Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

USA: Wéi d‘Russen d‘Demokraten ausspionéiert hunn
https://moien.lu/can-casual-dating-turn-into-a-relationship/

USA: Wéi d‘Russen d‘Demokraten ausspionéiert hunn

An de leschte Méint vun der Campagne zur Presidentschaft an

robert epstein online dating
https://moien.lu/can-casual-dating-turn-into-a-relationship/

Eng Ekotax fir all d‘Territoiren

Vill Stëmmen erhiewen sech, well et der zukünfteger europäesch Kollektivitéit

What the Fakt – D’Ierfgroussherzogin Stéphanie huet Gebuertsdag!
https://moien.lu/can-casual-dating-turn-into-a-relationship/

What the Fakt – D’Ierfgroussherzogin Stéphanie huet Gebuertsdag!

Um haitegen 18. Februar gëtt d’Ierfgroussherzogin Stéphanie vun Nassau 35.

30 Joer Fondatioun Kriibskrank Kanner

Pharmaindustrie a Fuerscher opfuerdert adequat Traitementer ze entwéckelen

30 Joer Fondatioun Kriibskrank Kanner

Säit elo dräi Joerzéngte steet d‘Fondatioun Kriibskrank Kanner, déi vun enger engagéierter Damm zum Gedenke vun hirem Mann, deen u Kriibs verstuerwen ass, gegrënnt gouf, am Déngscht vun de Kanner déi vu Kriibs oder enger „Weesekrankheet“ betraff sinn an hire Familljen. Gëschter gouf an dësem Kontext e klenge Bilan gezunn, en Ausbléck op d‘Zukunft an den neie Logo geworf.

De President vun der Fondatioun, Gaston Ternes, ass a senger Introduktioun op d‘Ëmbauaarbechten um Sëtz vun der Fondatioun agaangen. Noutwenneg Aarbechten, déi den Empfang an d‘Betreiung vun der Kanner an de Famillje verbesseren. An dësem Kontext huet de President e grousse Merci un déi Stroossener Gemeng geriicht, déi fir d‘Iwwergangszäit Raimlechkeete bereet gestallt huet.

Hei dann ee wichtege Message un all d‘Donateuren: d‘Aarbechten déi am „Haus vun de Kanner“ gemaach ginn, ginn iwwert e „Sponsoring“ finanzéiert. Done sinn ëmmer integral an exklusiv de Kanner virbehalen. De Gaston Ternes, huet sech et ech net huele gelooss, senger Equipp an de ville Benevollen, vir hiert Engagement Merci ze soen, iert hien der Direktesch d‘Wuert ginn huet.

Wéi féiert een esou e Jubiläum

Fir d‘Direktesch Anne Goeres, ass kloer datt de „Jubiläum“ an éischter Linn fir d‘Kanner eng Plus-value muss bedeiten. An do kënne scho Klengegkeeten derzou bäidroen: wéi beispillsweis de Logo. Säit enger gefillter Éiwegkeet ass de „Léiw“ d‘Symbol vun der Fondatioun, an dat ass keen Zoufall, deen hu sech d‘Kanner gewënscht, déi hien zackeg „Poldi“ gedeeft hunn. E gudde Choix…

Kriibskrank

Den Ausféierunge vun de Riedner ass opmierksam nogelauschtert ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

De Poldi, kritt als „Logo“ en neie Look verpasst, a ganz an der Moud vun haut: „Manner ass Méi“, eng éischter „minimalistesch“ Duerstellung zougewisen. Et ass selbstverständlech eng Saach vum „Geschmaach“ op et engem gefält, woubäi et an éischter Linn de Kanner hire Logo ass. Et ass dann an der Geschicht vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner, allerdéngs schonn dee fënneften.

Als weidert Jubiläumsgeschenk ass nieft der Maskottche Poldi, d‘Infrastrukturverbesserung scho genannt ginn. Et wäerten am Kontext vun dësem Anniversaire och eng Rei Evenementer gebuede ginn, zousätzlech zu den traditionellen Aktiounen a Feieren. Alles gouf awer gëschter nach net verroden. Et soll ee jo och eppes gespaant a virwëtzeg sinn op dat wat do nach op eis duer kënnt.

Firwat et wichteg ass

Interessant wann och leider net erfreelech: d‘Anne Goeres huet sech och ee puer Zuelen ugeholl, déi eis Opmierksamkeet gefuerdert huet. Statistesch betruecht, kritt 1 vun 300 Kanner virum 20. Gebuertsdag Kriibs. Hei gi ronn 60 verschidde Pathologien notéiert, an déi eenzeg gutt Nouvelle, ass de Fait, datt haut bis zu 80% vun de Patiente kënne „geheelt“ ginn. Et sollten der méi sinn.

Hei dann och den Hiweis, datt wa vun „Heelung“ rieds geet, et awer muss bedenken, datt gutt zweedrëttel vun de Patiente Sequellen hunn, mat deenen si op Liewenszäit ze kämpfen hunn. Dat fir ze verdäitlechen, datt d‘Fondatioun sech net eleng mat der Krankheet u sech beschäftegt, mee och no enger gudder Rehabilitatioun, weider mat de Kanner an hire Familljen zesummeschafft.

Kriibskrank

Wa sech de Logo och erneiert huet, esou sinn d‘Suergen an d‘Problemer nach ëmmer déiselwecht. Keng Hëllef, a wéi enger Form och ëmmer, ass onnëtz. Zudeem sollt ee dierfe bedenken datt all Euro zielt a wierklech fir dat agesat gëtt, firwat e geduecht ass. © Martine de Lagardère/moien.lu

An dat ass och déi alleréischte Missioun vun der Fondatioun: d‘Kanner an hir Familljen op dësem beschwéierleche Wee encadréieren a begleeden. Aktuell sinn et 199 Familljen. Am Schnëtt ginn all Joer tëscht 20 an 30 „nei Fäll“ enregistréiert, 80% dovunner si Kriibspatienten, déi aner 20% bezéien op sougenannte Weesekrankheeten, also ganz seele Pathologien, fir déi et kee Lobby gëtt.

