Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den Anthony Scaramucci, erkläert
International Neiegkeeten

Den Anthony Scaramucci, erkläert

Den Anthony Scaramucci huet zwou Wochen erlieft, déi duer goe

money
EU-Kommissioun als Spillverdierwer bei geplangter Hochzäit vu Siemens-Alstom
International Neiegkeeten

EU-Kommissioun als Spillverdierwer bei geplangter Hochzäit vu Siemens-Alstom

Wéi gëschter zu Bréissel d‘EU-Kommissioun säi Veto zur Industriehochzäit tëscht

Wat geschitt mat Syrien nom Ofzuch vun den US-Truppen? (Analys)
International Neiegkeeten

Wat geschitt mat Syrien nom Ofzuch vun den US-Truppen? (Analys)

Nodeems den Donald Trump beschloss huet seng Zaldoten aus Syrien

Flüchtlingskris: Sträit ëm onbegleete Mannerjäreger

Flüchtlingskris: Sträit ëm onbegleete Mannerjäreger

Europa ass ee Staatebond vu 27 Länner, déi sech mat Verträg a vill politeschem Engagement, een deem anere Solidaritéit a Bäistand versprach hunn. Zur Entlaaschtung vun de Flüchtlingslager a Griicheland, hunn sech grad emol siwe Länner fanne gelooss, déi bereet si bis zu 1.600 Kanner (onbegleete Mannerjäreger) a krank/schwanger Flüchtlingen opzehuelen. Dat ass erschreckend.

An esou sinn et op en neits Däitschland, Frankräich, Finnland, Irland, Kroatien, Lëtzebuerg a Portugal, déi sech als „Koalitioun vun de Wëllegen“ presentéiert. Wann dann déi europäesch Kommissärin fir Bannenzegugeleeënheeten, Ylva Johansson zur Äusserung „Dat ass ee gudde Start“ verleede léisst, dann dierf een dat schonn als iwwerdriwwenen Optimismus bewäerten.

FlüchtlingskrisLaut dem griichesche Biergerschutzministère halen sech aktuell zu Lesbos, Samos, Kos, Leros a Chios, ronn 42.500 Flüchtlingen/Migranten op. Eigentlech läit d‘Kapassitéit insgesamt bei 6.000 Mënschen, mee gëtt net den Usaz vun engem Unzeechen, datt sech d‘Situatioun kuerz- oder Mëttelfristeg verbessere kéint. An hei ass nëmme vun de Lager op den Ägäis-Insele rieds.

Vun dëse ronn 42.500 Flüchtlingen, esou déi vun der EU-Kommissioun virgeluechten Zuelen, sinn eng 5.500 mannerjäreg Jugendlecher. Bezitt ee sech op déi vun de griicheschen Autoritéite genannt Zuelen, wieren 90% vun dësen onbegleete Mannerjäregen, ëm 14 Joer jonk. Wien elo zu den 1.600 „Auserwielte“ gehéiert, huet d‘Kommissärin Ylva Johansson net am Detail erkläert.

FlüchtlingskrisGewosst ass bis ewell just, datt et sech an éischter Linn ëm eben onbegleete Mannerjäreger, Kanner an aner fragiliséiert Mënschen handele soll. Frankräich huet annoncéiert Famillje mat klenge Kanner eppes Virrang zouzegestoen. Am Mee soll et eng Konferenz ginn, bei där iwwer eng weider Hëllef fir d‘Kanner an déi Jugendlech an de griichesche Lager statuéiert soll ginn.

Als weider Ukënnegung: ee Programm zur fräiwëlleger Réckféierung vu Migranten an hir Heemecht. Laut dem Ylva Johansson, sollen sech 1 Mount laang Migrante mellen dierfen, déi virun engem Joer an engem vun de Flüchtlingslager op den Ägäis-Inselen ukomm sinn. Wie gewëllt ass nees d‘Heemrees unzetrieden, soll d‘Réckféierung mat 2.000 Euro verséisst kréien.

FlüchtlingskrisFir de griichesche Migratiounsminister Notis Mitarakis geet dat verständlecherweis net wäit genuch an hie fuerdert alt nees eng séier a gerecht Verdeelung vun de Flüchtlingen/Migranten. Bis ewell ass d‘Lag „onausgeglach“, déi griichesch Inselen hätten déi ganz Laascht ze droen a géifen dorënner zerbriechen. Zudeem bréicht et méi Ënnerstëtzung géintiwwer dem tierkeschen „Drock“.

Wat d‘Virwërf betrëfft, déi sech op Verstéiss géint geltend Vëlkerrecht bezéien, esou ass den Notis Mitarakis sech deem duerchaus bewosst: „Mir hunn en nationalen Noutfall, an datt et esouwuel fir Europa wéi och fir Griicheland vun entscheedender Bedeitung ass déi gemeinsam Grenze musse geschützt ginn, net diskutabel“. An ouni en Zeeche vu Solidaritéit, ännert sech dorunner näischt.

mat indymedia/ath/bru

Ähnlech Sujeten Ägäis-Inselen, Flüchtlingskris, Flüchtlingslager, Griicheland, Mannerjäreg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel