Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nee, de Namur mécht kee Geschäft wéinst dem Tram zou
Money Neiegkeeten

Nee, de Namur mécht kee Geschäft wéinst dem Tram zou

Laut persistente Rumeuren, sollt d‘Patisserie Namur hir Filial an der

What the Fakt – Haut ass Dag vun der Toleranz
Money Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass Dag vun der Toleranz

Scho säit 1995 gëtt haut den Dag vun der Toleranz

Roserei a Léisunge verwandelen
Money Neiegkeeten

Roserei a Léisunge verwandelen

No wochelaangem Protest, Zerstéierungen a Gewalt, wëll den Emmanuel Macron

money

Fondatioun IDEA: Masseg Urgencen!

Op 60 Säite sicht d‘Denkfabrick vun der Handelskummer nom gesellschaftleche Konsens

Fondatioun IDEA: Masseg Urgencen!

Gëschter huet IDEA scho säi 6. „Avis Annuel“ presentéiert. Am Dokument vu 60 Säite beschäftegt sech d‘Denkfabrick vun der Handelskummer mat den aktuelle wirtschaftspoliteschen Themen. Et geet dobäi ëm den Handelskrich USA/China, de Brexit, 20 Joer Eurozon an d‘Pensiounen

Wat déi international ekonomesch Entwécklung betrëfft, esou bezitt IDEA hei op d‘Previsioune vum Weltwährungsfong (WMF), deen e globale Wirtschaftswuesstem vun 3,5% (2018 waren 3,7%) virausgesäit. Domatter géif een an der Moyenne leien, déi zanter 2012 ze beobachten ass. Déi geréng Baisse fir 2019, kéint een als „Middegkeetserscheinung“ betruechten, soll een awer net.

Et misst een hei déi protektionistesch Decisioune vun den USA zum Nodeel vu China an der EU berécksiichtegen. Dat huet en Impakt op d‘Vertraue vun den Entreprisen an de Konsumenten, an d‘Popularitéit vun de Populisten an ähnlech Gestalten, dréit net derzou bäi d‘Gemidder ze berouegen. Aus dësem Eck kommen oft ganz einfach Erklärungen déi awer net Fakte baséiert sinn.

Mee et wier awer och der ongläicher Verdeelung vun de Beneficer an technologesche Fortschrëtter, geschëlt, datt e gewësse „mal être“ sech breet mécht. De Brexit deet dem ganzen dann och net gutt, an déi neierlech „Rekord-Verschëldung“ droen zu enger Baisse bei den Transaktioune bäi, wat am Kontext vun enger instabiller wirtschaftspolitescher Situatioun, zu Onsécherheet op de Mäert féiert.

Quid Lëtzebuerg?

Déi (auslännesch) Experte vun der Denkfabrick sinn awer, wat d‘Zukunft vu Lëtzebuerg betrëfft ganz optimistesch. Zu Lëtzebuerg sollt de wirtschaftleche Wuesstem an dësem Joer 3% bedroen, wat awer haaptsächlech de lokaler Demande geschëlt wier. Fir IDEA heescht dat, datt de Chômage nach emol ëm 7% sollt zréckgoen, an en Aarbechtsplaz-Zouwuess vun 3,4% méiglech ass.

Festgemaach gëtt dat um Fait, datt mir e performant Sozialsystem hunn, mee och eng ganz attraktiv (fir d‘Entreprisen) a progressiv (um Akommes) Fiskalitéit hätten. „Schützen ouni Protektionismus ze bedreiwen“, an sech esou unzeleeën datt d‘Majoritéit vun de Mënschen och d‘Beneficer vun der wirtschaftlecher Integratioun hunn, dat wier et wou Lëtzebuerg den „Ënnerscheet“ géif maachen.

Méi wéi d‘Konjunktur vun der Vermuddung

Interessant och de Constat vun IDEA, datt wann d‘Konjunktur-Analys oft méi Froen opwerft wéi se der beäntwert. Vermuddungen ausdrécken, géif et engem erlabe gewëssen Onsécherheete besser ze appreciéieren. An hei kënnt den neien „Tool“ vun der Denkfabrick an d‘Spill: den ekonomesche Konsens vun IDEA. Dobäi ass et eigentlech just eng Lëscht mat 14 Froen zur Konjunktur.

Dës Froe ginn un 101 Perséinlechkeeten (Sozialpartner, Fuerschungszenter, Entrepreneuren a Politiker) verdeelt, déi dann zur Onsécherheet eppes bäisteiere kënnen. Zum Gléck huet d‘Ekonomistin vun der Fondatioun awer drop higewisen, datt och wann all d‘Perséinlechkeeten op d‘Froen äntweren, dat alles net representativ ass, mee villméi e „Gefill“ vermëttelt.

An dann ze behaapten: „Ech mengen datt d‘Resultater vun dësem ‚Konsens‘ zimlech probat sinn“, dréit zu weidere Froe bäi. Wa Gefiller zu engem Konsens kéinte féieren, hätt sech datt scho bei anere Leit erëmgeschwat. Mee et hëlleft jo och sech méiglechst esou onverständlech auszedrécken, datt gefuerdert Argumenter dozou, sech flexibel an interventiounsbezu fanne loossen.

Se gi mat de Pensioune keng Rou

Woubäi IDEA zur Schlussfolgerung kënnt, datt déi ugeschwate Perséinlechkeete wichteg Punkten an Usätz fir eis Ekonomie fonnt hunn. Dozou gehéiert natierlech den IDEA-Evergreen „Pensioun“, e System deen, wann IDEA net derzou bäidroe kann en ofzeschafen, dann awer zumindest fir eng grondleeënd Reform antriede wëll. Zilsetzung ass awer d‘Privatiséierung vum Pensiounssystem.

Dat huet dann awer éischter domatter ze dinn, datt: 1) si sech bei hirer aktueller Beruffssituatioun esou eppes leeschte kënnen, 2) Assurancen a aner Finanzdéngschtleeschter nees eppes méi Profit generéieren an d‘Aktionäre beglécke kënnen, an 3) de Pensiounsantrëttsalter sech no de finanzielle Ressource, an net no de Schaffjoren, orientéiere géif. IDEA verdeedegt net d‘Interesse vum Salariat.

Si hunn awer och erausfonnt, datt den Accès zum Logement muss verbessert, an dofir der oft genannter „Verdichtung“ méi Prioritéit muss zoukommen. Esou eng Ausso léisst „gefillt“ zwou Erklärungen zou: 1) Och déi mam décke Portmonni hunn et schwéier e Logement ze fannen. 2) Oder d‘Entreprise verléieren un Attraktivitéit, well hir Salariéeën och Liewensqualitéit verlaangen.

Ähnlech Sujeten Handelskummer, IDEA, Konjunktur, Logement, Pensiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel