Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Europa-Tournée fir den Donald Trump
sandy hook up in heaven

30 year old man dating 21 year old woman

Haut geet dem amerikanesche President säin Tour duerch Europa lass.

https://moien.lu/onion-dating-site/
sandy hook up in heaven

dating site lavaplace

Deelt een hei am Land déi verfügbar landwirtschaftlech Fläch duerch d’Awunnerzuel,

What the Fakt – Den éischten Déiereschutzservat um afrikanesche Kontinent!
sandy hook up in heaven

What the Fakt – Den éischten Déiereschutzservat um afrikanesche Kontinent!

Um Enn vum 19. Joerhonnert ware kaum nach wëll Déieren

Dat hat et scho laang net méi ginn: en Ausnamespiller an der Nationaldivisioun

Dat hat et scho laang net méi ginn: en Ausnamespiller an der Nationaldivisioun

Et kléngt verréckt an dat ass et wahrscheinlech och: bis zum haidegen Dag hat et am Lëtzebuerger Fussballschampionnat keen esou en Ausnamespiller gi wéi dat elo mam Florent Malouda de Fall ass. De franséische Fussballspiller vu 37 Joer, deen op 80 Selektiounen an der Nationalequippe zréck blécke kann, huet sech fir sechs Méint beim FC Déifferdeng 03 verflicht.

„E bleift wahrscheinlech nëmmen eng hallef Saison, do gëllt et ze profitéieren“, seet de Gerant vum Café des Sports mat engem Bléck op de „Journaliste-Ballet“. A Journalisten, där huet der um Freideg gefillt méi gi wéi et Sonndeg Zuschauer an den Tribüne gëtt. Si waren ugereest fir bei der Presentatioun am „Stade Municipal“ aus éischter Hand ze beriichten.

Gutt, et muss ee drop hiweisen, datt schonn eng ganz Rei international renomméiert Fussballspiller aus dem Frankräich zu Lëtzebuerg am Championnat gespillt hunn. Esou beispillsweis de Cyrille Pouget (Jeunesse Esch 2003/2006), den Tony Vairelles (F91 Diddeleng 2008/2009/ oder den afrikanesche „Ballon d‘Or“ Mustapha Hadji (FOLA Esch 2007/2010).

Mee de Florent Malouda, dat ass dann nach emol ee ganz anere Kaliber: véier mol franséische Champion mat Lyon, englesche Champion an Championsleague Gewënner mat Chelsea (2012). A net ze vergiessen datt de Fligelspiller 2006, bei de „Bleus“ (der franséischer Nationalequippe) un der Finale vun der Weltmeeschterschaft opgestallt war.

Net do fir Uspréch ze stellen

An de Florent Malouda huet net den „décke Kapp“ a stellt esouwäit et gewosst keng Uspréch. Op d‘Fro wat hien op Lëtzebuerg „verschloen“ huet fält d‘Äntwert knapp awer prezis aus: „“Ech sinn hei fir de Spaass, aus der Léift zum Fussball. Ech kommen hei an en Amateursveräin, wäert kee Profi-Club aus Déifferdeng maachen, dat ass net d‘Zil. Mee d‘Mannschaft weider bréngen, dofir sinn ech hei“.

De Mann, gebierteg aus Franséisch-Guyana, hat säi Vertrag mat dem indesche Fussballclub „Dehli Dynamos“ viru sechs Méint auslafe gelooss. Mat 37 Joer war een sech dann ënnert den „Experten“ eens, datt domatter d‘Carrière ofgeschloss wier, an de Florent Malouda sech aus dem Fussball géif zréckzéien. Mat sengem „Engagement“ beim FC Déifferdeng 03 huet hien d‘Fachwelt iwwerrascht.

„Ech war et, deen am leschten Oktober un de Veräin erugetrueden ass, fir mech fit ze halen an ze trainéieren. Ech wollt op physeschem Niveau disziplinéiert bleiwen“, esou de Florent Malouda „Mee et ass ee sech mënschlech méi no komm, mam President, mam Trainer a mat de Spiller. Déi hu mer nach emol Loscht op d‘Spille ginn“.

