Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ukrainer zelebréiere Visa-Ausnam
speed dating alleinerziehende https://moien.lu/lele-pons-dating-history/

https://moien.lu/marina-franklin-dating-history/

Honnerten Ukrainer hunn um Sonndeg d’Grenz tëscht hirem Land an

if i'm dating you my goal is to marry you
speed dating alleinerziehende https://moien.lu/lele-pons-dating-history/

Medezineschen Tourismus: „e Mythos!“ esou MdM

En Donneschdeg huet d‘ONG „Doktere vun der Welt“ (MdM) säi

SC Beetebuerg vs CS Fola: „Näischt fir zaart Gemidder“
speed dating alleinerziehende https://moien.lu/lele-pons-dating-history/

SC Beetebuerg vs CS Fola: „Näischt fir zaart Gemidder“

Vum éischten Ament un hunn d‘Damme vum SC Beetebuerg den

Fondatioun Autismus Lëtzebuerg: „Hei ginn ech gebraucht, hei ass meng zweet Famill” (Deel 1)

Interview mam Danielle Keup, fräiwëlleg Begleetpersoun bei de Kolonie mat der Fondatioun Autismus Lëtzebuerg (FAL)

Fondatioun Autismus Lëtzebuerg: „Hei ginn ech gebraucht, hei ass meng zweet Famill” (Deel 1)

Deel 1: D’Danielle Keup, 49 Joer, huet hiert ganzt Liewe an der Finanzwelt an an der Logistik geschafft. An hirer Fräizäit reest a béckt si gären, mee och de Sport soll net ze kuerz kommen. Mam Gefill, datt et hir u Mënschlechkeet am eegene Beruff feele géif, huet si sech schliisslech dozou entscheet, e Benevolat bei der Fondatioun Autismus Lëtzebuerg (FAL) ze maachen. Ouni grouss Kenntnisser iwwert Autismus gehat ze hunn, ass d’Danielle an eng Welt agedaucht, déi si ni méi mësse wéilt. Ma, elo ass si schonn zënter méi wéi 10 Joer mat vollem Häerzblutt dobäi. Am Interview mam Jodie Schmit vun FAL bericht déi engagéiert Fra iwwert hire Benevolat, d’Vakanzekolonien an ergräifend Momenter.

Wisou hutt Dir Iech dozou entscheet, e Benevolat bei der FAL ze maachen?

E Liewe laang an der Finanzwelt ze schaffen huet Konsequenze mat sech bruecht. Dat ass eng Welt, an der et all Dag em de beschtméiglechste Profit geet. Natierlech war mir dat vun Ufank un bewosst. Mee ech hunn zu dëser Welt eng Alternative gebraucht, eppes, wat mech erëm zréck op de Buedem bréngt. Ech hunn mech also op d’Sich no enger karitativer Méiglechkeet gemaach, bei der ech Mënschen, déi e bestëmmte Besoin hunn, hëllefe kann.

Esou sinn ech per Zoufall op eng Annonce vun der Fondatioun Autismus gestouss. Bis dato hat ech keng Anung, ofgesi vum Film Rainman, wat ech mir ënnert Autismus virstelle sollt. Ech gouf zu Munzen beim Foyer 3 agesat a sinn einfach do mat era gerutscht. Net nëmmen dat d’Educateuren immens hëllefsbereet waren, esou hunn ech och direkt gemierkt, dass ech hei wierklech gebraucht ginn. Ech ka mech nach gutt dorun erënneren, wéi de Yannick, ee vun de Bewunner, beim spadséiere goe meng Hand geholl huet. Dat huet mir dat Gefill ginn, dass déi Leit frou sinn, wann ech do sinn.

Fondatioun Autismus Lëtzebuerg

D’Danielle Keup ass säit méi wéi 10 Joer als Benevole bei der Fondatioun Autismus Lëtzebuerg aktiv. Zënterhir begleet si reegelméisseg d’Vakanzekolonien.

Dir sidd elo scho säit méi wéi 10 Joer bei der FAL dobäi. Wat dreift Iech dozou un, ëmmer fir eis do ze sinn?

Vue dass ech vun Ufank un beim Foyer 3 dobäi war, kennen ech all Bewunner vun dem Foyer mëttlerweil richteg gutt. Et ass wéi eng kleng Famill, an der ech mech vun Ufank un wuel gefillt hunn an déi mech vum éischten Dag un bei sech opgeholl huet. Ech hätt einfach e schlecht Gewëssen, meng kleng Famill elo bemol am Stach ze loossen. Ech hat elo schonn all Bewunner emol an enger Kolonie ze betreien, a weess dofir ganz genau, wéi wien tickt a wéi ech wiem kann eng schéi Vakanz maachen. Natierlech sinn an deene Joren och gewësse Bindungen entstanen.

Wann ech no 6 Méint erëm bei si kommen, verbannen si mech direkt mat enger Vakanz. Dat ass einfach schéin ze gesinn, dass si sech ëmmer esou freeën, erëm mat mir zesummen hiren Alldag fir e puer Deeg hannert sech ze loossen. Och vis-à-vis vun den Educateuren hätt ech e schlecht Gewëssen si am Stach ze loossen. Grad an enger Vakanzekolonie gëtt all Hëllef gebraucht. Ech hunn e risege Respekt virun hirer Aarbecht, déi si all Dag mat engem groussen Asaz an mat enger Begeeschterung leeschten. Grad no enger Woch Kolonie mierken ech, dass hier Aarbecht komplett ënnerschätzt gëtt an si all Hëllef brauchen, déi si kréie kennen.

Kennt Dir Iech nach un är éischt Vakanz mat der FAL erënneren? Wéi war är Gefill deemools a wéi huet sech dat am Laf vun de Jore verännert?

Bei der éischter Kolonie wou ech matgaange si war ech mir nach an Allem relativ onsécher. Eng Situatioun, déi mir am Gediechtnes bliwwen ass, war meng éischt Nuetsschicht bei der FAL. Ech war absolut net dorop virbereet an ech wousst bei ville Situatiounen net, wat ech maache sollt. Ech hunn déi Leit an hier Reaktiounen nach net konnten aschätzen, a war komplett op mech eleng gestallt. Mat der Zäit hunn ech awer hier eenzel Perséinlechkeete kennegeléiert an ech weess elo ganz genau, wéi ech a wéi enger Situatioun reagéiere muss. Et war einfach nach déi Onwëssenheet, déi mir deemools Schwieregkeete bereet huet.

Mëttlerweil huet sech de Service vun de Vakanzewochen awer evoluéiert an alles gëtt aneschters organiséiert. Wann een haut fir déi éischte Kéier an enger Kolonie mat geet, huet een nach keng Nuetsschicht. Zudeem kritt een haut schonn e puer Deeg virun der Kolonie eng Seance Information, an der een all oppe Froe kläre kann.

En anert Wëssen, wat ech mir eréischt am Laf vun der Zäit ugëeegent hunn, ass déi konkret an direkt Kommunikatioun mat Mënsche mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung. Fir dass et zu kenge Mëssverständnesser komme kann, ass et wichteg, sech mat strikten Uweisungen un d’Persoun ze adresséieren. Dozou gehéieren och méi streng Aussoe wéi „Hal elo op“ oder „Stopp!“. Bis dass mir awer bewosst war, dass esou Aussoe méi kloer fir Mënsche mat Autismus sinn a soumat net béis gemengt sinn, hunn ech mech fir d’éischt emol missten un de strengen Toun gewinnen.

Fondatioun Autismus Lëtzebuerg

Opmaacherfoto: © Fondatioun Autismus Lëtzebuerg


Wëllt och Dir eng Vakanzebegleedung bei der FAL maachen?

D’Fondatioun Autismus Lëtzebuerg ass ëmmer op der Sich no Benevollen, déi Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung wärend hirer Auszäit vun Doheem begleeden.

Eleng mat ärer Bereetschaft, ze hëllefen an eis eppes vun ärer Zäit ze schenken, wäert Dir fir eis eng wäertvoll Ënnerstëtzung.

D’Datumer fir d’Kolonie vun 2020 si scho verfügbar. Dir kennt Iech direkt a ganz einfach als Begleetpersoun fir d‘Vakanze fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener mat Autismus umellen.

All néideg Informatioune fir är Umeldung fant Dir HEI. Sollten nach Froen oppe sinn, kennt Dir dës iwwert loisirs@fal.lu eraschécken. Suivéiert och d’Aktualitéit vun der Fondatioun op de soziale Medien: Mir sinn aktiv op Facebook, Instagram a Linkedin a posten hei reegelméisseg News vun der FAL.

Ähnlech Sujeten Autismus, Benevolat, Danielle Keup, Dankbarkeet, FAL, Famill, Fondatioun Autisme Lëtzebuerg, Fondatioun Autismus Lëtzebuerg, Mënschlechkeet, Passioun, Vakanzekolonie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel