Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Trageschen Accident zu Lëntgen – Persoun vun Zuch déidlech blesséiert ginn
what does 420 mean in dating sites https://moien.lu/dating-sites-search-without-signing-up/

hyuna dating rumors

Lescht Nuecht koum et op der Zuchstreck vu Lëntgen Direktioun

https://moien.lu/dating-ge-fans/
what does 420 mean in dating sites https://moien.lu/dating-sites-search-without-signing-up/

Knuedler On Ice – Gratis Entréesticketen

En Dënschden huet de „Knuedler On Ice“, a Presence vum

Policereform ass ficeléiert an domadder gëtt sech méi Sécherheet versprach
what does 420 mean in dating sites https://moien.lu/dating-sites-search-without-signing-up/

Policereform ass ficeléiert an domadder gëtt sech méi Sécherheet versprach

No enger Transitiounsphase vu gutt zwee Joer an dat onofhängeg

Florida: 17 Affer an engem Lycée a keng Erklärung

Florida: 17 Affer an engem Lycée a keng Erklärung

Um Mëttwoch haten d‘Politiker an d‘Poliziste just Gebieder a keng Erklärung, fir d‘Familljen an d‘Frënn vun de 17 Affer, déi mat engem Stuermgewier vun engem 19 järegen an engem Lycée a Florida ofgeschoss goufen.

„Et ass just d‘Péng a senger rengster Form“, sot Gouverneur vu Florida, Rock Scott, bei enger Pressekonferenz zu Parkland. Eng „dënn“ Erklärung fir  ee vun de schlëmmste Gemetzel an de leschte 25 Joer wäert an d‘Geschicht agoen.

De Sheriff aus dem Uert konnt dann och weider näischt maachen, wéi seng Onmuecht agestoen. „Wann ee esou e Massaker wëll uriichten, da gëtt et net vill wat en, oder wat d‘Poliziste kéinte maachen“, esou de Scott Israel géintiwwer de Medien.

Firwat de Nicolas Cruz de Vältesdag – den Dag vun der Léift – erausgesicht huet fir a säin ale Lycée Marjory Stoneman Douglas ze goen? Dat ass net gewosst. Wat ee weess, ass datt de jonke Mann do erausgehäit gi war. Hien ass also zréckkomm fir mat engem AR15 ëm sech ze schéissen.

De jonke Mann ass dann och no der Dot, an der Ëmgéigend vu Coral Springs, vun der Police verhaft ginn. E huet keng Aussoen zu der schrecklecher Dot gemaach.

Biller, gefilmt an enger Klass während dem bluddegen Ugrëff, wahrscheinlech vun engem Schüler, ginn ee klengen Abléck an den Horror, dee sech an dësem Schoulkomplex verbreet hat. An de Lycée Marjory Stoneman Douglas ginn dann och eng 3.000 Schüler.

An de Opnamen héiert ee d‘Schëss, déi a a kuerzen Ofstänn ze héieren. Eng Charakteristik vun der hallefautomatescher Waff. Ze gesinn och d‘Schüler déi sech ënnert hire Pulter verschanzen oder einfach nëmme ganz roueg um Buedem leien, während ee vu méi wäit ewech Gejäiz héiert.

Bis elo ass et den Autoritéiten dann och nach net gelongen 5 vun de 17 Affer ze identifizéieren. Ënnert den Affer ware Schüler a Proffen. 14 Persounen si verwonnt a d‘Spidol komm, an zwee Mënschen hunn hir Blessuren net iwwerlieft, dorënner de Fussballtrainer.

Et hat Virzeeche ginn

D‘Police konnt bis zur Stonn kee Motiv konnt bekannt ginn. Mee de Portrait vum Schéisser léisst de Schluss zou, datt dee jonken Erwuessenen fatzeg Problemer huet an eng grouss Virléift fir Waffen hat.

„Et hat Problemer gi wéi hien d‘lescht Joer Studente bedreet huet, an ech huelen un dat hien opgefuerdert ginn ass de Campus ze verloossen.“ Dëst sot den Jim Gard, e Mathesproff deen de Schüler a senger Klass hat, géintiwwer dem Miami Herald.

Laut dem Schüler Nicholas Cokes, soll de Cruz en Eenzelgänger gewiescht sinn, dee virun e puer Méint d‘Schoul verlooss huet. Hie wier nom Doud vu senger Mamm an de Norde vum Staat (Florida) geplënnert. Onbestätegt ass d‘Informatioun datt hien eng militäresch Ausbildung hätt.

Lycée

Et kann een et net anescht soen: Schéissereien an amerikanesche Schoule sinn den Alldag. Déi heiten ass fir dëst Joer schonn déi 18. An d‘Schüler, wéi hei um Bild, wëssen dann och ganz genau wéi se sech ze verhalen hunn, wann se hiert Gebai verloossen. © Joe Raedle/Getty Images/AFP

E weidere Schüler huet ënnerstrach, datt de Nicolas Cruz d‘Schoul an d‘Sécherheetsmoossnamen – déi an alle Schoulen an den USA agefouert gi sinn – ganz gutt kannt huet. An de Schoule gëtt dann och reegelméisseg esou en „Ugrëff“ geüübt. Verhënnere konnt dat an dësem Fall näischt.

Laut dem Sheriff Scott Israel, hätt den Täter alarméierend Messagen an de sozialen Netzwierker verëffentlecht, an och Biller op Instagram gepost. Biller déi vu verschidde Medien iwwerholl gi sinn iert de Kont gespaart konnt ginn.

Den Direkter vun der Schoul, Robert Runcie, wëll awer näischt vun enger „Warnung“ wëssen: „Mir hu keng Warnung erhalen, keen hiweis. (…) Esou wäit et eis bekannt ass, war keng Bedreeung ausgeschwat ginn“.

Sech am Schaf verstoppt…

Schüler, déi de ganzen Horror materlieft hunn, haten uginn sech an de Schief verstoppt ze hunn, wéi d‘Schéisserei géint hallwer dräi lassgaangen ass. Eng Schülerin huet op CBS uginn, dat seng ganz Klass, an engem „butzege Schaf Deckung fonnt huet“.

„Et war um Enn vum Schouldag an de Feieralarm ass lassgaangen. Mir hu geduecht datt et sech ëm eng Übung géif handelen, hunn awer ugefaangen d‘Gebai ze evakuéieren. Nodeems mir e puer Schrëtt aus dem Klassesall gemaach haten, hu mir eis op de Buedem gehäit, an eis uschléissend a de Schief verstoppt“, esou d‘Enseignante Melissa Fsalkowski op CNN.

Den US-President tweet: „Kee Kand, kee Proff oder soss iergendeen sollt sech jee an enger amerikanescher Schoul a Gefor fillen“. Den Donald Trump erkennt keng Noutwennegkeet, d‘Waffegesetz an den USA ze änneren

An den Drama vu Florida ass dann elo och dee leschte vun enger laanger Serie. Säit Joresufank huet et mat dësem Virfall, schonn 18 Schéissereien an amerikanesche Schoule ginn. Säit 2013 ass et déi 291, wéi et vun der ONG „Moms Demand Action fotr Gun Sense in America“ gemellt gëtt.

mam Leila Macor an dem Elodie Cuzin/AFP

Foto: Schülerinne vun der Marjory Stoneman Douglas High School zu Parkland, soen hire Famillje Bescheed datt hinnen näischt geschitt ass. © Michele Eve Sandberg/AFP

Ähnlech Sujeten Florida, Parkland, Schéisserei, Schoul, USA, Waffen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel