US-Budget: Washington kritt e Kompromëss hin
Eigentlech ass de Fait, datt sech den US-President an den
Eigentlech ass de Fait, datt sech den US-President an den
[onionbuzz quiz-id=134][/onionbuzz] D’Premierministere kënnen sech zu Lëtzebuerg relativ laang halen.
De George Lucas (Lucasfilm) hat d‘Ära Star Wars 1977 lancéiert,
Ma, och wann zuelräich Concerten hu missen ofgesot ginn, ass dat fir d’Fondation EME kee Grond, de Leit net weiderhin Freed un der Musek ze vermëttelen. Schliisslech maachen déi nei Technologien et hautdesdaags méiglech, per Video den Alldag vun eelere Leit ze verséissen. Aus dësem Grond mécht d’Fondation EME ee ganz waarmen Appell un d’Museker dobaussen: Mat engem klenge musikalesche Video gëtt all deenen eng immens Freed gemaach, déi duerch déi aktuell Situatioun kee Besuch vun hire Famillen empfänke kënnen.
Wéi soll dat goen? Et ass ganz einfach:
D’Fondatioun këmmert sech uschléissend dorëm, datt dat musikalescht Wierk um Zil ukënnt. Bis ewell goufen schonn e puer flott Projete realiséiert, wouriwwer d’Alters- a Fleegeheemer immens dankbar waren. Endlech e bëssen Ofwiesslung!
Bei weidere Froen kënne sech Interesséierter beim Sarah Bergdoll via contact@fondation-eme.lu mellen.
© Sarah Bergdoll
Scho säit 2009 ass et d’Missioun vun der Fondatioun EME, fir Mënschen een Zougang zur Musek ze erméiglechen, déi vum kulturelle Liewen ausgeschloss ginn. Dës sozial Initiativ mat heelendem Charakter ënnerstëtzt een interaktiivt Musek-Erliefnis a bréngt divers Gruppen zesummen, fir un de räichhaltegen Offeren deelzehuelen. Am vergaangene Joer huet d’Fondatioun mat Häerz säin 10. Gebuertsdag grouss dirfe feieren.
Opmaacherbild: © Sébastien Grébille