Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

No den Attentater a Spuenien, en Iwwerbléck
International Neiegkeeten

No den Attentater a Spuenien, en Iwwerbléck

Déi dschihadistesch Zell, beschëllegt d‘Uschléi a Katalounien duerchgefouert ze hunn,

Streik an de Fleegeheimer: D‘Direktioun vum „Parcs du 3ème âge“ ass ageknéckt
International Neiegkeeten

Streik an de Fleegeheimer: D‘Direktioun vum „Parcs du 3ème âge“ ass ageknéckt

Säit gëschter Moie gëtt zu am Fleegeheim „An de Wisen“

Dem US-President säi schwaarze Freideg
International Neiegkeeten

Dem US-President säi schwaarze Freideg

Groussen „Halli-Galli“ am US-Kongress um Freideg: Zu Washington, während der

Op der Flucht virun den Osmanen

Den tierkeschen Iwwerfall op Syrien huet schonn dausenden Ziviliste verdriwwen

Op der Flucht virun den Osmanen

Ankara mellt, datt déi tierkesch Truppen um Zweeten Dag vun der Offensiv géint d‘Kurdemiliz am syreschen Nordoste gutt virukommen. Et wieren och schon iwwer 100 Terroristen ëmbruecht ginn. 60.000 Mënsche sinn op der Flucht.

D‘Realitéit awer huet oft en anert Gesiicht wéi dat vun der Propaganda duergestallt gëtt. Gesäit ee vu vereenzelte Loftschléi of, da fannen déi „eigentlech“ Kämpf nach direkt un der Grenz statt. Et ass den Tierke bis ewell nëmme punktuell Gelongen, an dat vun de Kurde kontrolléiert Gebitt virzestoussen. Siwen Dierfer an zwou Stied, solle vun den Osmanen am Grenzgebitt ageholl gi sinn.

Vun de Syresch Demokratesche Kräften (SDF) gëtt erkläert, datt dem Sultan seng Horden, trotz massivem Asaz vun Artillerie a Loftwaff bis ewell net viru kommen. Um Buedem ginn d‘Tierke vun der „syrescher Nationalarméi“, engem Verbond vu radikale Milizen a syresche Rebellen, zu deenen och d‘Hamza Brigad. Déi hu gëschter d‘Duerf Kashto iwwerrannt an d‘SDF verdriwwen.

FluchtD‘Stied Ras al-Ain an Tall Abjad hunn d‘Kurde missen opginn, mee et géifen sech nach Zivilisten do ophalen, déi keng Méiglechkeet zur Flucht hätten. Laut dem syreschen Observatoire fir Mënscherechter wieren esou 60.000 Mënschen op der Flucht. Bezitt een sech op d‘Zuele vun de Vereenten Natiounen, da liewen an dësem Gebitt 1,7 Millioune Mënschen, déi elo bedreet sinn.

Geet den Tierken hie Operatioun „Quell vum Fridden“ esou virun, a sollten d‘Buedemtruppen sech um Gebitt duerchschloen, da kënnt et onweigerlech zum engem Exodus. Dat géif nieft Leed an Dout bedeiten, datt mat honnert dausende Flüchtlingen ze rechnen ass. E Fait, deen am „Ausland“ fir méi Kappzerbrieches suergt, wéi dat schlicht Ofschluechten oder déi ethnesch Säuberung…

Wat geschitt mat de wierklechen Terroristen?

Eng Fro déi sech am Kontext vun dësem Ugrëffskrich stellt, wat passéiert elo mat den bal 100.000 IS-Kämpfer (déi nach ëmmer eng reell Gefor duerstellen) déi mat hire Familljen a Sympathisanten a Lager a Prisonge festgehale ginn? Nach kënnen d‘Kurden an hir arabesch alliéiert déi an der Gitt halen, mee et schéngt och zur tierkescher Strategie ze gehéieren, dës Kämpfer „anzebannen“.

Flucht

E Krich ouni Propaganda huet et ni ginn a wäert et ni ginn. An déi sozialen Netzwierker hunn ee wäit gréisseren Impakt wéi datt jeemools mat Zeitungen a Plakater méiglech war.

Woubäi et richteg ass, datt den tierkesche President Recep Tayyip Erdogan gesot huet: „Den IS wäert et an tierkesch kontrolléierte Gebidder net ginn. D‘Tierkei wier an dëse Gebitter zoustänneg fir d‘Sécherung vun de Prisongen“. D‘Amerikaner trauen deem awer net, an hunn ee puer vun de „Geféierlechsten“ Dschihadisten exfiltréiert. Dat kann en Opliewe vum IS awer net verhënneren.

Ënnert dëse vun den USA als „Geféierlech“ agestuuften IS-Kämpfer befannen sech beispillsweis déi fir hir Brutalitéit berüchtegt Briten: d‘Alexandra Kotey an den El Schafi Elscheich. Déi zwee hunn sech eng Renommée geschafen, wëll si Geiselen d‘Käpp ofgeschloen hunn. Dës zwee – déi wéinst hirem Akzent och als „The Beatles“ bezeechent ginn – wieren an den Irak iwwerstallt ginn.

FluchtDen tierkeschen Ugrëffskrich, deen duerch déi eegemächteg Entscheedung vum US-President, d‘US-Zaldoten aus der „Sécherheetszon“ ofzezéien, eréischt méiglech gemaach gouf, gëtt am allgemenge vun der internationaler Communautéit net „begréisst“, mee eppes dergéint ënnerhuele wëll den Ament och keen esou richteg. Et gëtt sech op déi verbal Kritik beschränkt…

De Sultan wëll sech net an d‘Handwierk fusche loossen

Eigentlech kéint den tierkesche President d‘Kritik vu sech ofpralle loossen, mee de Recep Tayyip Erdogan kennt seng Atouten an zéckt net – besonnesch den Europäer – d‘Welt drop hinzeweisen. Un d‘Adress vu Bréissel geet dann och eng onmëssverständlech Warnung eraus. Zu Ankara huet de Sultan der EU ganz oppe mat Konsequenze gedreet, wa sech den Toun net sollt veränneren.

„Hey EU, erwäch! Ech soen iech et nach eng Kéier, wann dir versicht eis Operatioun als Invasioun duerzestellen ass et einfach, mir maachen dann d‘Dieren op a loossen 3,6 Millioune Mënsche bei iech kommen. (…) Europa ass net éierlech an huet nach ni d‘Wourecht gesot“, esou de Mann mam Charisma vun engem Gaalge gëschter am Kontext vun enger Parteisëtzung. Mir si „gewarnt“.

Flucht

Och kurdesch Frae sinn net gewëllt sech vun den Tierke verdreiwen ze loossen. A si wëssen sech ze verdeedegen, wat vun den IS-Kämpfer net dierft a Fro gestallt ginn. © S.Nigel

Vu Bréissel gëtt et wéineg Kontra, wann ee vum klägleche Versuch ofgesäit d‘Osmanen un hir Flichten als „Bäitrëttskandidat“ ze erënneren. D‘Tierkei kann net méi Member vun der EU ginn, dofir gëtt et an den nächsten 100 Joer keng Majoritéit méi. Zudeem kann d‘EU, där hir Länner alleguerte mat der Tierkei an der NATO vereent sinn, beschtefalls „finanziell“ Drock ausüben.

Dat bezitt sech op de „Flüchtlingsdeal“ deen d‘EU 2016 mat Ankara beschloss huet. Hei ass dann och vereenbaart ginn, datt et iwwer dräi Joer zweemol dräi Milliarden Euro gëtt, fir d‘Flüchtlingen ze „versuergen“. De Sultan huet scho méi oft domatter gedreet eis „déi“ eriwwerzeschécken, elo muss een dës Bedreeung eescht huelen. Den ament huet Ankara déi besser Kaarten an der Hand.

E Krich erméiglechen ass wéi selwer domat ufänken

Interessant un der trumpscher Politik ass déi onbeschreiflech „Dommheet“ déi se enthält. Nodeems den Trump Ankara regelrecht ermontert huet, e laang geplangte Genozid an d‘Dot ëmzesetzen, huet den US-President annoncéier „am Nordsyrien Konflikt vermëttelen ze wëllen“. Seng Drogebäerden, wéi Wirtschaftssanktiounen, falls d‘Tierkei „inhuman“ mat de Kurde géif ëmgoen, si lächerlech.

FluchtOp d‘Fro, wat de Milliardär dann elo ënnert „Inhuman“ géif verstoen, heescht et aus dem US-Ausseministère: „ethnesch Säuberunge géif een net toleréieren, an et géif och aktuell keng Hiweiser drop datt d‘Tierkei esou Intentiounen hätt“. An den Trump op Twitter: „d‘USA hunn dräi Optiounen am Konflikt: Zaldote schécken, stramm wirtschaftlech Sanktiounen oder Vermëttlung“.

D‘Zaldoten huet hie grad zréckgezunn, déi Optioun fält also aus, bleiwen der nach zwou. Mat wirtschaftleche Moossnamen/Sanktiounen ass der Tierkei net bäizekommen an hir Waffe kafen d‘Tierke längst a Russland. Géif sech nach „Vermëttlung“ als lescht Optioun ubidden, wat awer ugesiichts dem „frëndschaftleche“ Verhältnis tëscht béide Staatscheffen och net zoutreffend ass.

FluchtAn eigentlech sinn den Donald Trump a seng Falleke manner iwwert de Fait veriergert, datt elo d‘Tierkei hir Alliéiert am Kampf géint den IS ëmbrénge wëll, wéi iwwert d‘Tatsaach, datt si den Tierke jo guer net erlaabt hunn dëse Krich ze féieren. Si wëllen elo hiert bescht ginn, fir dat Ganzt ze stoppen, heescht et zu Washington. Mee wéi wëll een ophale wat ee selwer lancéiert huet?

mat indymedia/tlv/nyc

Foto: Ass et dat wat d‘USA an Europa ënner „Fluchtursaache bekämpfen“ verstinn? © Ahmad al-Rashid

Ähnlech Sujeten Daesh, islamesche Staat, Kurdemiliz YPG, SDF, Syrien, Tierkei, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel