Net jidderee kann sech mat dëser Bréck ufrënnen
D’Stad Lëtzebuerg kennt e puer Evergreen-Themen. Bescht Beispill dierft do
D’Stad Lëtzebuerg kennt e puer Evergreen-Themen. Bescht Beispill dierft do
Haut geet et nees duerch d’Land! Dës Kéier konzentréiere mer
Et ass déi éischte Kéier, datt sech de nationale Fong fir d’Fuerschung (FNR) engagéiert huet, zwee Projeten ze finanzéieren, déi zu der Entwécklung vun der Initiativ SpaceResources.lu kënne bäidroen.
Zwee ëffentlech Fuerschungsinstituten erhale jiddereen eng beträchtlech Zomm, fir déi kollaborativ Projete mat der Mound-Erfuerschungsgesellschaft „ispace“ unzegoen. Fir d’Realisatioun stellt den FNR ronn 700.000 Euro bereet.
D’Projeten, déi vun ispace Europe SA, de lëtzebuergeschen Institut fir Wëssenschaft an Technologie (LIST) an den interdisziplinären Zenter fir Sécherheet, Zouverlässegkeet a Vertrauen (SnT) vun der Uni Lëtzebuerg gefouert ginn, si vum FNR am Kader vun den Appeller 2017-2 CORE-PPP an AFR-PPP berécksiichtegt ginn.
Lëtzebuerg huet fir international Opmierksamkeet gesuergt, wéi et säi Gesetz zur Erfuerschung a Notzung vun de Weltraumressourcen ëmgesat huet. Lëtzebuerg ass domatter dat éischt europäescht Land, dat e legale Kader ubitt, dat privaten Operateuren hir Rechter op d’Notzung vun de Ressourcen déi se aus dem Weltraum zéien, ofséchert.
Dëse legale Kader ass de Schlëssel fir eng allgemeng Strategie, déi vum Wirtschaftsministère innerhalb der Initiativ SpaceResources.lu festgeluecht ginn ass, där hiert Zil et ass innovativ Projeten a fortschrëttleche Weltraumtechnologien ze ënnerstëtzen.
Et dierf een dann och drun erënneren, datt Lëtzebuerg op eng laang Geschicht an der Weltrauminnovatioun zréckblécke kann. 1985 ass am Kader vun enger Ëffentlech-Privater-Partnerschaft (PPP) déi europäesch Satellitte-Gesellschaft (SES) gegrënnt ginn. Haut ass d’SES dee weltwäit gréissten Operateur vu kommerzielle Satellitten, mat Sëtz zu Betzder.
Am Abrëll 2017 hat sech den FNR enger Wirtschaftsmissioun ugeschloss, déi vum Ierfgroussherzog geleet ginn ass an op d’US-Westküst gefouert hat. Bei der Rees war och e Besuch beim NASA-Fuerschungszenter „Ames“ abegraff. Mat hinnen huet den FNR och e Kooperatiounsaccord.
Ausserdeem stounge Visitten an Entrevuë mat Gesellschaften um Programm, déi un der Initiativ SpaceResources.lu interesséiert sinn. Den FNR-Generalsekretär Marc Schiltz, weist dann och drop hin, datt et wichteg ass, datt déi ëffentlech Fuerschung vun Ufank un mat derbäi ass.
Am bestoende Fall, sollen den SnT an ispace e Navigatiounssystem fir d’Gefier dat de Mound soll erfuerschen, entwéckelen. Dëse Projet gëtt geleet vum Holger Voos (SnT) an dem Julien Alexandre Lamamy (ispace Europe SA). De LIST an ispace hunn hirersäits wëlles, e Masse-Spektrometer ze entwéckelen. Eng Zesummenaarbecht déi un de fréiere Projet „Fieldspec“ uschléisst.