Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vulture: dee Pechschwaarze vun Totenhopfen huet e ungareschen Akzent
over 60 dating sites reviews

Vulture: dee Pechschwaarze vun Totenhopfen huet e ungareschen Akzent

„Craft Beer“ steet hautdesdaags op ville Fläschen, an oft versprécht

christian dating advice attraction
https://moien.lu/radiometric-dating-means-placing-events/
over 60 dating sites reviews

Am digitalen Zäitalter wënscht een anescht

Der Famill oder de Frënn mëttels enger SMS zu Neijoerschdag

Jonk Konscht Triennal – Opruff zur Participatioun!
over 60 dating sites reviews

Jonk Konscht Triennal – Opruff zur Participatioun!

Als grousst Treffen a Plattform fir jonk KënschtlerInnen dréit déi

D‘Kooperatioun als Essenz vum Erfolleg

Fondatioun Kriibskrank Kanner huet de Bilan virgeluecht an de Bléck an d‘Zukunft geriicht

D‘Kooperatioun als Essenz vum Erfolleg

Nach virun engem Joer huet d‘Fondatioun Kriibskrank Kanner der Press säi Bilan an engem „Chantier“ presentéiert. Haut ass d‘Haus fäerdeggestallt, d‘Büroen, d‘Klassesäll, d‘Spill-Ecker, esouguer de „Restaurant“ a villes méi ass immens flott ginn. D‘Haus ass ongewéinlech Hell a faarwefrou an dat mécht hei ganz besonnesch Sënn.

An esou konnt d‘Direktesch Anne Goeres och mat vill Enthusiasmus a gutt encadréiert de Bilan vum vergaangene Joer an Ugrëff huelen. D‘Fondatioun huet 2019 insgesamt 229 Famillje begleet (26 méi wéi nach 2018). Bei de Kanner déi vun der Fondatioun ënnerstëtzt ginn, hunn 82% Kriibs an 18% eng sougenannt „seele Krankheet“ déi awer liewensbedreelech ass. Am leschte Joer goufe 35 „nei Fäll“ opgeholl. Dat sinn der 16 méi wéi nach 2018…

Fondatioun

© Martine de Lagardère/moien.lu

2019 war awer och den 30. Anniversaire vun der Fondatioun an den Alter ënnersträicht dann och d‘Notorietéit vun dëser Institutioun déi ganz variéiert Aktivitéiten ënnerhält an an dräi Secteuren eng ganz wichteg Roll iwwerholl huet. Als éischt ass do d‘Hëllef fir d‘Famillje während an no der Krankheet: Dat geet vu Berodung a Gespréicher bis hinn zum Hebergement vun den Eltere wann d‘Kand am Ausland hospitaliséiert ass, bis zum begläiche vun de Rechnungen.

Kanner déi zudeem net nëmme „medezinesch“ begleet ginn, mee natierlech och pedagogesch sollen encadréiert ginn. An dat betrëfft net eleng déi jonk Patienten, mee natierlech och hir Gesëschter, déi mat dëser Situatioun och ze kämpfen hunn. Den zweete Beräich, an deem d‘Fondatioun ganz aktiv ass: d‘Fuerschung. D‘Fondatioun huet 2015 ee Fuerschungsfong mat enger Dotatioun an héicht vun 3 Milliounen Euro ugeluecht, vun deenen 1,348 Milliounen an d‘Recherche gaange sinn.

Fondatioun

© Martine de Lagardère/moien.lu

D‘Fuerschung ass dann och ee ganz wichtegen Aspekt. D‘Anne Goeres huet hei nach drop verwisen datt sech d‘Fondatioun sech bis 2023 mat 1,5 Milliounen engagéiert, woumadder d‘Dotatioun vum Fonds eigentlech opgebraucht wier. Dat erkläert dann och d‘Noutwennegkeet fir d‘Fondatioun, sech no aneren Akommesquellen ëmzekucken, fir weider Fuerschungsprojeten op d‘Been ze stellen an ze realiséieren. Dozou gehéiert och déi zanter 2018 alljäerlech organiséiert Course „Lëtz Go Gold“.

