Search

You may also like

Osteopathie: Ab 2018 endlech unerkannt
Neiegkeeten

Osteopathie: Ab 2018 endlech unerkannt

Et ass e verkannte Beruff, a vill schwätze gäre vum

Prisongsreform: ALOS an LDH fuerderen eng Transitiounsperiod
Neiegkeeten

Prisongsreform: ALOS an LDH fuerderen eng Transitiounsperiod

De Mëssstand am Prisong vu Schraasseg, wou et rezent zum

Paräis: Gesondheetsministesch Agnès Buzyn iwwerhëlt Kandidatur
Neiegkeeten

Paräis: Gesondheetsministesch Agnès Buzyn iwwerhëlt Kandidatur

Nodeems de Benjamin Griveaux, presidentielle Kandidat fir dat prestigiéist Mandat

Foire Agricole Ettelbréck mat neie Rekorder

Déi 36. Editioun hat de Weekend bal 40.000 Besicher ugezunn

Foire Agricole Ettelbréck mat neie Rekorder

De Weekend iwwer war et nees esou wäit: D’Foire Agricole Ettelbréck (FAE) gëllt als ee ganz wichtegen Treffpunkt vun alle Beruffssparten aus dem grénge Secteur, dem Handel, souwéi der Agrarfuerschung, an huet dëst Joer zueleméisseg sämtlech Rekorder gebrach. Op enger Fläch vun iwwer 9 Hektar hunn 327 Aussteller knapps 40.000 Besicher empfaangen.

Zanter ville Joren organiséiert d’Stad Ettelbréck d’Foire Agricole. Dës landwirtschaftlech Ausstellung gëllt als wichtegt Aushängeschëld fir d’Lëtzebuerger Landwirtschaft. Dobäi gëtt vill Wäert op d’Virstellung vu Lëtzebuerger Produite geluecht. Do dernieft spillt d’Sensibiliséierung vum Konsument bei der Entdeckung vu regionale Produiten och ëmmer méi eng grouss Roll. Et ass och den Austausch mat de Professionellen, deen de Besuch fir vill Leit besonnesch mécht.

Zefridden Aussteller a vill Gebuertsdeeg

De Groussdeel vun den aus aacht verschiddene Länner kommenden Aussteller a Partner weist sech méi wéi zefridden no dësem Weekend. Verständlech, wann een an esou engem flotte Kader d’Méiglechkeet hat, sech mam Client ze ënnerhalen a Vertrauen zu dësem opzebauen. Ënnert den Aussteller hu sech verschidde Ministèren, Ziichterverbänn, landwirtschaftlech Organisatiounen, lokal Produzenten souwéi déi üblech grouss Acteuren aus dem Lëtzebuerger Liewensmëttelberäich erëmfonnt.

Op enger Rei Informatiounsstänn konnte Grouss a Kleng sech iwwer Fleesch a Mëllech méi schlau maachen. Virun allem e jonke Public hat d’Geleeënheet, déi wichtegst Etappe bei der Veraarbechtung vu landwirtschaftleche Produiten ze erfuerschen. Och konnte si Déiere vum Bauerenhaff heemelen, déi selbstverständlech de ganze Weekend ënnert der Opsiicht vu Véidoktere stoungen.

Grond ze feieren haten dann och direkt e puer “Clibb”: D’Lëtzebuerger Landjugend a Jongbaueren huet de 60. Gebuertsdag gefeiert, d’Centrale Paysanne feiert dogéint schonn hiert 75. Bestoen, Lëtzebuerger Broutweess ënnert dem Label “produit du terroire” gëtt et zanter 25 Joer, de Lëtzebuerger Zuchtverband vu Klengpäerd a Spezialrassen (LZKPDS) säit 20 a Luxlait ass mat hiren 125 Joer scho richteg al, ma trotzdem a Form.

Fir déi 37. Oplo nächst Joer kann all Interesséierten sech de Weekend vum 3. bis de 5. Juli 2020 am Kalenner markéieren.

Opmaacherbild: © FAE

Related topics FAE, Foire Agricole, Foire Agricole Ettelbréck, Landwirtschaft
Next post Previous post