„Mir sinn eis eens ginn, en hie paakt eng Hand mat un fir de Schluss vun der Saison“, erkläert de President Fabrizio Bei „Am Prinzip si mer fir sechs Méint zesummen ënnerwee“.

An de „Patron“ vum Restaurant „Le Colisée“ an der Stad, huet dann och zanter Oktober zu Déifferdeng trainéiert, mee eenzeg an eleng fir a Form ze bleiwen. Un en Agräifen an d‘Championnat hat weder de Florent Malouda, nach ee Verantwortlechen am Veräi geduecht. Mee wéi dat esou ass… an den FC Déifferdeng 03, aktuell op der 7. Plaz, kann d‘Hëllef gutt gebrauchen.

Lëtzebuerg ass attraktiv

Et ass dann elo sécherlech berechtegt d‘Fro ze stellen, wat esou eng „Star“ aus dem Fussball zu Lëtzebuerg mécht. Iwwerspëtzt kéint jo soen: „en ass net hei fir brong ze ginn“ an dat dierf een esou och am Raum stoe loossen. Et geet also ëm de Goss, mee net dee vum Déifferdenger Fussballclub. Nee Lëtzebuerg ass steierlech och fir e Florent Malouda ganz interessant.

Him gehéiert dann och a Guyana e weidere Restaurant, wat awer als „Investitioun“ muss gesi ginn. Vun enger Rekonversioun war ni rieds, dem Fussball de Réck dréine war an ass keng Optioun. Zudeem dierf een drop hiweisen, datt de Florent Malouda seng Ausbildung zum Trainer ugefaangen huet, dat mam Zil eng Pro-Lizenz ze erhalen.

Datt säin „Optrieden“ zu Déifferdeng d‘Häerzer eppes méi héich schloe léisst, och a vläicht besonnesch bei sengen Equipieren, muss ee wuel op dëser Plaz och schreiwen, mee dierft all Mënsch zu a ronderëm Déifferdeng esou kloer si wéi Héngerbritt… An eigentlech sollt ee sech am ganze Land doriwwer freeën, wat sech och op d‘Zuschauerzuelen dierft positiv auswierken.

„Hien denkt op der Wiss méi schnell wéi mir“, esou de belsche Verdeedeger David Vandenbroeck, e fréiere Profi aus der éischter Divisioun (Charleroi). „Hien huet eng Iwwersiicht an eng taktesch Rigueur um Terrain déi onbeschreiflech ass. Wou en anere Spiller zwee Mouvementer brauch, geet him een duer“.

An datt de Florent Malouda seng „nei Famill“ séier iwwerzeegt krut, wat och engem gudde Charakter zouzeschreiwen ass, dierft ganz besonnesch den Trainer Pascal Carzaniga erfreet hunn „Hien ass e super Kärel, einfach gestreckt an een mat deem et engem liicht fält sech ze ënnerhalen. Hien huet net den décke Kapp, behält de Kontakt op Aenhéicht“, esou de Vandenbroeck.

Elo sinn naturgeméiss och d‘Erwaardungen héich. „D‘Iddi hannert deem ganzen ass natierlech, datt de Florent eis hëlleft de Retard opzehuelen an d‘Equippe nees den Uspréch unzepassen. Mir wëllen d‘Nächst Joer wéinstens an der Coupe d‘Europe matspillen“, esou de President hoffnungsvoll. „An et kann dem Florent sengem Palmarès net schueden, d‘Coupe vu Lëtzebuerg ze erreechen“.

mam Benoît Noel/AFP

Foto: Mam Florent Malouda erhoffen sech nieft all de Memberen a Spiller vum FC Déifferdeng 03, och all d‘Supporter eng flott an animéiert Ophueljuegd an der Nationaldivisioun. © John Thys/AFP

Ähnlech Sujeten Fabrizio Bei, FC Déifferdéng 03, Florent Malouda, Fussball, Nationaldivisioun
Nächsten Artikel Virrechten Artikel