Lidder, woubäi déijéineg Persoune geéiert gi sinn – sou si mir et jo och vun dëse Museker gewinnt!

Wien denkt, datt Akkordeon a Gei langweileg sinn an net op déi grouss Bühn passen, ass hei ëmgestëmmt ginn. Och Flogging Molly huet verschidde Medleyen gespillt, déi Lidder vu Queen oder dem Aretha Franklin kombinéiert hunn. Alles an allem war et also een absolut gelongenen Owend, bei deem een esouwuel d’Häerzlechkeet, wéi och d’Talent vun de Museker zu all Sekonn gespuert huet.

„Ech hunn si jo scho fënnef Mol gesinn, mee dat do war einfach nees gäil! Ech hoffe si kommen erëm“, sou ee Fan nom Concert zu sengem Kolleg. Hei stëmme mir dann vollkommen zou!

Related topics Atelier, Buster Shuffle, Concert, Flogging Molly, Irland, Musék, Punk Rock, Ska
Next post Previous post