Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nuit des Lampions 2018 – eng magesch Nuecht fir dausende Leit
https://moien.lu/free-dating-sites-bay-area/

Nuit des Lampions 2018 – eng magesch Nuecht fir dausende Leit

Vergaangene Samschdeg huet d’Stad Wolz erëm Kleng a Grouss op

dating places in ernakulam
https://moien.lu/free-dating-sites-bay-area/

androgynous dating

Et ass roueg an der Haaptstad vum Ruanda. Een Dag

money
D’Shoppingstad Lëtzebuerg entwéckelt sech weider
https://moien.lu/free-dating-sites-bay-area/

D’Shoppingstad Lëtzebuerg entwéckelt sech weider

Leschten Donneschdeg huet de Stater Schäfferot d’Etüd iwwert den Handel

EU-Kommissiounspresident: „Flüchtlingskris eng Erausfuerderung“

EU-Kommissiounspresident: „Flüchtlingskris eng Erausfuerderung“

Den éischten Dag vum EU-Sommet huet sech ervirgedoen duerch eng demonstrativ Eenheet, mee déi sollt schnell gepréift ginn. Konfliktpotential um Freideg hat den däregen Dossier, dee sech der Flüchtlingskris unhëlt. Hei geet et drëms 160.000 Mënschen ëmzeverdeelen an de Jean-Claude Juncker war schonn am Virfeld vun de Gespréicher net optimistesch.

Sichtlech genervt

De Kommissiounspresident war dann och sichtlech genervt an sot hie kéint sech „keng allzegrouss Hoffnunge maache“ mam Bléck geriicht op d’Géigner vun enger Ëmverdeelung. Ungarn, Polen an d’Tschechien maachen dann och keen Heel dorausser, datt et fir si net a Fro kënnt Flüchtlingen opzehuelen. Fir de Juncker eng zolidd Erausfuerderung: „160.000 Leit an Europa ëmzeverdeelen, dat sinn 0,035% vun der Gesamtbevëlkerung vun der EU. Dat muss Europa packen.“

An de geplangte Schlussfolgerunge fir den EU-Sommet gëtt d’Fro vun der Ëmverdeelung awer net explizit ugeschwat. Hei heescht et gewinnt auswäichend, datt de Verzuch dee wéinst dem Sträit iwwert d’Asylreform agetrueden ass „d’Gläichgewiicht tëscht Verantwortung a Solidaritéit“ grondsätzlecht net a Fro stellt.

Nieft dem Problem vun der Ëmverdeelung hunn d’Staats- a Regierungscheffen och iwwert d’Situatioun vun der Flüchtlingsroute am Mëttelmier beroden. Den Informatioune vum UNHCR folgend sinn bis ewell 71.000 Mënschen an Italien ukomm, déi meescht heivunner iwwer Libyen. Am Entworf vun der Sommet-Erklärung, gëtt dann och déi vun der EU ugefaangen Ausbildung vun der libyscher Küstewaach als „Schlësselelement“ bezeechent.

„Dëse Schratt geet net wäit genuch“

Och zu de Brexit-Verhandlungen huet sech de Jean-Claude Juncker äusserst kritesch ausgedréckt. Gefrot, op hien an Tëschenzäit wéisst wat déi britesch Regierung dann elo wëll erreechen, äntwert de Kommissiounspresident mat engem kloren „NEE“. Zu der Offer vum Theresa May betreffend d’Rechter vun den EU-Auslänner nom Austrëtt aus der Unioun seet de Juncker: „Dat ass ee Schrëtt, mee dëse Schrëtt geet net duer“.

Déi britesch Premierministesch hat um Donneschdeg de Staats- a Regierungscheffen ee Virschlag gemaach, wéi d’Rechter vun den EU-Auslänner a Groussbritannien kéinte geséchert ginn. Wien also derzäit am Vereente Kinnekräich lieft, soll deemno net gezwonge ginn d’Land ze verloossen. Si ass awer net averstanen, datt sech den europäesche Geriichtshaff d’Konditiounen ukuckt an doriwwer bestëmmt.

Um Enn vum Sommet hunn d’Angela Merkel an den Emmanuel Macron Eenegkeet gewisen an eng gemeinsam Pressekonferenz ginn. Dat ass net üblech, normalerweis maachen se dat jidderee fir sech. Dëse Schratt léisst sech awer duerch eng Ausso vum franséische President, déi hien um Donneschdeg gemaach hat, rechtfäerdegen. „Frankräich an Däitschland schaffen Hand an Hand“, sot de Macron.

mat AFP

Foto: De Jean-Claude Juncker huet um EU-Sommet der Press seng Siicht op villes matgedeelt. (© John Thys/AFP)

Ähnlech Sujeten EU, Flüchtlingen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel