Vum Fluchhafen op d‘Cloche d‘Or a 40 Minutten
Den ambitiéise Plang en Tram duerch d‘Stad Lëtzebuerg fueren ze loossen huet Form ugeholl. Ugangs Dezember soll den Tram scho vun der Luxexpo bis op d‘Rout Bréck fueren, 2019 da bis op d‘Gare. Wann alles gutt rullt, soll et 2021 esouguer méiglech sinn, vum Findel bis op d‘Cloche d‘Or ze fueren an dat a 40 Minutten.
En huet dann och vill Grënn fir zefridden ze sinn, eisen Infrastrukturminister. Den Tram läit am Zäitplang an um Freideg huet de Staatsrot dem Gesetzprojet, dee virgesäit d‘Tramslinn auszebauen, zougestëmmt. Hei geet ëm d‘Ofschnëtter: Gare – Cloche d‘Or a LuxExpo – Findel. Operationell sollten déi schonn 2021 sinn.
Esou soll et op der Cloche D‘Or ausgesinn © MDDI/SIP
„A véier Joer fiert den Tram vum Fluchhafe bis op d‘Cloche d‘Or“, esou de François Bausch. Den Infrastrukturminister gesäit déi Verbindung dann och als d‘Häerzstéck vun engem globale Mobilitéitssystem. Engem System, an deem den Tram, de Bus, den Auto, de Vëlo an de Foussgänger verbonne bleiwen, an dat dank néng Austauschpunkten déi sech op der Tramsstreck befannen.
E Bléck op den Detail
Esou huet ee Minister um Freideg dann am Detail déi zwou Deelstrecke virgestallt. 4,9 Kilometer fir d‘Stéck tëscht der Gare an der Cloche d‘Or, siwen Haltestelle wouvunner der dräi als Austauschpunkt ageriicht ginn. Déi komme bei de Lycée Bouneweg, d‘Gare Houwald an op d‘Cloche d‘Or, wou dann och den Terminus ass.
Projet vun der Gare Houwald © MDDI/SIP
De François Bausch leet dann och grousse Wäert drop ze betounen, datt dëse Projet voll a ganz an déi urban Entwécklung vun der Stad Lëtzebuerg an der Gemeng Hesper afléisst. Zudeem wier den Ausbau vum Tram och enk mat den neie Stroosseninfrastrukture verbonne. Als Beispill dierf een hei déi nei N3 ernimmen.
Vun der Foire (LuxExpo) bis op de Findel (LuxAirport) ass d‘Streck 3,9 Kilometer laang. Hei fiert den Tram dann och iwwert d‘Autobunn a kritt en Arrêt um P&R Héienhaff, wou bis zu 4.000 Autoe sollte Plaz fannen. De P&R Héienhaff soll zudeem direkt iwwert d‘Autobunn accessibel sinn.
Vun der LuxExpo op de Fluchhafe féiert de Wee iwwert d‘Autobunn © MDDI/SIP
Wann dann 2021 alles fäerdeg ass, sinn et 23 Tram-Eenheeten déi sech déi 16,4 Kilometer laang Streck deelen. Et sollt een awer net dovunner ausgoen, datt heimatter de Kapitel Tram ofgeschloss wier.
Foto: Presentatioun vum Projet vir den Ausbau vum Tram. Dee soll 2021 de Fluchhafe mat der Cloche d‘Or verbannen. En Trajet vu 40 Minutten. © MDDI/SIP