Den Dout als stännege Begleeder

Wa vu Kriibs rieds geet, muss een och den Dout ernimmen, dee bei esou Pathologien als stännege Begleeder mat vun der Partie ass. 2018 huet et dann och dräi Doudesfäll ginn, an natierlech ass dat Leed wat esou ausgeléist gëtt onbeschreiflech. Fir d‘Famillje wéi fir d‘Equipp déi agebonnen ass. Mee statt de Kapp hänken ze loossen, bleift de Bléck ëmmer no vir geriicht, fir datt et weider geet.

An do si mir da bei engem Anne Goeres ukomm, datt och d‘Fuerschung als e Stéck vun der Léisung gesäit. Fuerschung déi an der „Welt vun Erwuessenen“ kee wëll finanzéieren. D‘Pharmaindustrie ass op maximale Profit ausgeriicht, an Traitementer fir Kanner gi vun deenen éischter als Verloscht bewäert. Dofir geschitt séier wéineg, a vill Behandlunge sinn net op d‘Butzen ausgeluecht.

Kriibskrank

Am Kader vum Bilan, huet d‘Directrice vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner, Anne Goeres, och nach emol op de nationale Service vun Onko-Hematologie (SNOHP), deen 2018 an der Kannerklinik (CHL) geschafe ginn ass. Et ass dat eng vun der Fuerderunge, déi d‘Fondatioun an den éischte „Plan Cancer“ vun der Regierung mat afléisse gelooss huet. © Martine de Lagardère/moien.lu

An der Pharmaindustrie – wéi generell an eiser moderner Gesellschaft – heescht „Verantwortung“ iwwerhuelen, Geld ausginn. Sozial a verantwortlech handelen, schéngen si hiren Aktionären net zouzemudden. Hei besteet „Zukunft“ aus blanken Zuelen, Kanner kommen do net vir. An dat gëllt direkt duebel esouvill, bei seelene Krankheeten, déi sougenannt Weesekrankheeten…

Alles muss ee selwer maachen

Elo ass net d‘Missioun vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner, sech mat der Pharmaindustrie unzeleeën. Wann et nëmmen eng Fro vu Goss ass, dee sollt sech fanne loossen. Dat festgestallt, kann ee verstoen, datt sech d‘Fondatioun decidéiert en eegene Fuerschungsfong ze schafen. An 2015 gouf dëse mat engem Betrag vu ganzer dräi Milliounen Euro an d‘Liewe geruff.

Fir 2019 ginn esou 566.000 Euro opgeruff, fir Projeten déi esouwuel am Ausland wéi och hei zu Lëtzebuerg duerchgefouert ginn. An dësem Kontext ass d‘Fondatioun och Member vun der Plattform „Accelerate“ déi all d‘Acteure vum „pediatresche Kriibs“ vereent. Hei ginn nei Strategie gesicht an ausgeschafft, fir d‘Medikamenter vun Erwuessenen un d‘Kanner unzepassen.

Kriibskrank

Méi wéi nëmmen e Slogan: „kämpfe wéi e Léiw“ fir d‘Kanner ass dat net einfach esou e Sproch dee bäileefeg genannt gëtt. © Martine de Lagardère/moien.lu

D‘Fondatioun, déi zu 100% vu private Spende gedroe gëtt, geet dann och nei Weeër fir un d‘Geld ze kommen, dat wierklech gebraucht gëtt. Esou de Spendemarathon „Lëtz Go Gold“ un deem 2018 bei der éischter Editioun iwwer 500 Leefer mat um Start waren. Si hunn eppes iwwer 275.000 Euro an d‘Kees „gelaf“ an dëst Joer soll de Betrag (28. September) bei der 2. Editioun verduebelt ginn

Politeschen Aktivismus

Wann eng weider Missioun doranner besteet Donateure vum „bien-fondé“ vun enger Spend ze iwwerzeegen, esou ass et net manner wichteg, sech de Réck och vun der Politik stäipen ze loossen. Wann een e Projet zum Erfolleg wëll leeden, an eisem Fall: d‘Begleedung an d‘Traitementer ze verbesseren, muss een och de politesche Wëlle mobiliséiert kréien. Dat ass nawell net einfach…

Zefridden ass d‘Anne Goeres, dat de „Plan Cancer“ vun der Regierung an de Maach ass, an d‘Directrice vun der Fondatioun geet dovunner aus, datt den Inhalt dovunner bis zum Summer misst bekannt sinn. Hei gëtt dann och den Drock héich gehalen, fir datt d‘Fuerderunge vun der Fondatioun Kriibskrank Kanner net nëmme berécksiichtegt ginn, mee och an de Plang afléissen.

Eng weider Revendicatioun déi Aussiicht op Erfolleg huet: d‘Schafe vun enger Palliativ-Plattform. Kléngt esou schlecht wéi et ass, mee ass imminent wichteg, an huet net zu gudder Lescht och eppes mam Respekt virun deenen dach oft ganz jonke Liewen ze dinn. Wann et dann elo och nach méiglech wier vum „Televie“ eppes fir d‘Fuerschung ofzekréien, wier et e schéine Jubiläumskaddo.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Anne Goeres, Fondatioun Kriibskrank Kanner, Fuerschung, Gaston Ternes, Jubiläum, Lëtz Go Gold, Poldi, SNOHP
Nächsten Artikel Virrechten Artikel