Search

You may also like

Brexit: Ouni Handelsaccord wëllen d‘Briten d‘Scheedung net bezuelen
Neiegkeeten

Brexit: Ouni Handelsaccord wëllen d‘Briten d‘Scheedung net bezuelen

Wann een et net mat vernënftege Virschléi hikritt, da versicht

Sozialwahlen 2019: den OGBL wëll den Doublé
Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: den OGBL wëll den Doublé

Si ass ënnert de Gewerkschaften déi onbestridden Nummer 1, an

Mazedonien wëll an d’EU
Neiegkeeten

Mazedonien wëll an d’EU

De Sozialdemokrat Zoran Zaev, deen haut als Premierminister vu Mazedonien

Wëllkomm zu Lëtzebuerg!

Wëllkomm zu Lëtzebuerg!

Den 29. September 2020 huet de Minister Jean Asselborn um Findel eng éischt jonk Famill an hir dräi Kanner zu Lëtzebuerg wëllkomm geheescht. Si kommen aus dem Flüchtlingslager Moria.

Déi jonk Famill kennt aus dem Afghanistan, d’Kanner hunn 10, 8 an 7 Joer.

Nom Feier am Camp Moria op der griichescher Insel Lesbos Ufank September huet de Minister Asselborn signaliséiert, datt Lëtzebuerg bereet wier, fir sech um europäeschen Niveau solidaresch ze bedeelegen.

Aus dësem Grond géing Lëtzebuerg ufanks 15 Flüchtlingen aus dem Moria Camp begréissen, fir déi prekär Situatioun an den iwwerfëllte Flüchtlingslageren a Griicheland ze ofzeschwächen.

Mat der Arrivée vun dëser Famill, souwéi der nach geplangter Arrivée vun enger weiderer Famill a verschiddenen onbegleete Mannerjäregen aus dem Moria Camp, huet Lëtzebuerg zënter dem 01. Januar 2020 insgesamt 125 Flüchtlingen aus Griicheland opgeholl.

Dës Ëmsiidlung ass Deel vun der Hëllef déi Lëtzebuerg Griicheland gëtt – an am ëmfaassende Kontext vun der Migratiounskris mat där dëse Memberstaat vun der Europäescher Unioun zënter e puer Méint konfrontéiert ass, besonnesch wéinst dem grousse Verbreedungsrisiko vum Coronavirus an iwwerfëllte Flüchtlingslageren.

Opmaacherbild: © MAEE

Related topics Afghanistan, Feier, Flüchtlingen, Flüchtlingsfamill, Flüchtlingslager, griichesch Hallefinsel, Jean Asselborn, Wëllkomm
Next post Previous post