Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

No der EU, erhieft Kanada Douanestaxen op US-Produkter
Kultur Neiegkeeten

No der EU, erhieft Kanada Douanestaxen op US-Produkter

E Freideg huet Kanada ugekënnegt, als Géigemoossnam zu den Douanestaxen

Hëllef! Mir hunn eis verlaf! Weess du, wou mer dru sinn?
Kultur Neiegkeeten

Hëllef! Mir hunn eis verlaf! Weess du, wou mer dru sinn?

D’Land ass dann awer méi grouss, wéi een heiansdo mengt.

Massive Prisonéieraustausch tëscht Kiew an de Separatisten
Kultur Neiegkeeten

Massive Prisonéieraustausch tëscht Kiew an de Separatisten

Honnerten Ukrainer hunn an der Nuecht vum Mëttwoch op en

Floumaart um Knuedler: Ab Abrëll nees all éischte Sonndeg am Mount

Floumaart um Knuedler: Ab Abrëll nees all éischte Sonndeg am Mount

Siche, fannen, kafen – oder och net méi brauchen, ubidden, verkafen: Ab Abrëll geet um Knuedler nees d’Floumaart-Saison un. All éischte Sonndeg am Mount kréien Är onbenotzt Objeten d’Chance, eng aner Persoun glécklech ze maachen, an dat fir ee gudde Präis.

Anescht wéi bei enger Brocante sinn et hei net professionell Verkeefer mee d’Privatpersoun, déi doheem aussortéiert hunn an probéieren dat, wat si selwer net méi brauchen, weider ze verkafen. Dobäi trëfft ee gären emol op originell an aussergewéinlech Géigestänn.

Ee Rendez-Vous fir all Trödler

D’Saison vun de Floumäert geet vun Abrëll bis Oktober. U folgende Sonndeger ka verkaft ginn:

  • 5. Abrëll 2020
  • 3. Mee 2020
  • 7. Juni 2020
  • 5 Juli 2020
  • 2. August 2020
  • 6. September 2020
  • 4. Oktober 2020

Wat een nach wësse sollt

D’Floumäert lafe jeeweils vun 10:00 bis 17:00 Auer. Den 3. Mee 2020 mécht d’Ausnam a wäert um Glacis stattfannen. Wie selwer verkafe wëll, dee muss sech iwwert ee Formulaire umellen, dat tëscht dem 1. an 10. Dag vum Mount virum Floumaart. D’Participatioun ass gratis.

Vun de Cliente profitéieren un de genannte Sonndeger awer net nëmmen d’Verkeefer um Floumaart, mee och d’Geschäftsleit, deenen et fräigestallt ass hiert Geschäft opzemaachen.

D’Stad Lëtzebuerg erënnert drun, datt ab dem 1. Mäerz 2020 den ëffentlechen Transport gratis ass, wouduerch engem wäermstens gerode gëtt, op Bus, Zuch, Tram a Co zeréckzegräifen, sou fern et méiglech ass. Kann een net op den Auto verzichten, kann ee parken um

  • Parking Glacis: Mam City Shopping Bus, deen all 7 bis 8 Minutte fiert, kënnt een an de Stadzentrum.
  • Parking Schuman: Seng 400 Plaze stinn um Weekend de Leit gratis zur Verfügung. Iwwert den Arrêt Fondation Pescatore kënnt ee mat de Linnen 1/125, 2, 8, 16, 18, 20 an 30 an den Zentrum.
  • Parking Stad: D’Linn 28 fiert Sonndes am 30-Minuten-Takt bei den Arrêt Monterey, wéi och op d’Gare (quai 4).
  • P+R Howald: Mat der Linn 21 kënnt een all 30 Minutten an den Zentrum (Arrêt Monterey), wéi och op d’Gare (quai 1).
  • P+R Bouillon: D’Linn 17 fiert all 10 Minutten an den Zentrum (Arrêt Monterey quai 1).

Ähnlech Sujeten Ausmëschten, Floumaart, Gratis Ëffentlechen Transport, Knuedler, Krom, Parking, Sonndeg, Umeldung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel