Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Kultur Neiegkeeten

Konditiounen-Gewennspill2018

Wien dierf deelhuelen? Um Gewënnspill dierf all volljäreg Persoun (min.

Kommandant vun US-Küstewaach verdeedegt Transgender-Personal
Kultur Neiegkeeten

Kommandant vun US-Küstewaach verdeedegt Transgender-Personal

De Kommandant vun der amerikanescher Küstewaach, Paul Zukunft, huet haut

Eeler Persounen an der Coronakris: Divers Erausfuerderung, awer engagéiert Personal
Kultur Neiegkeeten

Eeler Persounen an der Coronakris: Divers Erausfuerderung, awer engagéiert Personal

Op Ufro vun der CSV hu gëschter bei enger Videokonferenz

Fréijoersgefiller zu Fluessweiler: 53 weider Beem fir de Bongert

Fréijoersgefiller zu Fluessweiler: 53 weider Beem fir de Bongert
© Shari Pleimelding/moien.lu

Am Kader vum nationalen Dag vum Bam sinn an der Gemeng Fluessweiler, zesumme mat der Biologescher Statioun SIAS (Syndicat intercommunal pour l’assainissement du bassin hydrographique de la Syre) 53 Uebstbeem geplanzt ginn. Domat wëll een de Bongert zu Buchholz net nëmmen ästhetesch ervirhiewen, mee och ee Beitrag zum Erhalt vun der Diversitéit vu regionaltypeschen Uebstbeem, de Liewensraim fir zuelräich Déieren an den Natur-an Ëmweltschutz leeschten.

Eigentlech hätt dës Aktioun nach zu de Festivitéite vum nationalen Dag vum Bam 2019 misse gehéieren an eigentlech wollt een just 40 Beem (2 Mol 20 Stéck fir d’Joer 2020) planzen. Den Terrain vun der Famill Mangen huet awer méi hierginn, an esou huet ee sech am Endeffekt fir 53 Beem – ënnerdeelt an 33 Äppelbeem, 10 Birebeem an 10 Quetschen-, Mirabellen- a Prommebeem – entscheet. Dobäi huet een 26 verschidden Uebstzorten ausgewielt, déi typesch fir d’Regioun an d’Land sinn.

D’Diversitéit vun der nationaler Natur erhalen

D’Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet sech immens iwwert dës Aktioun, am Sënn vum proaktiven Naturschutz, gefreet. Et géif een eng Investitioun an d’Zukunft maachen, sou datt eis Kanner an Enkele vum natierleche Räichtum profitéiere kënnen. Wat fréier eng Noutwennegkeet war – schliisslech huet een d’Uebst vum Bongert fir Gebeess, Taarten a vläicht och emol eng Drëpp gebraucht – geréit no an no a Vergiessenheet. Ëmsou méi ee grousse Respekt hunn all déi Akteure verdéngt, déi sech ëm den Erhalt an d’Fleeg vun den nationale Bongerte këmmeren.

Bleiwe mer bei der Fleeg, dann ass d’Planze vu jonken Uebstbeem an d’Zeréckschneide vun ale Beem eng essentiell an zentral Aufgab vun der Biologescher Statioun SIAS. Säit senger Kreatioun konnte schonn 7.000 Uebstbeem an de Buedem kommen, wouduerch wichteg Liewensraim fir zuelräich geschützt Déieren- a Planzenaarte gebuede ginn. Fir de Réckgang vun der landschaftsprägender Kultur weider entgéint ze wierken, huet de SIAS beim Fonds pour la Protection de l’Environnement ee Projet vu 5 Joer ugefrot, mam Zil fir all Joer 1.500 nei Uebstbeem mat regionaltypeschen Zorten ze setzen.

Mat passendem Wieder ass et schliisslech un d’Wierk gaangen. Equipéiert mat Schëpp, Stiwwelen a Motivatioun hunn déi zuelräich kleng a grouss Gäscht fir déi 53 jonk Uebstbeem eng passend Plaz fonnt. Mat dobäi waren ënnert anerem d’Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch, de Roger Bathelmy, Buergermeeschter vun der Gemeng Fluessweiler an de Jean Schiltz, President vum SIAS.

D’Biologesch Statioun SIAS: Zesumme fir den Naturschutz

Als eng vun de 5 biologesche Statiounen zu Lëtzebuerg huet de SIAS folgend Ziler:

  • Plangen an Ëmsetze vu konkreten Naturschutzprojeten;
  • Berodungsplaz ronderëm d’Thema Naturschutz (fir Baueren, Privatpersounen a Gemengen)
  • Wëssenschaftlech Ënnersichungen zu bedreeten Déieren- a Planzenaarten
  • Informatioun a Sensibiliséierung zu Natur- an Ëmweltschutzthemen

Bei eng biologesch Statioun handelt et sech ëm eng interkommunal Ariichtung, déi mat der finanzieller Ënnerstëtzung vum Ëmweltministère an hire Gemengen an enker Zesummenaarbecht mat der Natur- a Bëschverwaltung Projete fir den Naturschutz an den Erhalt vun der Landschaft an de Gemengen ausféiert.

Vergiesst net d’Billergalerie uewen unzekucken © Shari Pleimelding/moien.lu

Ähnlech Sujeten 53 Beem, Bongert, Carole Dieschbourg, Dag vum Bam, Diversitéit, Ëmwelt, Flaxweiler, Fluessweiler, Jean Schiltz, Natur, Roger Bathelmy, SIAS
Nächsten Artikel Virrechten Artikel