Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Doktere vun der Welt: Ouni Krankeversécherung an Doheem duerch d’Pandemie
Neiegkeeten

Doktere vun der Welt: Ouni Krankeversécherung an Doheem duerch d’Pandemie

D’Doktere vun der Welt setze sech virun allem aus Benevollen

Schwéiert Accident zu Iewerleng
Neiegkeeten

Schwéiert Accident zu Iewerleng

Aus dem Policebericht ass ze enthuelen, datt et de Moien

US-Friddensplang gouf am UN-Sécherheetsrot beroden
Neiegkeeten

US-Friddensplang gouf am UN-Sécherheetsrot beroden

Am UN-Sécherheetsrot zu New York war gëschter dee vum Donald

Fondation Cancer: D’Fuerschung vu Broschtkriibs ënnerstëtzen

AURORA: Ee Fuerschungsprojet fir méi Verständnis

Fondation Cancer: D’Fuerschung vu Broschtkriibs ënnerstëtzen

Mat engem Scheck an Héicht vun 1.026.000 € ënnerstëtzt d’Fondation Cancer den AURORA-Projet, deen als Zil huet, déi genetesch Progressioun vu Broschtkriibs besser ze verstoen a virun allem d’Anomalien ze identifizéieren, déi Metastasë verursaachen.

Am Kader vun der Fuerschungsfërderung hunn den Dr. Carlo Bock, President vun der Fondation Cancer an d’Lucienne Thommes, Direktesch, de Scheck a siwestelleger Zomm un d’Prof. Dr. Martine Piccard vum BIG against breast cancer iwwerreecht.

Broschtkriibs: Et gëtt nach vill ze fuerschen

Wat méi Mënsche vun enger Krankheet betraff sinn, wat d’Fuerschung sech méi intensiv mat der Erkrankung ausenaner setzt. Genau dat gëllt och fir de Broschtkriibs, bei dem ee schonn eng grouss Bandbreet u Behandlungen entwéckele konnt. Gëtt dës Kriibszort fréi entdeckt a behandelt, da sinn d’Therapien heefeg immens effektiv an d’Heelungschancen leie bei iwwer 90%.

Mat ëmfaassende Moossnamen zur Fréierkennung an diversen therapeuteschen Optioune kéint een unhuelen, datt sech de Problem vun dëser Krankheet erleedegt hätt. Leider gesäit d’Realitéit awer anescht aus, wëll 1 vu 4 Broschtkriibse mat Metastase verbonnen ass.

Ee Fuerschungsprojet fir de metastaséierende Prozess ze verstoen

BIG, also de Breast International Group, huet ënnert dem wëssenschaftlechen Numm AURORA een immens ambitiéise Fuerschungsprogramm an d’Liewe geruff. Zil ass et ee bessert Verständnis zur Metastaséierung vu Broschtkriibs ze kréien. Nom Virbild vun engem Navigatiounssystem, deen de Wee ugëtt, wëll BIG duerch d’Analys vun de Genen novollzéien, wéi ee Wee d’Kriibszellen am Kierper ginn.

Elo hofft een dës sougenannt Zellrouten blockéieren ze kënnen, beispillsweis mat Hëllef vu spezifesche Medikamenter, an d’Kreatioun vu Metastasë méi lues viru schreiden ze loossen oder souguer ze stoppen.

AURORA

12 Länner, 60 Spideeler, 1000 Patienten

Am Programm ginn 1000 Patienten abezunn, déi bis zu 10 Joer laang begleet ginn. Heibäi ginn hir Tumoren analyséiert. Méiglech gëtt dës Initiativ duerch eng aktiv Zesummenaarbecht mat méi wéi 60 Spideeler a ganzer 12 europäesche Länner. Duerch den Ëmfang an déi héich Ambitioune gëtt erwaart, datt den AURORA-Programm iwwert e puer Joer zuelräich nëtzlech Resultater erzilt. Déi éischt wëssenschaftlech Erkenntnisser goufen am Kader vum ESMO Breast Cancer Kongress am Mee 2019 zu Berlin presentéiert.

Duerch d’Bedeitung vun der Etüd an de wëssenschaftleche Fortschrëtt, dee fir méi Verständnis vu Broschtkriibs suerge kéint, huet d’Fondation Cancer decidéiert, de Programm duerch d’Finanzéierung vun engem Deelberäich – dem lobuläre Broschtkriibs – ze fërderen.

Fondation Cancer – Fir iech, mat iech, dank iech

D’Fondation Cancer ass 1994 zu Lëtzebuerg gegrënnt ginn a wierkt schonn zënter 25 Joer am Beräich vum Kampf géint de Kriibs. Nieft Informatiounen zur Preventioun, der Fréierkennung an dem Liewe mat Kriibs ass et hir Missioun de Patienten, hirer Famill an de Frënn ze hëllefen.

D’Finanzéierung vu Projeten an der Recherche ass ee weidere Volet, deen d’Fondation Cancer zu sengen Aufgaben zielt. Si selwer organiséieren all Joer de Relais pour la Vie. Wann och Dir d’Fondatioun ënnerstëtze wëllt, da kuckt emol ënnert www.cancer.lu laanscht oder maacht een Don op den CCPL IBAN LU92 1111 0002 8288 0000.

Opmaacherbild: Scheck-Iwwerreechung vu Fondation Cancer fir den AURORA-Projet © Fondation Cancer

Ähnlech Sujeten AURORA-Projet, BIG against breast cancer, Breast International Group, Broschtkriibs, ESMO Breast Cancer Kongress, Fërderung, Finanzhëllef, Fondation Cancer, Fuerschungsprogramm, Medikamenter, Preventioun, Prof. Dr. Martine Piccard
Nächsten Artikel Virrechten Artikel