Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Bréissel verréit säi Plang fir déi digital Rise besser ze besteieren
Stories

Bréissel verréit säi Plang fir déi digital Rise besser ze besteieren

Um haidege Mëttwoch soll d‘EU-Kommissioun, op Drock vu Paräis, d‘Propose

Presentatioun vun enger Etüd zur Cyclabilitéit am Süden an GECT Uelzecht Belval
Stories

Presentatioun vun enger Etüd zur Cyclabilitéit am Süden an GECT Uelzecht Belval

De François Bausch, Nohaltegkeet- an Infrastrukturminister, ewéi och President vun

dislike
Kontaminéiert Eeër: hollännesch Ziichter an der Kris
Stories

Kontaminéiert Eeër: hollännesch Ziichter an der Kris

Am däischteren a stëllen Hangar vun engem klengen hollännesche Bauerenhaff:

Fondatioun IDEA: „e bessere politeschen Dialog fërderen!“

Fondatioun IDEA: „e bessere politeschen Dialog fërderen!“

Am Kontext vun de Chamberwahle gëtt et keng Vereenegung, Associatioun, Organisatioun oder „Denkfabrick“ (Think Tank), déi sech net aus dem Debat oder dem politeschen Dialog eraushält. Esou dann och d‘Fondatioun IDEA, d‘Denkfabrick vun der Handelskummer, déi leschte Mëttwoch déi „33 IDEA-Initiative fir Lëtzebuerg“ nach emol Resuméiert huet.

De President Marc Wagener erkläert, datt et d‘Zil vun den zum Ausdrock bruechten Iddien ass, den ëffentlechen Debat ze verbesseren. „Mir hunn eis gutt op d‘Wahle virbereet“, esou de Marc Wagener, deen nach bäifüügt, datt IDEA „d‘Parteie stimuléiere wëll“. Un hiren „33 IDEA-Initiative fir Lëtzebuerg“ hätten si zanter Januar gedoktert, an de Parteien hiren „IDEA-Pak“ zougeschéckt.

Am ganze sinn esou tëscht Abrëll a Juli, fënnef thematesch Kontributiounen a Form vun „Hefter“ (Cahiers) entstanen. Ënnert den 33 Virschléi oder Proposen, hunn sech d‘Acteure vun der Fondatioun IDEA der fënnef erausgesicht déi hinne besonnesch um Häerz leien. Dat ass wuel e subjektive Choix, an dee léisst en Abléck zou, wéi Lobbyaarbecht zu Lëtzebuerg gemaach gëtt.

Hir Beiträg bezéien sech op: Europa, de Logement, Fuerschung an Entwécklung, ëffentlech Finanzen a soziale Schutz, an d‘Entreprisen. Si leeë grousse Wäert drop „onparteiesch“ ze sinn, woubäi et hinnen och drëms geet, déi „sensibel Themen“ op den Dësch ze leeën, déi wann se richteg ugepaakt ginn, d‘Zukunft vum Land beaflosse kéinten.

Den Dag vun Europa als „Feierdag“

Fir de Michel-Edouard Ruben, gëtt et ënnert de sechs „Initiative fir Europa“ eng déi hien ervirhiewe wëll: Aus dem 9. Mee den „Dag vun Europa“ maachen. Dat sollt dann och e gesetzleche Feierdag ginn. En Dag deen, esou de philosophesche Gedanken, den Euro-Skeptiker soll „Paroli“ bidden, an all déi Leit ka vereenen, déi sech hannert der europäescher Iddi versammelen.

Elo kann een dësen Dag net vun haut op muer an der ganzer Unioun aféieren, dat weess och de Michel-Edouard Ruben. Hie schléit vir, datt Lëtzebuerg hei Pionéieraarbecht leeschte sollt, an den 9. Mee als offizielle Feierdag aféiere misst. Dat wier e staarkt Signal un Europa. Lëtzebuerg misst uschléissend d‘Iddi och op Benelux-Niveau vertrieden an d‘Partner iwwerzeege matzemaachen.

Bosseg, awer net ze iwwerbewäerten, datt de Michel-Edouard Ruben dësen „9.Mee“ als equivalent zum „4. Juli“ vun den Amerikaner betruecht. Et ass wuel net ganz verkéiert, datt d‘Denkfabrick vun der Handelskummer – an esou indirekt vum Patronat – sech un amerikanesche Virbiller orientéiert, ëmmerhin huet d‘Fondatioun IDEA e staarkt Interessi un transatlantesche Wirtschaftsbezéiungen.

Interessant an dësem Kapitel: „De Rassemblement vun den europäeschen Natioune verlaangt, datt déi säkular Oppositioun vu Frankräich an Däitschland eliminéiert soll ginn. (…) Während am Frankräich den 8. Mee als Feierdag zelebréiert gëtt, fir déi bedéngungslos Kapitulatioun vun NAZI-Däitschland ze feieren, kéint Frankräich vun der lëtzebuergescher Dispositioun sensibiliséiert ginn“.

Dat géif et erlaben, datt een net méi d‘Enn vun engem Krich feiert, mee de Grënnungsakt vum Fridden an Europa. IDEA gesäit a Frankräich en „objektiven“ Alliéierten, deen hëllefe kéint aner europäesch Länner ze iwwerzeegen, virun allem Däitschland, den 9. Mee als offizielle Feierdag an der Unioun festzeleeën. IDEA huet awer net gesot, wéi ee Feierdag se heifir affere wëllen…

Logement: eise gréisste Problem brauch alternativ Léisungen

Wunnengsnout ass mat héijer Wahrscheinlechkeet, ee vun de Problemer mat deem sech eist Land nach iwwer Joren ewech muss ausenanersetzen. Esou séier wéi Wunnraum benéidegt gëtt, kann een dëse guer net erschafen. Och dann net, wat et déi Terrainen dofir géif ginn. D‘Denkfabrick IDEA setzt an dësem Fall op alternativen, déi eng besser Notzung vum „Raum“ erméigleche soll.

D‘Sarah Mellouet setzt op „ureegend Mesuren“, déi zu enger besserer Notzung vum bestoende Raum féiere soll. De Wunnraum misst besser „gedeelt“ ginn, exploitéiert zum Präis vun enger besserer Fërderung vun der Locatioun ënnert all senge Formen. Et misst een déi bestoend Primmen a Subventiounen, déi all mat Konditioune verknäppt sinn, iwwerdenken.

Esou kann een aktuell, als Beneficiaire vun enger Primme, der Zënssubventioun, oder der Zënsbonifikatioun, déi op soziale Kritäre berouen, net en Deel vu senger Wunneng oder dem Haus verlounen, ouni datt engem dës Hëllef entzu gëtt. Et gëtt wuel Ausnamen, déi awer ugesiichts dem bestoende Besoin, vill ze restriktiv sinn. Hei misst et zu Verännerunge kommen…

IDEA

(v.l.n.r.) Dimitrios Apostolopopoulos, Sarah Mellouet, Muriel Bouchet, Marc Wagener, Michel-Edouard Ruben, Thomas Volici, Vincent Hein. © Martine de Lagardère/moien.lu

Fir d‘Sarah Mellouet sollt beduecht ginn, datt „43% vun de Leit déi dem Aarmutsrisiko ausgesat sinn, Proprietär vun engem Logement sinn. 27% dovunner lieft a Wunnengen, déi net ausgelaascht sinn“. Dofir misst de Verbuet vun der „partieller Locatioun“ opgehuewe ginn. Esou gëtt Wunnraum „fräi“ an déi Betraffe géifen sech iwwert en klengt zousätzlecht Akommes freeën.

Dat héiert sech net verkéiert un, an d‘Programmer vun de Parteie sinn dann och voll Iddie, wéi een der Wunnengsnout kéint oder sollt begéinen. Déi ugestriefte „sous-Locatioun“ déi vun IDEA an de Raum gestallt gëtt, brauch allerdéngs e gutt ficeléierte gesetzleche Kader. Wéi dëse soll oder kann ausgesinn, datt iwwerléisst d‘Sarah Mellouet de Politiker…

Steierkreditter fir Fuerschung, Entwécklung an Innovatioun

De Vincent Hein weist drop hin, datt „d‘Ausgabe fir Fuerschung an Entwécklung vun den Entreprisen zu Lëtzebuerg aktuell 0,64 % vum BIP duerstellen“. E bescheidene Niveau am europäesche Verglach, dee bei 1,3% läit. E „Steierkredit ‚Fuerschung‘ no Lëtzebuerger Aart“, deen sech dem ekonomesche Charakter vum Land upasst kéint dräi Objektiver an Ugrëff huelen.

Esou sollen déi Entreprisen déi an der Fuerschung aktiv sinn bevirdeelegt ginn, wann si gewëllt sinn hir Investissementer ze accentuéieren. Déi kleng a mëttelstänneg Betriber sollen encouragéiert ginn aktiv Fuerschung an Entwécklung ze bedreiwen. De Steierkredit kéint zudeem derzou bäidroen, datt sech nei Aktivitéiten op Lëtzebuerger Buedem néierloossen.

Interessant hei: d‘Iddi kann een a verschiddene Programmer erëmfannen. A fir de Vincent Hein ass et eng Äntwert op gesellschaftlech Besoinen. Lëtzebuerg hätt grouss Fortschrëtter am Beräich vun der ëffentlecher Recherche gemaach, leider géif et ze wéineg privat Fuerschungszenteren. Bei IDEA weess een allerdéngs och, datt een hei strikt Reegele brauch, fir méiglech Abuse virzegräifen.

D‘Stabilitéit vun de Pensioune sécherstellen

De Muriel Bouchet huet sech engem Thema ugeholl, deen esouwuel dem Patronat wéi de Gewerkschaften „helleg“ ass: d‘Pensiounen. D‘Patronat fuerdert e Paradigmewiessel, an d‘Gewerkschafte warne jiddereen deen dëse Gedanke matdréit, datt een sech hei zu wier setze géif. D‘Fondatioun IDEA ass hirersäits iwwerzeegt, datt esou wéi et ass, et net ka weidergoen.

Hei gesäit oder vergläicht een de Lëtzebuerger Pensiounssystem mat „Obligatiounen“. Extrem rentabel Obligatiounen, well de Muriel Bouchet huet eng Rendite vu 7% berechent. Hält een dat esou fest, géif ersiichtlech, datt wann een dësen Niveau wëll bäibehalen, och de BIP vu Lëtzebuerg all Joer muss ëm 7% zouleeën. Dat halen se bei der Fondatioun IDEA fir schlicht onméiglech.

Lëtzebuerg misst also Mesure ergräifen, oder zumindest emol an d‘A faassen, datt een dësen Taux kuerzfristeg op 5% erofgesat kritt. An hei gëtt sech dann och op eng laangfristeg Projektioun bezunn, déi eng däischter Zukunft virausgesäit. Laut engem rezente Rapport vum nationale Finanzrot, géif wéinst de Pensiounen, ab 2048, déi ëffentlech Schold bei 60% vum BIP leien.

Ouni et wiertlech auszedrécken, wëll d‘Fondatioun IDEA eng gréisser „Eegebedeelegung“ vun de Leit. Dat heescht et soll ee sech privat ëm seng Pensioun këmmeren. Elo ass de Gedanken, datt een de Mënsch méi staark responsabiliséiert, och wat seng Ofsécherung vum Liewensowend ugeet, net verkéiert. Dat geet dann awer och nëmmen dann, wann „de Mënsch“ sech et och leeschte kann.

E weidere Problem – mee deem geet ee bei der Fondatioun IDEA groussraimeg aus de Féiss – vun der privater Renteversécherung ass, datt een hei de Finanzspekulanten seng Pensioun uvertraut. Wéi Assurancen a Banke mam Geld vum Salariat ëmginn, huet sech während der Finanzkris däitlech erwisen. Bei dëser Propose handelt sech eendeiteg ëm eng Entlaaschtung vun de Patronatsbeiträg.

Al Entreprisen u jonk Entrepreneure weiderginn

Als leschten Intervenant, nach emol de Michel-Edouard Ruben. Hie fuerdert datt d‘Politiker, der „Transmissioun“ vu bestoenden Entreprisen eng gréisser Opmierksamkeet schenke sollten. Et wier besonnesch fir al agesiess Familljebetriber oft schwiereg, e Repreneur ze fannen, wann déi eegen Ierwen sech net fir den Erhalt vun der Entreprise interesséieren.

Laut IDEA gëtt d‘Populatioun vun de Firmecheffen ëmmer méi al „an ëmmer méi Betriber sollten den Objet vun enger Iwwergab bannent dem nächste Joerzéngt sinn“. D‘Produktioun zu Lëtzebuerg charakteriséiert sech duerch en Netz vun e puer groussen Entreprisen, an enger grousser Unzuel vu klengen oder mëttelstännege Betriber. D‘Majoritéit (88%) dovunner hu manner wéi 10 Salariéeën.

Esou Betriber engem neie Patron ze iwwerginn, géif derzou bäidroen, datt se méi grouss kënne ginn an esouguer kleng Gruppementer vun Entreprisen entsoe kéinten. De Michel-Edouard Ruben schléit vir, déi méiglech Kandidaten (Entrepreneuren iwwer 50 Joer) ze sensibiliséieren, an opzeklären, datt eng Weiderféierung vun der Aktivitéit e Beweis vu gudder Gestioun ass.

Wa gewosst ass, datt een éischter eng finanziell Hëllef erhält wann een eppes Neies opbaut, an den Opkaf vun engem bestoende Betrib (dee wirtschaftlech rentabel ass) mat engem konsequente Budget verbonnen ass, da muss sech villes änneren. IDEA gesäit d‘Méiglechkeet, iwwer staatlech Garantien, Subventiounen oder Steierkreditter, bestoend Betriber ze erhalen.

Wat soen d‘Parteien dozou?

Gefrot op IDEA hir Iddien an de Programmer erëmfonnt hunn, eng kuerz awer prezis Äntwert: „Mir wëssen net op d‘Parteien eis Iddien iwwerholl hunn, mee mir sinn der Meenung datt sech Muenches an de Programmer néiergeschloen huet“. Dat géif bedeiten, datt d‘Fondatioun IDEA „iwwerzeegt“ huet, an si hire Rôle als Denkfabrick vum Patronat an den Entreprise rechtfäerdegen.

Si hunn dann och vill „Echange“ mat de Vetrieder vun de Parteie gehat. Woubäi se net all den direkte Kontakt wollten. D‘ADR, DP, LSAP an déi gréng, hate mat den Acteure vun IDEA Entrevuen, d‘CSV huet mat enger e-Mail Positioun ergraff. Dat geet duer, fir datt ee bei der Fondatioun, déi 2014 gegrënnt gouf, iwwerzeegt ass vun de Parteien eescht geholl ze ginn.

Et ass een zudeem iwwerzeegt, datt et zu Lëtzebuerg nach vill Spillraum gëtt, fir déi ëffentlech Debatt an den Austausch vun Iddie virunzedreiwen. Dobäi spillen d‘Zivilgesellschaft an d‘Medien och eng grouss Roll, well Lëtzebuerg de Ruff genéisst, éischter eng „konsensuell“ Traditioun ze fleegen, wat engem kontradiktoreschen Debat net entgéint kënnt.

Opgefall ass, datt an den „33 IDEA-Initiative fir Lëtzebuerg“ verschidden Themen net behandelt goufen. E Constat deen sech doduerch erkläert, datt IDEA eng „kleng Equipe“ ass, an ee sech op déi Theme konzentréiert huet, déi am „Bichelchen“ opgefouert sinn. „Eis Aarbecht ass jo och net eriwwer, an eis Kapassitéiten si limitéiert. Et huet missen e Choix getraff ginn“, esou de President.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Chamberwahlen 2018, Fondatioun IDEA, Fuerschung, Logement, Pensiounen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel