D‘Fréijoer: „Ze Waarm an ze Dréchen!“
Fir d‘Verwaltung vun den technesche Servicer vun der Landwirtschaft (ASTA),
Fir d‘Verwaltung vun den technesche Servicer vun der Landwirtschaft (ASTA),
Well de Kongress dem Donald Trump net déi gefuerdert 5,7
Zanter dem November beschäftegt sech de statisteschen Déngscht, deen dem
Déi däitsch Police huet un enger Raschtplaz nei Passau (Bayern) eelef Flüchtlingen aus engem Camionsunhänger befreit. Et soll sech ëm Afghanen am Alter vu 14 bis 31 Joer handelen. Si sinn den zoustännegen Autoritéiten iwwergi ginn. Laut der Police vu Passau, soll de Chauffeur näischt vun de Flüchtlinge gewosst hunn.
Och an dësem Fall handelt et sech beim Gefier ëm ee Killcamion, firwat gräisslech Erënnerungen un de Virfall an der englescher Grofschaft Essex mat sech bréngt. Hei hat d‘Police 39 Läichen aus engem Killcontainer geholl. Méi Chance haten d‘Flüchtlingen déi vun der griichescher Police bei Xanthi opgegraff goufen. Och d‘Police vu Rotterdam hat am November 25 Migranten entdeckt.
Esou gesinn haten dann och déi am Killcontainer, deen elo zu Passau gestoppt gouf, richteg Gléck datt si onverletzt aus dem Camion konnte befreit ginn. Laut den Autoritéiten huet de Chauffer vum Camion „Geräischer“ héieren ass op eng Raschtplaz gefuer an huet d‘Police geruff. Déi hunn dunn den Unhänger opgemaach, wou si dann d‘Flüchtlingen entdeckt hunn.
Wéi et heescht, hunn sech en etlech vun de Migranten iwwer Otemnout beklot. D‘Autoritéite weisen nach drop hinn, datt de Camion ënnerwee an d‘Belsch war, wat vermudde léisst, datt d‘Afghanen eigentlech bis a Groussbritannien wollten. Hätten si dat allerdéngs am Unhänger versicht, esou zumindest d‘Aschätzung vun der Police, hätt d‘Rees en déidlecht Enn geholl.
Den 42 järegen tierkesche Chauffer vum Camion hat keng Ahnung wat an sengem Unhänger lass war, a konnt dat de Bundespolizisten och glafwierdeg erklären. Déi hunn hie dann och weiderfuere gelooss. De 14 järege Bouf ass dem Jugendamt iwwergi ginn, déi aner sinn dem Bundesamt fir Migratioun a Flüchtlingen (BAMF) iwwerstallt. Elo gëtt no Hannermänner a Schleiser gesicht.
Foto: Pixabay