Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ugespaante Situatioun zu Ostritz wéinst dem Neonazi Festival „Schëld a Schwäert“
conservative christian online dating Stories

https://moien.lu/latest-online-dating-site/

Honnerten Neonazie ginn e Freideg an engem klenge Stiedchen an

rf hook up
conservative christian online dating Stories

Wéi gëtt ee Kandidat fir d’franséisch Présidentielle?

WEIDER ARTIKEL ZUM THEMADëse Video erkläert, wat Homeopathie wierklech bréngtWiem

money
Bezuelen „ouni Kontakt“ ass „hipp“
conservative christian online dating Stories

Bezuelen „ouni Kontakt“ ass „hipp“

Laut enger Etüd vu Mastercard, ginn hei zu Lëtzebuerg 37%

Fondatioun Autismus Lëtzebuerg: „Hei ginn ech gebraucht, hei ass meng zweet Famill“ (Deel 2)

Interview mam Danielle Keup, fräiwëlleg Begleetpersoun bei de Kolonie mat der Fondatioun Autismus Lëtzebuerg (FAL)

Fondatioun Autismus Lëtzebuerg: „Hei ginn ech gebraucht, hei ass meng zweet Famill“ (Deel 2)

Deel 2: D’Danielle Keup, 49 Joer, huet hiert ganzt Liewe an der Finanzwelt an an der Logistik geschafft. An hirer Fräizäit reest a béckt si gären, mee och de Sport soll net ze kuerz kommen. Mam Gefill, datt et hir u Mënschlechkeet am eegene Beruff feele géif, huet si sech schliisslech dozou entscheet, e Benevolat bei der Fondatioun Autismus Lëtzebuerg (FAL) ze maachen. Ouni grouss Kenntnisser iwwert Autismus gehat ze hunn, ass d’Danielle an eng Welt agedaucht, déi si ni méi mësse wéilt. Ma, elo ass si schonn zënter méi wéi 10 Joer mat vollem Häerzblutt dobäi. Am Interview mam Jodie Schmit vun FAL bericht déi engagéiert Fra iwwert hire Benevolat, d’Vakanzekolonien an ergräifend Momenter.

Wéi leeft dann esou eng Vakanzekolonie bei der FAL of?

All Bewunner kritt säin eegene Betreier, deen déi ganz Kolonie iwwer fir hien zoustänneg ass. Des 1 zu 1 Betreiung ass enorm wichteg fir Leit mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung. Si wëssen da ganz genau, un wien si sech riichte kennen a wien déi ganz Woch iwwer fir si do ass. Zudeem mécht et dat och méi einfach fir d’Betreier, fir hire Schützlingen eng schéin Zäit ze erméiglechen. An der enger Woch muss een sech nëmmen ëm eng spezifesch Persoun këmmeren.

Esou huet ee méi wéi genuch Zäit, sech wierklech mat der Persoun auserneen ze setzen an si ganz genau kennenzeléieren. Ech weess mëttlerweil zum Beispill, dass den Yannick gär an d’Sauna geet. Wann mir dann an enger Kolonie an d’Schwemm ginn, ginn ech mat him an d’Sauna. Esou kann ech seng Vakanz wierklech un seng eege Bedierfnesser upassen, an dofir suergen, dass hien eng schéin Auszäit vun Doheem huet. Zudeem ass et ëmmer schéin ze gesinn, ewéi eng Bindungen no esou enger Woch entstane sinn.

Owes gëtt dann ëmmer eng Reunioun mat den Educateuren a mat de Benevollen ofgehalen, an der iwwert den Dag reflektéiert gëtt. Zudeem gëtt de Planning fir den nächsten Dag gemaach an et gëtt entscheet, wien an der kommender Nuecht Nuetsschicht huet.

Dir huelt Iech extra Congé op ärer normaler Aarbecht, fir mat der FAL kennen an eng Kolonie kennen ze goen. Wat soen äre Mann an är Bekannten dozou?

Fir eng Situatioun wierklech novollzéien ze kennen, ass et mir wichteg, op der Plaz dobäi ze sinn an d’Situatioun mat ze erliewen. Soss kéint ech jo och einfach en Don un d’Fondatioun maachen. Natierlech muss ech dofir dann och gewësse Kompromësser agoen, an dozou gehéiert, mir Congé fir mäin Benevolat ze huelen. Mäin Mann weess wéi ech sinn ënnerstëtzt mäin Benevolat bei der FAL.

Mir ass an de leschte Joren opgefall, dass et ëmmer erëm Leit ginn, déi mäin Benevolat super fannen a mech doran ënnerstëtze wëllen. Ëmmer erëm kréien ech gesot, wéi wichteg et dach ass, dass ech deene Leit hëllefen. Allerdéngs, wann een d’Leit dann dorop uschwätzt, dass si jo selwer e Benevolat maache kéinten, kennt ëmmer direkt eng negativ Äntwert. „Ech kann dat net“ oder „Ech hunn jo keng Erfarung doran“ sinn nëmmen 2 Beispiller, déi ech ëmmer erëm ze héiere kréien. Ech ka mir gutt virstellen, dass d’Angscht virum Friemen an eng gewëssen Onsécherheet eng grouss Roll spillen.

Fondatioun Autismus Lëtzebuerg

© Fondatioun Autismus Lëtzebuerg

Wat war dat schéinsten Erliefnis bei der FAL, un dat Dir Iech erënnere kennt?

Dat ass eng schwéier Fro. All Vakanz bei der ech bis elo dobäi war war voll mat schéinen Momenter, déi mech gepräägt hunn. Un eng Situatioun erënneren ech mech awer besonnesch gär zréck: An der Woch war ech em Yannick seng Betreierin. Hien ass een, den ëmmer gären alles op Distanz huet an keen ganz no un sech erun loossen well. Emol owes, wou ech hien zougedeckt hunn, huet hien meng Hand geholl an mech op d’Bett bei sech gezunn. Hien hat sech ganz an seng Decken gedruddelt an sech no un mech gedréckt.

Ech mengen mir souzen eng ganz Stonn esou do. Et war een vun deenen Momenter, mat deenen ech ni gerechent hat. Den einfach esou plëtzlech komm ass an den ech ni vergiessen wäert. Domat huet hien mir gewisen gehat, dat en den Moment frou war, dass ech do war. Esou eng staark Bindung hätt ech am Ufank ni fir méiglech gehalen. Mee sou schéin Momenter ginn et der wierklech vill, déi ech nimools all opzielen kéint.

Wat géif Iech feelen, wann Dir des fräiwëlleg Aarbecht net méi maache kéint?

Mir géif et feelen een mol am Joer an eng aner Welt katapultéiert ze ginn. No enger Woch bei der FAL weess ech erëm, wat wierklech zielt am Liewen. Ze gesinn, wéi gutt et mir eigentlech geet. Déi Wochen bréngen mech op de Buedem zréck an mir gëtt erëm bewosst, wéi wichteg déi eegen Gesondheet ass. Zudeem géif et mir enorm feelen, deenen Mënschen kennen ze hëllefen, déi wierklech op meng Hëllef ugewisen sinn.

Fondatioun Autismus Lëtzebuerg

© Fondatioun Autismus Lëtzebuerg

Wat géift dir enger Persoun roden, déi hiert éischt Benevolat als Vakanzebegleedung bei der FAL maache wëll?

Fir d’éischt géif ech Jidderengem uroden, d’Formatioun de Base iwwert Autismus mat ze maachen. Esou kann ee scho schnell feststellen, op een doran passt. Dono géif ech jiddefalls fir d’éischt eemol een „Testdag“ bei der Fondatioun maachen. Emol Sonndes mat spadséiere goen oder och een Dag mat op en Ausfluch goen. Esou kritt ee schonn en kloert Bild dovun, wéi alles ofleeft a wéi ee bei bestëmmte Situatioune reagéiere soll. Wärend engem Dag kenne scho vill Froe gekläert an Onsécherheete aus de Féiss geraumt ginn.

Ass Iech nach eppes wichteg, lass ze ginn?

Ech well nach emol mäin Respekt virun deene Leit déi do schaffe betounen. Ech bewonneren einfach, wat d’Educateuren all Dag an hirem Beruff leeschten. Hier Aarbecht gëtt leider vill ze vill ënnerschätzt. Net nëmmen, dass et eng schwéier, kierperlech Aarbecht ass, esou ass een och gefillsméisseg ëmmer dobäi. Et muss een d’Gedold hunn, sech op déi Mënschen anzeloossen an säi ganzt Häerz an seng Aarbecht investéieren. Et ass bestëmmt keng Aarbecht fir Jiddereen.

Opmaacherfoto: © Fondatioun Autismus Lëtzebuerg


Wëllt och Dir eng Vakanzebegleedung bei der FAL maachen?

D’Fondatioun Autismus Lëtzebuerg ass ëmmer op der Sich no Benevollen, déi Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung wärend hirer Auszäit vun Doheem begleeden.

Eleng mat ärer Bereetschaft, ze hëllefen an eis eppes vun ärer Zäit ze schenken, wäert Dir fir eis eng wäertvoll Ënnerstëtzung.

D’Datumer fir d’Kolonie vun 2020 si scho verfügbar. Dir kennt Iech direkt a ganz einfach als Begleetpersoun fir d‘Vakanze fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener mat Autismus umellen.

All néideg Informatioune fir är Umeldung fant Dir HEI. Sollten nach Froen oppe sinn, kennt Dir dës iwwert loisirs@fal.lu eraschécken. Suivéiert och d’Aktualitéit vun der Fondatioun op de soziale Medien: Mir sinn aktiv op Facebook, Instagram a Linkedin a posten hei reegelméisseg News vun der FAL.

Ähnlech Sujeten Autismus, Benevolat, Betreiung, Danielle Keup, Dankbarkeet, FAL, Fondatioun Autisme Lëtzebuerg, Interview, Mënschlechkeet, Vakanzekolonie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel