Search

You may also like

Dissens tëscht Ankara a Bréissel: d‘EU kierzt seng Finanzhëllef drastesch
Kultur Neiegkeeten

Dissens tëscht Ankara a Bréissel: d‘EU kierzt seng Finanzhëllef drastesch

Wéi e Spriecher vun der EU-Kommissioun et en Donneschdeg matgedeelt

money
Handelskummer: fir d‘Kohesioun, géint déi sozial Fraktur
Kultur Neiegkeeten

Handelskummer: fir d‘Kohesioun, géint déi sozial Fraktur

En Donneschdeg huet d‘Handelskummer hir Analys zur „Aarmut an dem

Déierentransporter an der EU: Een erniichternde Fazit
Kultur Neiegkeeten

Déierentransporter an der EU: Een erniichternde Fazit

Vergaangenen Donneschdeg huet d’EU-Parlament mat enger grousser Majoritéit een Ëmsetzungrapport

Florence Aubenas an dat faszinéiert Onbekannt

Florence Aubenas an dat faszinéiert Onbekannt

D’Florence Aubenas signéiert “L’Inconnu de la poste”, een Sachbuchroman iwwert eng Noriicht, déi 2005 am déiwe Frankräich opgetrueden ass. Eng richteg Enquête a Freed um Liesen. D’Autorin kann einfach alles.

Déi zu Bréissel gebuere Journalistin gouf tragesch bekannt, nodeems si 2005, zesumme mat hirem Iwwersetzer a Bagdad entfouert gouf. Si sinn e puer Méint drop fräigelooss ginn. Déi investigativ Journalistin hëlt am Joer 2019 onbezuelte Congé fir d’Precaritéit an der Aarbechtswelt zu Caen an der Normandie ze ënnersichen.

Am Journal Le Monde, huet dës Spezialistin vum Noen Osten och e Buch mam Titel «L’inconnu de la poste» an Ugrëff geholl. An et ass en echten Erfolleg!

D’Florence Aubenas erzielt de Mord mat 28 Stéchwonne vun enger 41-Järeger schwangerer Postfra am Joer 2008 zu Montreal-la-Cluse, engem Duerf am Dapertement Ain. De Verdacht ass séier op de Gérald Thomassin gefall, ee Schauspiller a jonk Hoffnung vum franséische Kino. Hie krut 1991 de César fir seng Roll am «Le petit criminel» vum Jacques Doillon.

Mee Gérald Thomassin ass net nëmme Schauspiller. Hien ass och en Eenzelgänger, seng Aart sech am Duerf ze verhalen, zitt Opmierksamkeet op sech. De Mord fënnt exakt viru sengem Haus statt.

Hie gëtt ugeklot, dann inhaftéiert an 2015 gëtt e fräigelooss, iert hien um Virowend vum Prozess zu Nantes verschwënnt. Den Zuchbilljee huet d’Florence Aubenas bezuelt. D’Journalistin erzielt d’Geschicht vun dëser Episod duerch e ländlecht Frankräich, dat si als “vergiess”, ofgeleeën a hiwweleg hält. A besonnesch de Kampf vun der Famill vum Affer, déi och no zéng Joer net ophält d’Wourecht ze sichen.

Dëst Buch ass brillant, well d’Autorin all Vir- an Nodeeler vun dëser Geschicht beherrscht. Och huet si e richtegt Talent fir dat déift Frankräich ze beschreiwen – dës aussergewéinlech Atmosphär. Heiansdo hu mir den Androck, eis selwer an e Buch vum Simenon anzedauchen. D‘Geschicht ass nach méi wierzeg, well mir näischt iwwert d’Schicksal vum Haaptverdächtege wëssen. De Rescht loosse mir Iech entdecken.

Vum Christophe Nadin – mental.lu

Related topics Autorin, Edition de l‘Olivier, Florence Aubenas, L‘Inconnu de la Poste
Next post Previous post