Search

You may also like

money
113 Millioune Mënschen an der EU vun Aarmut bedreet
Kultur Neiegkeeten

113 Millioune Mënschen an der EU vun Aarmut bedreet

2017 waren 112,9 Millioune Persounen (22,5% vun de Bevëlkerung) an

Chamberwahlen: de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot mat engem Rot
Kultur Neiegkeeten

Chamberwahlen: de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot mat engem Rot

Déi Lëtzebuerger Wieler sinn opgeruff e Sonndeg an d‘Wahlkabinnen ze

Expo „Krik et craque – Human Canvas“ am Tunnel am Gronn
Kultur Neiegkeeten

Expo „Krik et craque – Human Canvas“ am Tunnel am Gronn

Um Mëttwoch, de 27. November 2019 ass d’Foto-Ausstellung Krik et

Fondation EME: Musek schenken – online

Fondation EME: Musek schenken – online

Trotz engem relativ turbulente Joer huet d’Fondation EME decidéiert säi Projet „Musek schenken“ an eng nei Editioun ze schécken, wann och an enger bëssen anerer Manéier. Wärend Concerten an Optrëtter a senger eigentlecher Form aktuell net méiglech sinn, wëll d’Fondatioun iwwert de virtuelle Wee musikalesch Momenter un eeler, krank an/oder isoléiert Persoune schécken.

Heivir geet een Appell un Iech eraus: Deelt der Fondatioun EME d’Liiblingslidder vun der isoléierter an/oder kranker Persoun mat, déi Dir am léifsten hutt an aktuell leider net besicht ka ginn. Vergiesst dobäi net unzeginn, wisou déi jeeweileg Persoun dës originell musikalesch Offer op all Fall verdéngt huet.

Hei den Detail zu den einfachen dräi Schrëtt:

  1. Mëllt Iech bei der Fondation EME iwwert contact@fondation-eme.lu an erkläert wisou den eeleren, kranken oder isoléierte Familljemember ee personaliséierte Concert verdéngt huet;
  2. Schéckt 2 bis 3 Lidder, esou wéi e perséinleche Message eran. Déi professionell Museker huelen déi gewielte Lidder ob a këmmere sech ëm d’Zesummesetzung;
  3. Mëtt Dezember kritt Dir d’Opname vun 1 bis 2 Lidder mam Message a kënnt en fir d’Feierdeeg mat Äre Léifsten genéissen.

Weider Informatiounen an d’Konditioune ginn et och op www.fondation-eme.lu.

Schonn am Abrëll huet d’Fondation EME seng Concerten géint d’Eleng-Sinn organiséiert an domatt en immense Succès erlieft.

Related topics Appell, Familljemember, Lidder
Next post Previous post