Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Zu Lëtzebuerg sinn héich automatiséiert Autoen net illegal, mee et gëtt gefuerscht fir se besser reglementéieren ze kënnen
Neiegkeeten

Zu Lëtzebuerg sinn héich automatiséiert Autoen net illegal, mee et gëtt gefuerscht fir se besser reglementéieren ze kënnen

An der Mobilitéit léisst sech de Fortschrëtt net ophalen. Google

Giel Gileten Akt XXIV: Ënnerstëtzung vun de „roude“ Gileten
Neiegkeeten

Giel Gileten Akt XXIV: Ënnerstëtzung vun de „roude“ Gileten

Fir dëse 24. Samschdeg a Folleg sollen sech laut dem

Zu Berlin gëtt d‘Palaisrevolutioun verhënnert
Neiegkeeten

Zu Berlin gëtt d‘Palaisrevolutioun verhënnert

Si huet sech un der Muecht geklammert, de „Messagen“ déi

E flotte Schoulkomplex erhéicht d‘Freed um léieren

E flotte Schoulkomplex erhéicht d‘Freed um léieren

Um Mëttwoch ass an der Strooss Charles IV zu Lëtzebuerg e weidere flotte Schoulkomplex vum Stater Schäfferot ageweit ginn. De Precoce, eng Spillschoul an e Schoulfoyer bidden de Butzen alles wat e Kannerhäerz begiere kann.

Op dräi Niveauen ugeluecht, sinn am ganze 17 Klassesäll am Schoulkomplex ënnerbruecht. De Parterre ass mat fënnef Säll dem Precoce virbehalen, d‘Spillschoul um éischte Stack huet aacht Klassesäll kritt. Um Zweete Stack sinn nach emol 9 Raim fir de Schoulfoyer ageriicht ginn.

Beim Bau ass berécksiichtegt ginn, de Foyer vun der eigentlecher Schoul onofhängeg ze maachen, woubäi d‘Gemeinschaftssäll vu béiden Eenheeten zougänglech sinn. Et gëtt e Raum fir ze spillen, e multifunktionelle Raum, eng Bibliothéik an eng edukativ Kichen. D‘Enseignante sinn net vergiess ginn an hunn e separate Sall an och e Konferenzraum ageriicht kritt.

Alles an allem eng Plaz wou se sech alleguerten, also d‘Kanner an d‘Enseignante sollte wuelfillen. Bei der Offizieller Aweiung jiddefalls huet een nëmme glécklech an zefridde Gesiichter gesinn. Esou ass et och geduecht an et kann e sécher sinn, datt och den Elteren d‘Schoul entgéint kënnt. Hei hinner ze Fouss ze lafen ass schonn eng formidabel Ugeleeënheet.

Foto: © Charles Soubry/Fotothéik VdL

Ähnlech Sujeten precoce, Schoulfoyer, Schoulkomplex, Spillschoul, Stad Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel