Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OPGEPASST: Eventuell Kolibakterien an dëse Kéiszorte vu LE LARRY a BONI
Neiegkeeten

OPGEPASST: Eventuell Kolibakterien an dëse Kéiszorte vu LE LARRY a BONI

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt am Bio-Nature-Chèvre

Berlin liicht – Déi 15. Editioun vum Festival of Lights
Neiegkeeten

Berlin liicht – Déi 15. Editioun vum Festival of Lights

Lights of Freedom – Ënnert dësem beréierenden an zugläich eeschten

Dublin-Transferte: Lëtzebuerg handelt verantwortlech
Neiegkeeten

Dublin-Transferte: Lëtzebuerg handelt verantwortlech

Am Kader vun de Preoccupatioune, déi am Bezuch op „Dublin-Transferte“

Fondatioun Kräizbierg: Zäit Verantwortung ze iwwerhuelen

Fondatioun Kräizbierg: Zäit Verantwortung ze iwwerhuelen

Nodeems mir déi lescht hu mussen drop hiweisen, datt sech eng honnert Mataarbechter vun der Fondatioun an den Ateliere Kräizbierg um Sëtz vum OGBL zesummegesat hunn, fir déi exekrabel Zoustänn bei den Aarbechtskonditiounen ze denoncéieren, schéngt sech an dësem Dossier eppes ze doen. Zumindest huet den OGBL mëttels Communiqué nei Informatioune bereetgestallt.

Esou heescht et do, datt leschte Méindeg de Verwaltungsrot vun der Fondatioun Kräizbierg siegéiert huet an iwwert den Ëmwee vun enger Pressematdeelung eng Rei Mesuren annoncéiert huet, fir de Sozialdialog an der Entreprise nees ophuelen. Beim OGBL huet een dovunner Notiz geholl, woubäi ee sech schonn d‘Fro stelle kann, firwat hei net direkt mat der Gewerkschaft dialogéiert ginn ass.

Den OGBL-Departement Handicapéiert Salariéeën an d‘Personaldelegatioun huelen déi genannt Virschléi dann awer emol zur Kenntnis a weisen nach emol galant drop hin, datt en direkt Gespréich zu méi Bereetschaft fir eng aktiv Kooperatioun, dat am Sënn vun enger Verbesserung vun der Lag, féiert. Zudeem sinn déi genannt Léisungsusätz no dräi Méint Reaktiounszäit eppes „bescheiden“.

Et wier also ubruecht, wann sech d‘Honoratioren a sonsteg privilegiéiert Membere vun dësem Verwaltungsrot kéinten derzou erofloossen, einfach emol direkt mat de Personalvertrieder an dem OGBL ze schwätzen. Datt d‘Mataarbechter fir den Ament kaum bis guer kee Vertrauen an déi bestoend Direktioun hunn, sollt jo mëttlerweil ganz verständlech zum Ausdrock bruecht gi sinn.

Wann ee sech als „Här“ opspillt

Säitens dem OGBL gëtt nach drop higewisen, datt déi schrëftlech dokumentéiert Aussoe vum Delegéierten Administrateur, Jeannot Berg a sengem Gesell, de Chargé de Direktioun Tom Wagner, och net wierklech zur Entspanung bäidroen. Si sinn net erfreet doriwwer, datt et Mataarbechter gëtt, déi d‘Situatioun esou wei si se gesinn, an der Ëffentlechkeet zur Aussprooch bréngen.

Esou hunn dës „Hären“ ugekënnegt, datt si juristesch géint alles a jidderee wäerte virgoen, déi sech ruffschiedegend an éierofschneidend géife behuelen. Ugrëff ass jo, esou wëll et een ale Sproch, déi beschte Verdeedegung. Allerdéngs kann ënner dëse Viraussetzungen d‘Vertrauen duerch en externe Vermëttler net méi hiergestallt ginn. Mat engem Rapport eleng kritt een de soziale Fridden net hin.

Laut der Gewerkschaft, läit dem Verwaltungsrot en Dossier vir, deen iwwert 400 Säiten déck ass, a vun demokratesch gewielte Personalvertrieder zesummegedroe ginn ass. D‘Fakte léichen also um Dësch, et misst een awer gewëllt sinn dat ze evaluéieren. Dat vill verlaangt vun engem elitäre Verwaltungsrot deen éischter gewinnt ass Problemer auszesëtze wéi dës am Dialog dann ze léisen.

Illustratioun: Wien de Wand séint, sollt sech beim Karschnatz op Stuerm astellen © Layne Lawson / unsplash

Ähnlech Sujeten Ateliere Kräizbierg, Féierungsstil, Fondatioun Kräizbierg, Grondrechter, Jeannot Berg, OGBL, OGBL Syndikat Gesondheet a Sozialwiesen, Tom Wagner
Nächsten Artikel Virrechten Artikel