Wann de Jughurt sauer schmaacht
Et ass e Virbiewen vum Wahlkampf, wann sech zwee Ministeren
Et ass e Virbiewen vum Wahlkampf, wann sech zwee Ministeren
Um 6. November 2019 hunn de Romain Schneider, Minister fir
D’Demokratesch Partei deelt mat, datt si e Méindeg, de 15.
Zu Lëtzebuerg weist 1 vun 100 Persoun déi neurologesch Stéierung op, déi besser als Autismus bekannt ass. Oft entwéckelt dës Stéierung sech an den éischten 3 Liewensjoren. Betraffe Persoune weise Mierkmoler wéi eng gestéiert sozial Interaktioun, Beanträchtegungen an der Kommunikatioun a Interaktioun, wéi och speziell Interessen a repetitiv Verhalensweisen op. Gëtt den Autist aus senger Routine gerappt, reagéiert hien mat sech widderhuelende Beweegungen, ongewéinleche Reaktiounen oder och dem Festhale vu Géigestänn.
Ervir ze hiewen ass och, datt d’Sënner immens betraff sinn, soumat immens sensibel oder reduzéiert reagéieren. A ville Fäll ass Autismus mat enger associéierter Stéierung (geeschteg Behënnerung, Epilepsie,…) verbonnen. Eng Heelung ass net méiglech, Talenter a Fäegkeeten kënnen awer gefërdert ginn. An hei kënnt d’FAL an d’Spill!
Eng grouss Ekipp u Professionellen a Benevollen setzt sech mat Enthusiasmus, Motivatioun an dem néidegen Know-How dofir ass, datt betraffe Persounen ee qualitativ héichwäertegt Liewen féiere kënnen. Mat diverse Beschäftegungen an Offeren këmmert ee sech zesumme mat den Elteren net eleng ëm d’Potential vum Autist, mee och ëm d’Verbreede vu Wëssen an Informatiounen. Hei fannt Dir eng Rei Déngschter, déi vun der FAL ugebuede ginn:
© Fondatioun Autismus Lëtzebuerg
© Fondatioun Autismus Lëtzebuerg
© Fondatioun Autismus Lëtzebuerg
© Fondatioun Autismus Lëtzebuerg
© Fondatioun Autismus Lëtzebuerg
Bei der Fondatioun Autismus Lëtzebuerg kënnt all Altersgrupp op hir Käschten. Eleng gelooss gëtt keen, zesummen kann ee Grousses schafen. Wëllt Dir méi zur FAL an hiren Déngschter wëssen, oder och Iech selwer als Benevole mellen, da kuckt emol laanscht op www.fal.lu.
Wéi et ass als Fräiwëllegen bei der Vakanzekolonie matzeschaffen, gidd Dir am zweedeelegen Interview mam Danielle Keup gewuer:
Opmaacherbild: © Fondatioun Autismus Lëtzebuerg