Als drëtt Sail ginn all déi Aktivitéite bezeechent, déi zur Sensibiliséierung an Opklärung bäidroen. Dozou gehéiert beispillsweis hir Vältesdag-Aktioun am „schéine Stär“ wou jidderee sech eng Tut Kichelcher kann ofhuelen, ee Selfie „am Bus“ maachen a vläicht en „Häerz-Weekend“ mam Partner gewanne kann. Net esou siichtbar awer imminent wichteg: d‘Fondatioun geet och an d‘Schoulen, wou iwwert de Kriibs a seng divers Formen an Heelungschance geschwat gëtt…

Wat sech an der Gesellschaft ännere misst

Eigentlech ass et ee Widdersproch a sech, datt an enger Gesellschaft déi dank dem medezinesche Fortschrëtt d‘Liewenserwaardung enorm gesteigert huet, d‘Fuerschung beim Kanner-Kriibs an de seelene Krankheeten am grousse Ganzen, aus Grënn vun der Wirtschaftlechkeet, einfach net bedriwwe gëtt. Dat mussen dann anerer iwwerhuelen, an dozou zielt och d‘Fondatioun Kriibskrank Kanner, déi schonn dräi Projeten (een dovunner am Ausland) finanzéiert huet.

Fondatioun

© Martine de Lagardère/moien.lu

Ee Projet gëtt vun der Uni-Lëtzebuerg duerchgefouert. Heibäi geet et drëms d‘Ursaach vum Kriibs (bei de Kanner) am Zesummespill tëscht Pestiziden an dem Verdauungsapparat festzestellen. Ee weidere Projet, dee mam Lëtzebuerger Gesondheetsinstitut (LIH) an Ugrëff geholl ginn ass, betrëfft den Neuroblastom, dee mat bis zu 10% vun alle Kriibserkrankunge bei de Kanner déi drëttheefegst béisaarteg Neibildung duerstellt. Deem eppes entgéintzesetzen ass d‘Zil vum gemeinsame Projet.

Den drëtte Projet gëtt zesumme mat de Fransousen an de Belsch realiséiert. Hei geet em Kanner mat engem therapeuteschen Echec, déi a siwe Länner vun der Unioun Zougang zu oppene klineschen Tester erhale solle. Heifir huet sech d‘Fondatioun Kriibskrank Kanner mat Stëftungen am Frankräich an an der Belsch zesummegedoen. „Fight Kids Cancer“ soll e gesamteuropäesche Projet ginn. All Joer soll en neit Land opgeholl ginn, an 2020 wier dat Italien, 2021 Portugal.

Fondatioun

© Martine de Lagardère/moien.lu

De Grond heifir ass denkbar einfach: Fir d‘Fondatioun ass et schwiereg e Projet auszewielen, well si net iwwer all déi noutwenneg Informatioune verfüügt. Esou beispillsweis ob scho gefuerscht gëtt a wou, ob et wëssenschaftlech sënnvoll ass a wéi en Impakt dat alles op d‘Kanner huet. A well ee jo net eleng ass, huet ee gutt dru gedoen sech mat aneren zesummenzeschléissen. Dës „Aner“ hate jo och zimlech déiselwecht Problemer. D‘Prozedur zur Auswiel ass gläich där vun den Erwuessenen.

En Appell fir Projete gouf lancéiert a bis an den Abrëll hunn d‘Wëssenschaftler Zäit hir Virschléi anzereechen. Déi ginn da vun Experten analyséiert a klasséiert. Déi beschte Projete ginn da finanzéiert. Dat huet dee grousse Virdeel, datt ee méi cibléiert a strukturéiert mat de Finanze kann ëmgoen. Op dee vun der EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen annoncéierten EU-Kriibsplang (4. Februar) de Projete vun der Fondatioun entgéint kënnt léisst sech nach net soen.

Lëtz go Gold – Aschreiwung ab dem 15 Februar

Fondatioun

© Martine de Lagardère/moien.lu

Déi drëtt Editioun vum Vollekslaf „Lëtz go Gold“ fënnt de 26. September statt an ab ee Samschdeg kann ee sech um Site letzgogold.lu aschreiwen. 2019 haten sech eppes iwwer 700 Leit un dësem Laf bedeelegt an d‘Zil wier et, esou d‘Anne Goeres, dëst Joer „véierstelleg“ ze ginn. Alles wat een dozou wësse muss ass ausféierlech um Site erkläert.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Begleedung, Bilan, Fondatioun Kriibskrank Kanner, Fuerschung, Kooperatioun, Lëtz Go Gold, Sensibiliséierungscampagne
Nächsten Artikel Virrechten Artikel