Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tacheles: Léisunge brauch eist Land
International Neiegkeeten

Tacheles: Léisunge brauch eist Land

1859 huet de Karl Marx säi Wierk „Kritik der politischen

D‘Prozesskäschtenhëllef gëtt ëm 10% ugehuewen
International Neiegkeeten

D‘Prozesskäschtenhëllef gëtt ëm 10% ugehuewen

Op Propositioun vun der Justizministesch Sam Tanson (déi gréng) hat

Breaking news: Pakistan schéisst indesch Kampffliger of
International Neiegkeeten

Breaking news: Pakistan schéisst indesch Kampffliger of

De pakistanesche Verdeedegungsministère huet viru bekannt ginn, datt d‘Loftwaff zwee

USA: Parlament beschléisst Police-Gesetz

USA: Parlament beschléisst Police-Gesetz

Ee Mount nom Dout vum George Floyd zu Minneapolis huet déi demokratesch Majoritéit am US-Representantenhaus ee Gesetzesentworf géint Policegewalt duerchgesat kritt. D‘Chancen datt dëst Gesetz och vum US-Senat ugeholl gëtt tendéieren allerdéngs éischter géint Null. An awer ass dëse Gesetzprojet wichteg, well dee wäert sech massiv am Wahlkampf néierschloen.

FloydMat ee vun den Haaptpunkten an dësem Gesetzesentworf, ass d‘Aschränkung vun der Immunitéit déi Polizisten an den USA genéissen. Et soll zukünfteg – wann d‘Gesetz dann esou wéi virgeluecht géif ugeholl ginn – méi einfach sinn, d‘Beamten zur Rechenschaft ze zéien, wann déi iwwert d‘Strengt schloen. De Wiergegrëff soll verbueden, an dofir méi Kierperkameraen agesat ginn.

Eigentlech genee déi Suitten, déi ugesiichts dem „Opstand“ nom Mord um Afroamerikaner logesch erschéngen. Mee d‘Kausa Floyd war just d‘Drëps déi d‘Faass zum iwwerlafe bruecht huet, an déi vill, deels bedauernswäert Gewaltausbréch, Vandalismus an de Fait, datt vill Geschäfter geplëmmt goufe werfen hire Schied op dëse Gesetzesentworf. Et gëtt nees no Recht an Uerdnung geruff.

FloydAm Senat hunn dann och d‘Republikaner d‘Soen, an dee misst dann och dëst Gesetz unhuelen, wat éischter ausgeschloss ass. An esouguer, de Fall gesat de Senat géif d‘Gesetz stëmmen, da misst nach ëmmer den Donald Trump säi Krop ënnert den Text setzen, fir dat dësen a Kraaft triede kann. Aus dem Wäissen Haus heescht et dozou, datt de President dëst Gesetz op kee Fall wäert unhuelen.

mat indymedia/was

Ähnlech Sujeten Demokraten, Donald Trump, Justice in policing act, Representantenhaus, Republikaner, Senat, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel