Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Een éischten, awer positive Bilan fir de Pappe-Congé!
when performing radioactive dating scientists measure the Neiegkeeten

trinidad and tobago singles dating sites

De Minister fir Aarbecht, Beschäftegung, Sozial- a Solidarwirtschaft Dan Kersch

dating inside your own race
when performing radioactive dating scientists measure the Neiegkeeten

Méi Respekt fir d’Cyclisten – Flashmob um 24. Juni!

Wien an der Stad op de Vëlo als Verkéiersmëttel zeréck

Als Client vun der POST dierfs de net presséiert sinn (e Kommentar)
when performing radioactive dating scientists measure the Neiegkeeten

Als Client vun der POST dierfs de net presséiert sinn (e Kommentar)

Eng Cliente vun der POST (telecom) hat Enn Mäerz mëttels

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?

Den europäesche Rechnungshaff op der sich no 1,1 Milliarden Euro

Muss d‘EU seng Flüchtlingshëllef an der Tierkei a Fro stellen?

Europäescht Geld ass agesat gi fir de Refugiéeën an der Tierkei ze hëllefen. Allerdéngs verweigert Ankara d‘Kommunikatioun vun enger Lëscht, an där d‘Beneficiaire vun dësem Geld opgefouert ginn. Doduerch muss een elo bezweiwelen, datt d‘Hëllef uerdnungsgemäss genotzt ginn ass.

Den europäesche Rechnungshaff, huet Interessi un enger initialer Hëllef an héicht vun 1,1 Milliarden Euro, déi am Kader vum Accord vun 2016 gefloss sinn. Et war e knaschtegt Geschäft, mee et wollt een d‘Migratioun a Richtung Europa ënnerbannen. Dat Geld war fir déi ronn 4 Millioune Flüchtlingen an der Tierkei, fir déi meescht Syrer, gemënzt.

„Mir kënne feststellen, datt d‘Geld zu de Refugiéeë geet, mee mir kënnen net sécherstellen, datt dat ganzt Geld och bei hinnen ukënnt. Et gëtt erhieflech Zweiwel“, esou d‘Bettina Jacobsen, Member vum Rechnungshaff. Et géif bedauert, datt et net méiglech mir d‘Beneficiairen, tëscht dem Amant vun der Registréierung an der effektiver Ausbezuelung ze verfollegen.

Ankara géif dës Informatiounen (de Numm vum Beneficiaire an d‘Aart vun der Hëllef déi deen erhalen huet) zréckhalen, mam Argument, datt den Dateschutz dat net erlaabt. Laut dem Bettina Jacobsen, déi schonn eppes méi laang fir de Rechnungshaff schafft, wier dat déi éischte Kéier, datt sech den europäesche Rechnungshaff esou e Refus agefaangen huet.

D‘Tierkei soll nach emol 3 Milliarden iwwerwise kréien

Si huet dann awer och preziséiert, datt d‘UN-Agencen an aner, u Projete bedeelegten Organismen, déi mat dëser Hëllef verbonne sinn, de Risk „kleng gehalen“ hunn. Déi hätten intern Kontrolle festgeluecht. Trotzdem recommandéiert de Rechnungshaff der EU-Kommissioun, Drock op Ankara ze maachen, fir dës Donnéeën ze erhalen. Dat méiglechst iert déi nächst Tranche ausbezuelt gëtt.

Heibäi geet et ëm net manner wei 3 Milliarden Euro. „An engem schwierege Kontext, hunn déi humanitär Projeten, de Refugiéeë gehollef hir fundamental Besoinen ze stëllen. Leider war d‘Benotze vun de Ressourcen net ëmmer optimal“, heescht et am Rapport deen den europäesche Rechnungshaff, zu dësem kontroverse Sujet erstallt huet.

Iwwregens, den europäesche Rechnungshaff mécht och opmierksam, op den Dissens deen et tëscht der EU-Kommissioun an den tierkeschen Autoritéite gëtt. Hei beispillsweis iwwert d‘Conduite vun Hëllefsprojeten, déi d‘Alimentéierung mat Waasser, an d‘Gestioun vum verbrauchte Waasser an den Offäll, betrëfft. Déi meescht Refugiéeën hätten d‘Lager verlooss fir an de Stied ze liewen.

Den europäesche Rechnungshaff ass der Usiicht, datt d‘Effizienz vun humanitäre Projete misst verbessert ginn. Kritiséiert gëtt notamment de Fait, datt bei der Iwwerpréiwung, d‘Kommissioun net koherent an exhaustiv gepréift hätt, op d‘Käschten esou wéi se am Budget festgehale gi sinn, och „verstänneg“ wieren. Mee sengerzäit war d‘EU-Kommissioun frou dem Problem lass ginn ze sinn.

Ähnlech Sujeten EU-Kommissioun, Europäesche Rechnungshaff, Flüchtlingshëllef, Tierkei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel