Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Benelux: Lëtzebuerg wëll mat der Presidence positiv Akzenter setzen
meetup dating sydney International https://moien.lu/hookup-toronto/

write a little about yourself for dating

E Mëttwoch huet Lëtzebuerg offiziell d‘Presidence vum Benelux iwwerholl, an

dating places in kathmandu valley
meetup dating sydney International https://moien.lu/hookup-toronto/

Nëmme wien hei méi wéi 7 richteg Äntwerte kritt, kennt sech gutt genuch mam Kanton Réimech aus

De Kanton Réimech ass deen zweetklengste vun der Fläch hier.

Ausbroch vum Vulkan Anak Krakatoa op Indonesien (Update)
meetup dating sydney International https://moien.lu/hookup-toronto/

Ausbroch vum Vulkan Anak Krakatoa op Indonesien (Update)

Indonesien nom Tsunami: den traurege Bilan zielt elo schonn 281

dislike

Florida gëtt sech e Gesetz mat deem Schoulmeeschter bewaffent kënne ginn

Florida gëtt sech e Gesetz mat deem Schoulmeeschter bewaffent kënne ginn

E Mëttwoch huet de Kongress vu Florida e Gesetz gestëmmt, mat deem den Zougank zu Waffe beschränkt gëtt, mee et och méiglech mécht, datt Enseignante an anert Personal bewaffent ginn. Dat als Äntwert op déi rezent Schéisserei op der Parkland Highschool.

No der Victoire am Senat e Méindeg, ass d‘Gesetz zur ëffentlecher Sécherheet „Marjory Stoneman Douglas“ – nom Numm vun der Highschool déi de 14. Februar traureg Bekanntheet erlaangt huet – mat 67 géint 50 Stëmmen am Representantenhaus ugeholl ginn. Elo muss de Gouverneur Rick Scott nach just seng Ënnerschrëft drënner setzen, an d‘Gesetz kann a Kraaft trieden.

De Republikaner Scott huet awer nach keng Deklaratioun zum Gesetz gemaach. Et besteet duerchaus d‘Méiglechkeet, datt de Gouverneur sech géint seng Partei stellt a vu sengem Veto-Recht gebrauch mécht. De Rick Scott hat sech schonn emol ëffentlech géint de Virschlag vum US-President ausgedréckt. Dee wëll bekanntlech d‘Enseignante bewaffnen.

Mam Gesetz 7026, gëtt awer och de Mindestalter fir d‘Uschafe vun enger Waff, vun 18 op 21 Joer gehuewen. Eng Moossnam géint déi sech déi mächteg NRA mat Hänn a Féiss gewiert hat. Am Gesetz sinn och d‘Bump Stocks, en Dispositif, deen et méiglech mécht, enger hallefautomatescher Waff d‘Schossfrequenz vun enger Automatik ze ginn.

A wann d‘Gesetz op den éischte Bléck Aschränkungen opweist, déi bei der NRA net op Versteesdemech dierfte stoussen, esou huet et am Gesetz och e „Wiechter-Programm“, deen et soll erlaben „en Tireur an enger Schoul ze verhënneren oder ze erschéissen“. Wa se dann entspriechend ausgebilt sinn an déi psychologesch Tester iwwerstanen hunn, ka Schoulpersonal bewaffent ginn.

Bis heihinner ass de Programme awer nëmme fir Sportsproffen, dem administrative Personal, esou wéi fir déi Enseignanten, déi iwwer Erfarung an der Arméi oder der Police verfügen, virgesinn.

Eng batter Pëll

„Ech verstinn d‘Suergen déi mat dësem Wiechter-Programm opkommen“, esou de Chris Latvala (Republikaner) dee säi Vote mam Argument verdeedegt: „wann e Mënsch deen an enger Schoul schafft wëll ausgebilt ginn, dat fir seng Schüler ze schützen, da muss deen dat dierfe maachen“.

Dat gesinn déi gewielten Demokraten anescht, och wann si sech bewosst sinn, datt dat Gesetz net ze verhënnere war, well een eng méi streng Reglementéierung fir de Waffeverkaf wollt erreechen. „Ech huelen a schlécken dës batter Pëll, och wann et mir schwéier fält. Mee ech kann net an de Spigel kucken a mer soen ech hätt näischt gemaach fir ze hëllefen“, esou de Joseph Geller.

E weideren Demokrat, den John Cortes bedauert: „Dat Gesetz hat vill Guddes, mee iech ass et gelongen dat futti ze maachen“. An et waren um Enn d‘Schüler vu Parkland, déi mat hirem „Opstand“, d‘Politiker dozou beweegt kritt hunn, wéinstens iwwer konkret Moossnamen ze debattéieren.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Florida, Parkland, Schéisserei, Schüler, Waffen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel