Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europawahlen: Begeeschterung gesäit anescht aus
International Neiegkeeten

Europawahlen: Begeeschterung gesäit anescht aus

Zanter dem 23. mee gëtt an Europa gewielt an den

Opgepasst Greenwashing – Eng Aktioun géint d’Ënnerstëtzung vu fossillen Energie vum FDC
International Neiegkeeten

Opgepasst Greenwashing – Eng Aktioun géint d’Ënnerstëtzung vu fossillen Energie vum FDC

Haut de Moien hunn 9 AktivistInne vu Greenpeace zwee riseg

dislike
Verspillte Massen
International Neiegkeeten

Verspillte Massen

Gamescom ass dat gréissten Event fir Videospiller vun Europa. Och

De Sultan mécht Eescht an d‘Grenzen op

13.000 Flüchtlingen hunn d‘Nuecht bei äisegen Temperaturen un der tierkesch-griichescher Grenz verbruecht – Ankara léist se zéien an zu Bréissel herrscht de politesche Chaos

De Sultan mécht Eescht an d‘Grenzen op

Dem Sultan Recep Tayyip Erdogan seng militäresch Invasioun am syreschen Norden huet net déi gewënschte Resultater bruecht, ganz de Géigendeel schéngt sech grad ze erweisen. D‘Truppe vun Ankara hunn der Zolidd an d‘Schnëss kritt an elo zumindest eng Iddi vun deem wat nach alles vu syrescher Säit esou méiglech ass. An d‘NATO stäipt den tierkesche President nëmme moralesch…

Elo verhält et sech och nach esou, datt d‘Europäer hirem vertraute Partner net hëllefe wëllen: 1) déi radikalislamesch „Terror-Rebellen“ an der Provënz Idlib ze ënnerstëtzen, 2) déi ethnesch Säuberung zu Rojava (d‘Tierke wëllen d‘Kurden hei mindestens verdreiwen) fortzeféieren an 3) d‘Geld fir déi vun der Tierkei opgeholl Flüchtlingen Zweckgebonnen ass an net fir Waffen ze finanzéieren.

FlüchtlingenDatt de Sultan et net wot sech um „russesche Bier“ ze vergräifen, dee seng schützend Prank iwwert de Regime vum Bashar al-Assad hält, ass offensichtlech. Zudeem géifen do och d‘Ajatollahen vun Teheran e Wuert matschwätzen. Wat dat fir Konsequenzen hätt, sollt sech jidderee liefhaft virstelle kënnen. Esou bleift als leschte Recours, d‘Europäer mat de Flüchtlingen ënner Drock ze setzen…

Wéi gesäit et elo aus?

Nodeems Ankara d‘Ëffnung vun de Grenzen annoncéiert, beschloss an an d‘Dot ëmgesat huet, sinn entspriechend den Zuele vun der UN-Organisatioun fir Migratioun (OIM) eng 13.000 Migranten elo laanscht déi tierkesch-griichesch Grenz opgestallt ginn. Dausende Mënschen, dorënner och vill Familljen hätten sech a Gruppe vun 3.000 Persounen un der 212 Km laanger Grenz positionéiert.

De Ladfo Gvilava vun der IOM huet erkläert: „D‘Zuel vun de Migranten déi sech iwwert Edirne a Richtung Grenz bewegen huet am Laf vum Dag massiv zougeholl, wéi Autoen, Taxien an Busser aus Istanbul ukomm sinn“. An der Majoritéit sinn et gestane Männer – an ënnert hinne gëtt et net nëmme „Migranten“ – mee et wieren och vill Famillje mat klenge Kanner opgebrach.

FlüchtlingenGeet e vun den Zuelen aus, déi vum tierkeschen Inneminister Süleyman Soylu virgeluecht goufen, dann hätte bis ee Samschdeg 21 Auer scho 36.776 Migranten d‘Grenziwwergäng zu Griicheland a Bulgarien a passéiert. Bis ewell hu weder Athen nach Sofia dësen Ustuerm bestätegt. Trotzdeem kann ee elo behaapten, datt d‘Tierkei de Flüchtlingspakt mat der EU ad acta geluecht huet.

Bréissel geréit ënner Zochzwang

Fir d‘EU-Kommissioun kënnt d‘Denonciatioun vum Flüchtlingspakt zu engem denkbar schlechten Zäitpunkt. Déi wollt sech elo op d‘Kris, déi sech wéinst der d‘Verbreedung vum Coronavirus (Covid19) ukënnegt, konzentréieren. Dobäi war zanter Mëtt Januar gewosst, datt d‘Tierkei net méi gewëllt ass, sech un dat bestoend Ofkommes ze halen. Ankara verlaangt méi „Ënnerstëtzung“.

An éischter Linn geet et drëms méi Geld vu Bréissel ze kréien, dat dann awer net méi soll geziilt, also Zweckgebonnen agesat ginn. D‘EU hirersäits ass net gewëllt dem NATO-Partner säi Krich ze finanzéieren. Woubäi hinne Waffe verkafen natierlech och weiderhin eng Optioun ass, op déi gewëssen EU-Länner elo net direkt verzichte Wëllen. Dat awer féiert zur Kakophonie…

FlüchtlingenEsou ergëtt et sech, datt Bréissel just ka versichen ze „berouegen“: d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an den EU-Rotspresident Charles Michel, géifen d‘Entwécklung un eise Grenze mat gréisster Opmierksamkeet a Suerg verfollegen. Via Twitter heescht et: Ons iewescht Prioritéit ass, datt Griicheland a Bulgarien eis voll Ënnerstëtzung hunn“.

Esou kann et jo elo net weider goen

Wann déi europäesch Elite vu weiderer Ënnerstëtzung vir Griicheland a Bulgarien schwätzt, dann ass domatter den Asaz vun der EU-Grenzschutzagentur Frontex gemengt. Wéi déi dat soll goen, wou gewosst ass, dat Frontex net genuch Leit huet an zwéngend muss ausgebaut ginn, an zudeem dës Agence net d‘Mënsche schützt, mee ganz am Géigendeel d‘Gewalt un de Grenzen toleréiert.

An dësem Kontext – a mam Bewosstsinn datt et esou eppes wéi Solidaritéit ënnert den europäesche Partner net wierklech gëtt – muss och un d‘Situatioun vun de Flüchtlingen a Griicheland erënnert ginn. Esou liewen zur Stonn am a ronderëm d‘Flüchtlingslager vu Vathy (Insel Samos) eng 8.000 Mënschen. Dobäi huet d‘Lager u sech nëmme Plaz fir 650 Mënschen, wéi MSF nach emol betount.

FlüchtlingenEng grouss Angscht besteet zudeem doranner, datt mat dëse Flüchtlingsstréim, Ankara geziilt och radikalislamesch, fir net ze soen „Terroristen“ a Richtung Europa schleise wëll. Wéi och ëmmer, den Absichte vun der Tierkei kann een net mat politeschem Chaos begéinen. Wéi et ausgesäit, dierft et déi nächst Wochen – ofgesi vum Budget – richteg interessant ginn ze gesi wat d‘EU kann…

mat indymedia/ath/tlv/bru

Foto: Eng syresch Famill bereet sech drop fir d‘Nuecht an der äiseger Keelt ze verbréngen, iert si um Samschdeg de Versuch wëllen ënnerhuelen, d‘Grenz zu Edirne a Richtung Griicheland ze passéieren. © Emrah Özesen / IOM

Ähnlech Sujeten Bulgarien, Erpressung, EU-Kommissioun, Flüchtlingen, Frontex, Griicheland, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel