Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Schrecklech: Wirtschaftsattentat op déi Lëtzebuerger Autosbranche
for honor matchmaking not ready https://moien.lu/who-is-miranda-lambert-dating-march-2016/

cat genie hook up

Wann et richteg ass datt de Januar fir eis Autoshändler

https://moien.lu/how-well-online-dating-works-according-to-someone-who-has-been-studying-it-for-years/
for honor matchmaking not ready https://moien.lu/who-is-miranda-lambert-dating-march-2016/

Syrien: kurdesch Kampftruppen zéien aus Manbij of

Wéi vun der syrescher Arméi um Mëttwoch matgedeelt, sollen sech

Benelux – méi wéi just eng europäesch Entscheedung vun 1958
for honor matchmaking not ready https://moien.lu/who-is-miranda-lambert-dating-march-2016/

Benelux – méi wéi just eng europäesch Entscheedung vun 1958

D’Unioun vun der Belsch, Holland a Lëtzebuerg, och Benelux genannt,

Florida ass elo am A vum Zyklon

Florida ass elo am A vum Zyklon

Begleet vun zolitte Wandstéiss, heftege Nidderschléi an geféierlechen Iwwerschwemmungen, hat d‘A vum Orkan Irma um Sonndeg Florida erreecht. Irma huet därmoossen zougeschloen, datt de President Trump sech entscheet huet den Zoustand vun der Naturkatastrophe ze erklären an säi Besuch ugekënnegt.

Irma huet um Sonndegnomëtteg Florida zu Marco Island (Osten) mat enger Wandspëtzte vun 185 Km/h erreecht. Bis dohinner als Klass 3 op enger Skala vu 5 bezeechent, ass den Orkan Irma an d‘Klass 2 zréckgestuuft ginn. Dat geet aus enger Matdeelung vum amerikaneschen Orkanzenter (NHC) ervir.

De Wand deen elo mat „nëmme“ méi 175 Km/h bléist, befënnt sech elo nërdlech vu Naples an zitt weider mat enger Geschwindegkeet vun 22 Km/h. D‘Depressioun soll dann och nach bis haut Méindeg, als Orkan agestuuft bleiwen. „Eng geféierlech Stuermflut gëtt sech direkt nom Passage vum A vum Zyklon op der Ostküst vu Florida erwaart“, warnt den NHC.

D‘Verbindung tëscht dësem Wiederphänomen an der normaler Flut wäert „schwéier Iwwerschwemmungen an normalerweis dréchene Géigende vun der Küst provozéieren“, esou den NHC weider. Dem Orkan Irma ginn dann och bis ewell dräi Doudeger zougeschriwwen. Dat erhéicht de Bilan op elo 27 Stierwfäll. Och de Materielle schued ass enorm.

Naturkatastroph vum President deklaréiert

Knapps zréck am Wäissen Haus, no engem Weekend zu Camp David, huet den amerikanesche President d‘Naturkatastroph fir Florida erkläert. Eng Entscheedung déi et erlaabt weider Moyene fir d‘Hallefinsel zur Verfügung ze stellen. Den Donald Trump, deen sech stänneg um lafende gehalen huet, wëll dann och esou bal wéi méiglech no Florida reesen.

„Ech hoffen datt nëmme wéineg Mënschen um sengem Wee leien (…) Mir hunn alles versicht d‘Leit ze warnen an déi meescht si fortgaangen“ esou de President.

„Halt iech vum Waasser ewech!“ warnt den NHC d‘Awunner vu Marco Island an Naples, wou méi wéi eng Millioun Mënsche liewen. Meteorologe gi vun Iwwerschwemmungen aus, déi an dësem Secteur tëscht 3,5 a 5 Meter erreeche kënnen.

Et ass dann och éischter d‘Iwwerschwemmung an manner de Wand, deen zu Naples gefaart gëtt. „D‘Leit lauschteren net no. Verschiddener soen sech: Mir hunn den Orkan Wilma iwwerlieft, mir hunn Charley iwwerlieft, dat wäert scho gutt goen, mir halen dat aus“, iergert sech d‘Virginia Defreeuw, eng Fra an déi 70, wou hire Mobilhome verlooss huet fir sech a Sécherheet ze bréngen.

Coral Beach; Fort Lauderdale FL. (© Chip Somodevilla/Getty Images/AFP)

Tampa a Miami direkt bedréit

Gutt 250 Kilometer nërdlech vu Naples, läit Tampa. Hei gëtt den Impakt vum Orkan och mat Suerg erwaart. De Buergermeeschter vun Tampa, Bob Buckhorn, huet de fréiere Boxer Mike Tyson zitéiert: „All Mënsch huet e Plang, bis se eng riicht an d‘Gesiicht kréien, a mir erwësche geschwënn eng“.

Mat senge wäitleefege Stränn aus wäissem Sand, groussen Hoteller an e puer Milliounen Awunner an der Agglomeratioun, gëtt d‘Bucht vun Tampa als déi vulnerabelst vun den USA, géintiwwer engem Orkan wéi Irma betruecht.

D‘Wierkung vun esou engem Orkan, deen d‘Gréisst vum Staat Texas huet, verschount dann och net d‘Westküst. Miami mellt schwéier Wandstéiss a heftege Reen. De Quartier vu Brickwell, deen direkt um Mier geleeën ass, ass schonn iwwerschwemmt. Zudeem muss gefaart ginn, dat sech och nach Tornadoen entwéckelen.

Zwee Milliounen Haiser an Entreprisen a Florida hunn zur Zäit kee Stroum. „Power & Light“, de Stroumprozudent, huet matgedeelt, datt e vun den zwee Nuklear-Reakter vun Turkey Point aus Sécherheetsgrënn ofgeschalt ginn ass.

De Schued ass immens

Den Orkan Irma huet um fréie Sonndeg d‘Keys duerchgerëselt. Schëffer „gefriess“ an Haiser platt gedréckt. Déi waren zum Gléck eidel, wéi sech den Albdram mat 215 Km/h ofgespillt huet. Entwuerzelt Palme leien an de Stroossen, Segelbooter hu sech lassgerappt a leien op de Stränn oder an de Mangroven.

Zu Key West, berühmte Küstestad wou och dem Ernest Hemingway säin Haus ass, steet alles ënner Waasser. Palissaden a elektresch Pottoe sinn ewechgerappt ginn. D‘Keys, eng Landzong déi nëmme wéineg Meter iwwert dem Mieresspigel geleeën ass, ware schonn emol bal ganz zerstéiert ginn. Den Orkan Donna hat viru 57 Joer, um 10. September 75% vun de Gebaier zerluecht.

Fir de Verloscht u Mënscheliewen ze verhënneren, hat Florida eng ni gekannten Evakuatioun ordonnéiert. 6,3 Milliounen Awunner an d‘Airbase vu McGill, de Quartier General „CentCom“ ware geraumt ginn. Och de Weltraum Zenter Kennedy zu Orlando ass zougemaach ginn.

mam Débastien Blanc A Karin Lebhour/AFP

Foto: Vum Orkan Irma u Land gespullt ginn. An der Marina vu Watson Island hu Wandspëtzte vun 175 Km/h vill Booter lassgerappt. (© Joe Raedle/Getty Images/ AFP)

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Florida, Irma, Orkan, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel