Search

You may also like

Buergermeeschter viru Geriicht wéinst Referendum
Neiegkeeten

Buergermeeschter viru Geriicht wéinst Referendum

Gutt 40 Buergermeeschter aus Katalounien sinn opgefuerdert sech viru Geriicht

dislike
Malta weist Schëff mat iwwer 600 Migranten zréck
Neiegkeeten

Malta weist Schëff mat iwwer 600 Migranten zréck

Malta huet um Sonndeg säi Refus confirméiert e Schëff, vun

Chef vum Pentagon léisst sech vum US-President scheeden
Neiegkeeten

Chef vum Pentagon léisst sech vum US-President scheeden

En Donneschdeg huet et an den USA nees e politescht

Am Fokus vun der Schoulrentrée

2020/21 steet am Zeeche vum Covid19, ëm esou méi wichteg ass et sech ëm d‘Wuelbefannen an d‘Zukunftschance vun de Schüler a Studenten ze këmmeren

Am Fokus vun der Schoulrentrée

De Volet „sanitär Sécherheet“ hat den Educatiounsminister Claude Meisch (DP) déi lescht Woch ausféierlech an déifgräifend behandelt, an och beim Programm, den Neiegkeeten an den Ziler fir d‘Schouljoer 2020/21, ass näischt ausgelooss ginn. Zu de Prioritéite gehéieren d‘Wuelbefannen an d‘Zukunftschancen, mee et geet och méi generell ëm déi Erwuessen a Weider- oder Fortbildung.

Fir direkt d‘Jalonen ze setzen, huet de Claude Meisch e Constat virbruecht: Wann am Lockdown dat soziaalt Liewen ugehale ginn ass, esou huet d‘Verständnis an den Ëmgang mat neien Technologien ee risege Schratt no vir gemaach. An dësem Sënn wier et elo wichteg a richteg, d‘Kadenz eppes ze héijen, fir sécherzestellen, datt kee Kand a jonken Erwuessenen elo hei den Uschloss verpasst.

Et gëtt also däitlech drëms, d‘Nowéie vum Lockdown an de Grëff ze kréien an allen d‘Bréck zur Digitaliséierung zougänglech ze maachen. Schliisslech géif sech den Optrag vun der Bildung net drop begrenzen „Wëssen ze vermëttelen a Kompetenzen ze stäerken“, déi soll der Entwécklung vun de jonke Mënschen am grousse Ganze fërderlech sinn. Eng zolidd Erausfuerderung, fir jiddereen.

D‘Welt gëtt Digitial

Festzestellen ass och, datt obwuel d‘Aktivitéiten an de Veräiner an Associatiounen nees ugelaf sinn, vill Jugendlecher nach net de Wee dohinner zeréckfonnt hunn. Mee och dës Aktivitéiten, op Sport, Museksunterrecht oder wat et soss nach alles sou gëtt, si gläichfalls wichteg, fir jonke Mënschen ze erméiglechen hir sozial Kompetenzen auszebauen a sech ee soziaalt Ëmfeld ze gestalten.

Natierlech bedeit dat och, datt d‘Enseignante mussen op de „leschten technesche Stand“ bruecht ginn, firwat dann och Spezialiste rekrutéiert goufen, déi esouwuel de Schüler, wéi och hire Kolleege wäerte mat der noutwenneger Sachkenntnis zur Säit stoen. Besonnesch déi eeler Enseignanten, dierften hei hire „Scheewercher“ hannendru lafen, esou wéi dat och fir vill Elteren de Fall ass.

Wann et also wichteg gëtt, d‘Digitaliséierung am Enseignement op een neien Niveau ze bréngen, esou muss hei gewosst sinn, datt den Ëmgang net nëmme mat Mooss, mee och mat Virsiicht ze genéissen ass. Zudeem soll de Kanner zäiteg den Ëmgang, d‘Funktiounsweis an d‘Virdeeler vun der Digitaliséierung enseignéiert ginn. Dëst Joer start et am Mathematikscours vum 5. Schouljoer.

Keng Science-Fiction

Bei deene ganz Jonke wëll een et dann och méi gemälleg ugoen, et geet ëm de sougenannte Coding a d‘Verstoe wéi d‘Maschinnen denken, wat et mat Algorithmen op sech a villes méi. Wichteg wier et ze vermëttelen, datt de Mënsch an net d‘Maschinn d‘Kontroll huet. Dat mécht jo Sënn, ëmmer méi didaktescht Material ass am numeresche Format disponibel, an et steet een nach um Ufank.

Fir sécherzestellen, datt kee Kand benodeelegt gëtt, huet de Ministère zolidd investéiert a 15.000 Tablette bestallt, fir dat och sougenannt sozial méi prekär Schichten ee gläichberechtegten Zougang hunn. Schonn am Kontext vum Confinement, ware mam Programm „One2One“ eng 20.000 dëser „Maschinnen“ u Schüler ausgehänndegt ginn. Natierlech muss elo och jidderee seng Chance notzen.

Mee nieft dem Digitale gëtt et och nach aneres, wourëms sech an der Schoul muss gekëmmert ginn. An de Schoulen dierf d‘Wuelbefanne kee bäileefege Sujet fannen. Nach ëmmer kënnt et vir, datt jonk Mënschen, déi sech onopfälleg behuelen a bei deenen een net vun „onwuel sinn“ ausgeet sech d‘Liewen huelen. De Suizid awer dierf keen Tabuthema sinn, hei muss besser uecht gedoe ginn.

Zäit sënnvoll notzen

Wa gewosst ass, datt et den Ament net wierklech einfach ass eng Schaff ze fannen, esou sollt een sech net domadder zefriddestellen, datt et duer geet eemol de Mount op d‘ADEM ze lafen a säi Gesiicht ze weisen, mee een déi Zäit bis zur Astellung sënnvoll sollt notzen. Dofir gëtt et de Programm „Diplom+“, wou ee Coursen ugebuede kritt déi engem a spezifesche Beräicher, eng op d‘Besoine vum Aarbechtsmaart ugepassten Zousazformatioun offréiert. E clevere Schachzuch.

Mee och déi „nei Bierger“, besonnesch déi wou nach an d‘Schoul mussen, solle besser encadréiert ginn, hir Stäerkten a Schwächte solle besser analyséiert ginn, fir dann och déi richteg Orientatioun am Kontext vun der Educatioun ze erméiglechen. Hei goufen 30 nei Poste geschafen, wat engem besseren Accueil dierft entgéint kommen. Eng änlech Approche gëtt et och am Beräich vun de Kanner mat spezifeschen Ufuerderungen. Och hei ass d‘Personal Konsequent opgestockt ginn.

Wéi ee ka gesinn, den Educatiounsminister a seng helle Wull u Beamten hunn sech an de leschte Wochen a Méint net gelangweilt. Et wäert wuel – dat läit an der Natur vun der Saach – nach op där enger oder anerer Plaz zu Konfliktsituatioune kommen, mee am grousse Ganze sollt alles säi Wee lafen. Och bei der Erwuessenebildung ass villes op déi „nei Zäit“ ugepasst ginn. Interessant dierft et sinn, elo de Standpunkt vun de Gewerkschaften an den Elterevereenegungen gewuer ze ginn.

Foto: Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Claude Meisch, Digitaliséierung, Educatiounsministère, Schoulrentree, Wuelbefannen
Next post Previous post